Enger ganzer Rei vun iech ass et wahrscheinlech scho bekannt: de Joël aka Fireball huet eng Sendung um Radio Ara mam Numm Crumble. Genau an där sin ech muer, Méindeg, den 28. Mee, och ze héiren. Tëscht 16 an 17 Auer (net déi voll Stonn natirlech, soss géing et langweileg ;)) schwätzen de Joël an ech iwwer nei Medien zu Lëtzebuerg – also Bloggen a Podcasten. Ausserdeem gett et d’Radiospremière vun der Bouneschlupp!
Ze kréien ass de Radio Ara op 103.3 an 105.2 MHz. Oder, fir déi Leit déi grad enzwouch sin wou ee keen Ara kritt, ganz einfach per Livestream.
Tune in!
Leave a Reply