This is going to be bombastic, literally.

Published on

in

Comments

  1. einfach genial!
    ech freen mech schon op muer!

  2. A no der Staffelfinale soll “Heroes: Origins” kommen, dat d’Zäit bis zur 2. Staffel iwwerbréckt. Do gin aaner Leit virgestallt an d’Spectateuren kënnen wielen, wéi eng Protagonisten an d’Serie mat iwwerholl gin oder sou ähnlech.

  3. Dat wier zwar cool. :))

    Boah wat war dat eng GENIAAAAAAAAAAL Folg! An endlech gett een dem Mr Bennet säi Virnumm gewuer. Noah kléngt iergendwéi cool. :D Ech hoffen just net dass d’Petrelli Bridder lo wierklech doud sin. :-(

    An deen Ufank vun Volume Two… WOHOOOOOOOOOOO! :D

  4. Ech mengen schon, datt do näischt mi ze retten ass. An dat mam Hiro hat ech mer scho baal sou eppes ähnleches geduecht, wi en am Staffelufank vun der Kensei-Geschicht erzielt huet.

    ‘t wor eng gudd Staffelfinale, mee keng sensationell. Ech mengen, dat wärt sech nach besseren. Mee lo sin ech mol op d’Staffelfinal vu LOST gespaant.

  5. De Peter ass vläit nach ze retten, an der Folg 5 years gone war hien jo och d’Bomm an hat awer iwwerliewt… Mee de Nathan ass wahrscheinlech wierklech net méi ze retten. :-(

    T’war imho zwar eng vun deene bessere Staffelfinalen. Se huet d’Froen beenwert déi se am Virfeld opgeworf huet. Dat kann ee vun de mannsten behaapten… De Kampf tescht dem Sylar an dem Peter war zwar net sou epesch wéi ech mer dat erdreemt hat, mee ech hun en trotzdeem gudd fonnt. Naja, de gustibus e de coloribus non est disputandum wéi et su schéin heescht. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *