Die von der FAZ

sind doch bestimmt keine dummen Leute. Ich würde sogar fast darauf wetten, dass man Journalismus studiert haben muss, um dort schreiben zu dürfen. Also warum zum Henker kapieren die Weblogs nicht?! Oder ist das nur das ängstliche, verständnislose Draufhauen der klassischen Medien auf die neuen Medien die sie ihrer Ansicht nach bedrohen? Das fände ich jedenfalls ziemlich armselig.

Published on

in

Comments

  1. Ech stemmen deem zu honnert Prozent zou,wat den Auteur geschriwwen huet. Dat ass et dach, wat mer man.

    Hues de den Artikel iwwerhaapt gelies?

  2. Thorben

    ech gi mol dLoftpompel fir d’Klagemauer sichen

  3. Si schreiwen, an der Blogosphär géing just iwwer Belangloses geschwat, fir dat souwisou keen sech intresséiert. De Probleem dobäi ass, si sichen no enger Top 100 vu Blogs an verkennen domatter komplett, dass et bei Bloggen guer net dremser geet ee Mainstream Medium z’erschaafen. Déi marginal Blogs sin gréisstendeels déi gudd. An d’FAZ wonnert sech dann, dass d’Top 100 déi am mannsten originell sin. Dobäi ass dat iwwerall esou. An den Charts z.B. fennt een an den Top 100 och normalerweis net grad déi originellste Wierker.

    Si kritiséiren, dass d’Blogger sech oft mat der eegener Szen auserneensetzen, wat ass dorunner schlecht wann eng Szen sech emmer erem selwer analyséiert, dat kéinnt de klassesche Medien och net schueden. Mee amplaz, dass d’Journalisten probéiren ze verstoen firwat iwwerhaapt ee Verlangen do ass no alternativen Informatiounsquellen, schloen se just op déi an. D’Zeitungen kéinnten sech och emol eng Kéier mat sech selwer auserneensetzen.

    Si behaapten, klassesch Journalisten géinge sech guer net fir Blogs intresséiren. Déi Leit vu BildBlog zum Beispill kommen awer aus den traditionelle Medien.

    Dann nennen se ee Blog vun engem doudege franséische Politiker, deen elo vun engem anere weidergefouert gett, an loossen d’Impressioun enstoen, Blogs wieren alleguerten esou absurd.

    Si soen, Bloggen wier de Contraire vu Journalismus. Dat heescht BildBlog, dee permanent Falschmeldungen opdeckt, ass kee Journalismus? Lawblog, deen emmer erem op skandaléis juristesch Praktiken hiweist, ass kee Journalismus? Wann Blogbar déi skandaléis Sécherheetsprobleemer em StudiVZ opdeckt, dann ass dat kee Journalismus? Wann de Jens Scholz déi dubiéis Machenschaften vun Euroweb opdeckt, ass dat kee Journalismus? Si soen, Blogger sollten sech emol mat Klimawandel oder der Politik auserneensetzen. Wann Pantoffelpunk d’Dateschutzpolitik vun der Regierung kritiséiert, beschäftegt en sech dann éiren net mat der Politik?

    Jo, ech hun den Artikel gelies. An et kennt mir esou fir ewéi wann se sech déi Beispiller erausgesicht hun, déi hinnen grad gepasst hun. Dat ass kee Journalismus, dat ass Meinungsmache.

  4. ech ka guernet sou seier obbloosen

  5. Wou gesäis du en Drophaen? Se schreiwen net, dass a Blogs nemmen iwwer Belangloses geschwat get, just haaptsächlech. An ech soen dir dat hei: mäi Blog ass absolut belanglos, däi Blog ass absolut belanglos, dem Thorben säi Blog ass absolut belanglos, dem Joël säin och. Déi marginal Blogs si meeschtens déi gutt? Déi marginal Blogs si Pittisblogs, déi nu wierklech net der Ried wäert sinn.

    Si (wee sinn Si eigentlech?) kritiséiren net, dass d’Blogger sech oft mat der eegener Szen aussetzen, se stellen et opgrond vun engem handfesten Beispill fest. D’Relevanz, resp. Irrelevanz vu Blogs ass effektiv en Thema bei eis (zemols bei dir), net méi an net manner.

    Zu de klassesche Journalisten kann ech der just soen, dass se jo awer d’Beispill vum BildBlog kloer erwähnen, an dass et quatsch ass iwwerhaapt deem ganzen zevill bäizemiessen. Mierks de net, dass villes iwwerspetzt duergestallt get? An net, well se e Schutzmechanismus géint déi grouss, wichteg Blogs uwenden, mee well se dem “klenge Brudder” an déi richteg Spur wellen verhëllefen. D’Schlussplädoyer vum Artikel ass, dass d’Blogs aus der Belanglosegkeet raustriede sollen. Et get net gesot, dat wäert hinnen nie geléngen, mee et ass quasi eng Opfuerderung.

    An natierlech ass Bloggen de Contraire vu Journalismus. Bloggen ass zu 99,9 % eng perséinlech Affär, eng subjektiv Duerstellung vu sech selwer oder deem wat ronderem geschitt. Super, du ziels 4 Beispiller op, vu Blogs, déi investigativ (wat jo net wierklech journalistesch Aarbecht si muss) Aarbecht geleescht hunn, a gesäis domadder hiert Beispill als widderluecht un. Da soen ech dir: mäi Blog ass net journalistesch, dem Grommel säin net, dem Thorben säin net, dem Meris säin net, dem Leti säin net. Zack, ech hunn ee méi wéi s du. Probéier mech ze toppen, ech kann zréck schloen. Ausnahmen bestätigen die Regel, Frënd.

    Hal dach w.e.g. op, dech wéinst sou Artikel ugegraff ze fillen. Den Artikel ass gutt geschriwwen, anscheinend recherchéiert an äusserst interessant. Et get néirens op Blogger dropgehaen, et get just provokativ geschriwwen, wat absolut legitim ass. Amplaz d’beleidegt Liewerwurscht ze spillen, sollts de vläicht dech um Rimm rappen an eppes géint déi Belanglosegkeet ennerhuelen, och wann s de net denks, dass et se get.

    Blogger bloggen, Blogger liesen, wat Blogger bloggen a Blogger kommentéiren op dat wat Blogger bloggen. Soss numol kaum een. Akzeptéier et.

  6. Zitat vum Schlussplädoyer:

    Es wäre an der Zeit, dass sich im langen Schwanz der deutschen Blogs auch Partikularinteressen jenseits von Alltag und Technik einnisten; dass sich ein paar Blogger finden, die sich nicht nur an Kochrezepten und Youtube abarbeiten, sondern an abseitigen Themen wie dem Klimawandel, dem Theater, der SPD oder der deutschen Außenpolitik. Das heißt: Wir haben dann in den Top 100 doch noch ein Blog gefunden, das sich mit der Welt beschäftigt und mit dem Leben, ein Blog, dem Reflexionen über das Medium so fremd sind wie die Angst vor der Irrelevanz. Es liegt momentan auf Platz 19 und berichtet von den Abenteuern eines Eisbären im Berliner Zoo. Von einem “Long Tail” hat der noch nie was gehört.

    Dat ass net gudd recherchéiert, well där Blogs déi sech mat méi weltrelevanten Themen beschäftegen gin et scho längst. Dass déi net an den Top 100 sin, ass net d’Schold vun de Blogs, mee well déi breet Mass déi duerch den Internet surft léiwer hier zwou oder dräi fix Säiten usurft an sech dann mat Google ameséiert a keen Intressi verspiert, sech och online mat de Probleemer vun der realer Welt ze beschäftegen. De Blogs firzewerfen dass se iwwert de Knut schreiwen ass och absolut absurd, déi klassesch Medien sin och wochelaang domatter iwwergelaaf. Si kéinnten dem Medium méi hellefen relevant ze gin, andeems de d’Leit drop hiweisen, dass et ganz wuel Blogs gin déi sech kritesch mat der Politik auserneen setzen, Bicherkritiken schreiwen, iwwer Kulturereegnisser schreiwen, amplaz de Leit just ze soen dass et souwisou net dowert ass ee Blog ze liesen.

    Ech wollt net soen, Bloggen wier Journalismus. Ech wollt just drop hiweisen, dass si déi Beispiller déi duerchaus kéinnten als Journalismus (wann och “nemmen” investigativen) opgezielt gin, einfach ignoréiren.

    Ech fille mech net ugegraff, ech si mir och duerchaus bewosst, dass méi Blog net d’Welt ännere wert. :-) Mee ech fannen et trotzdeem esoulues e bessen traureg, dass déi traditionell Medien nach emmer net verstin, dass et beim Bloggen guer net dremser geet eng FAZ z’ersetzen. Mee d’FAZ behandelt Blogs awer esou ewéi wann et dat klengt Kand wier wat dono strieft sou eng grouss Informatiounsquell wéi eng Dageszeitung ze gin an dat awer ni schaffe wert. Si erkennen zwar kuerz, dass et bei Blogs em Nischen geet wou ni iergendee Mainstreammedium drun erukennt, mee dann werfen se de Blogs dat och direkt nees fir. T’gin och bei den Zeitungen der, déi se emol kéinnte kritiséiren. Firwat huelen se net eemol eng Kéier d’Bild Zeitung auserneen, do gett wäitaus méi Blödsinn an Irrelevantes verzaapt wéi a sou muenchem Blog.

    Ech froen mech just, wisou déi klassesch Medien emmer an emmer erem sech iwwer Blogs opreegen? T’kennt mer e besse fir wéi ee Kampf tescht de Generatiounen, an déi aal sin net gewellt anzegesin dass do eng generatioun mat ganz neien Ideen a Virstellungen eruwisst. Ech verstin jo och déi Angscht vu Journalisten iwwerflësseg ze gin, mee dat gin se net. Si musse just e bessen emdenken a léiren mat de neie Medien emzegoen. Wisou bloggen eigentlech Journalisten esou wéineg, do kéinnten se jo dann z.B. all déi Saachen lass gin, fir déi an der Zeitung keng Plaaz war? Wann si wellen, dass d’Blogosphär sech ännert, sollen se sech aktiv bedeelegen, a net vun uewen erof driwwer laachen, dass déi Blogger sou komësch Saachen schreiwen.

    D’FAZ lauschtert sech déi zeng meescht gespillte Lidder um Radio duerch an reegt sech driwwer op, dass dat alles sou blöd kléngt. Géingen se sech d’Méi maachen, e puer Lidder ze sichen déi net um Mainstreamradio laafen, géingen se séier feststellen, dass et duerchaus Musék gett déi dowert ass ze lauschteren. Dat wier wéi wann se géingen RPR1 lauschteren an dann zur Konklusioun kommen dass Radioen schiel sin, an sech guer net d’Méi maachen zum Beispill Deutschlandradio ze lauschteren. Dat sou als Pseudo-Analogie. :)

  7. Ech menge, mer sinn eis einfach eens, dass mer eis net eens sinn. An dann ass gutt.

  8. Serge

    Ech well och matmaan :D
    Mol am Eescht är zwou Meenungen an Eieren, ech hun den Artikel lo iwerflunn an mier drängt sech d’Fro op : wat well den Auteur fun deem Artikel ons eigentlech matdeelen ?
    Et ass weder eng Abhandlung fierwat gebloggt gett nach eng richteg Kritik (a mengen Aan), fillmei ass et eventuell eng perseinlech Aschätzung gespickt mat puer mei objektiven Informationen. Kuerz gesot fannen ech deen Artikel an sech och relativ belanglos an kinnt mer deen grad sou gutt op engem Blog fun dem Journalist do fierstellen.

  9. Ech haat eigentlech opgehaal den Artikel ze liesen wéi ech gelies hun daat mir der all 30 sin, en Baart hun an besis iwergewiicht hun. Illustreirert waar daat mam Beispill vun der Ofspeckgeschicht vun engem gewessen immens coolen an furchtbaar “hippen” Colablogger.

    Ech hun den Artikel lo awer färdeg gelies.
    An daat mat den Charts stemmt jo mol deelweis net. Wann ech bei Nerdcore en Artikel wéi “Rage” liesen, wou den René wirklech intim Geschichten ziehlt, ass do vun Diskusioun iwer Technik an de Blogklomp keng Spuer. An ech mengen den Thierry huet och schon genuch Beispiller dofir bruecht, daat et net nemmen onjournalistesch, onpolitesch, etc. Bloggen ged.

    Mir sin absolut belanglos? A be merci, wiesou hun mir dann Lieser? All Blogger huet Lieser déi NET bloggen, an ech denken déi anoynm “Schwarzleser” maachen oft en groussen Deel vun de Lieser aus.
    Mir sin belanglos? MIR waren op der Titelsait vum Wort. Mir hun secherlech keen klengen Undeel dorunner, daat Blogdelux eng Totgebuert ass. An daat nenns du belanglos?

    Jo, mir sin 10000 mol méi kleng wéi RTL. Jo an? I give a shit on it! D’FAZ huet 1000 mol méi lieser wéi ech? Jo an? I give a shit on it! Ech kreien deelweis innerhalb vun Minuten en Kommentar, eng perseinlech Reaktion, ech kann eng Relatioun mat mengen Lieser opbauen, ech leiren Leit kennen, an ech liesen wonnerbar Saachen. An daat huet FAZ net verstaanen: Daat d’Leit net aus Domheet bloggen, mee well se Spaß drun hun.

  10. Kann ech esou ennerschreiwen. :-)

    Kann déi “Schwaarzlieser” och bestätegen (och wann deen Ausdrock mer net gefällt, dat kléngt wéi wann et illegal wier just matzeliesen). Wann ech mer meng Logdateien ukucken, déi stëll Matlieser maachen 90% vun menge Visiteuren aus.

  11. Zu dësem Thema hat ech mol viru Méint an dem exzellente Land-Feuilleton “Chronique Internet” vum Jean Lasar en Artikel gelies, deen effektiv d’Drockerschwäerzt wäert war déi dofir benotzt ginn ass.

    Den Artikel deen den Thierry hei kommentéiert hunn ech lo net méi ganz gelies, well den Ufank vum 2. Abschnitt (vum FAZ-Text) mir eigentlech scho weist, dass ech deen Artikel net eescht huele kann well e menge perséinleche Lieser-Standards wat eng gutt journalistesch Aarbecht ausmécht einfach net entsprécht. Ech baséiere mech an dëser dach séierer Bewertung op di Kommentaren hei driwwer, déi ech all ganz gelies hunn.

    Ech gesinn d’Saach mat deem Artikel sou wéi de Serge: dem Harald (:-o) seng Gedanken géife besser an e Blog wéi an d’FAZ passen, well dem “A” entspriechen se absolut net. Vläicht entsprécht dofir awer d’Bezeechnung “Nerd” dem Harald. Wann net, dann ass et jo och vläicht eng ganz subtil Art a Weis vum Harald fir sengem eegenen Drang zum Bloggen fräie Laf ze loossen, wat säi Chef him net erlaabt. Nujee, mir wäerten et net gewuer ginn, mä ass et wichteg? – “A chacun sa merde” sot den Dédé de la Meynaude beim Pastis (http://la.meynaude.free.fr/) ;)

    Wichteg dogéint fannen ech de Fait dass e Blog vill méi lieweg ass wéi e Print-Medium. Ech bedreiwe mëttlerweil 3 Blogs méi oder manner regelméisseg, géif mech vun dohier awer net als Blogger bezeechnen, ech liesen a kommentéiere wahrscheinlech méi an der Lescht wéi dass ech op mengen eegene Blogs d’Säite mat Text fëllen. Sinn ech deemno éischter Lieser a Kommentator? – Déi Fro ass fir mech belanglos, ech géif mech einfach als e Mënsch beschreiwen deen di nei Medien net nëmme passiv benotzt.

    Ass vläicht iergendee vun deene Blogs wou ech eng Spur a Form vun engem Kommentar hannerloosse belanglos? – Fir mech op jidde Fall net, soss géif ech bestëmmt net an d’Taste klappen mä mech direkt mat der Maus viruklicken.

    Meng Kommentarer si jo vläicht belanglos fir anerer, wann net drop réagéiert gëtt kinnt een dat jo mengen. Muss dann op all Kommentar reagéiert ginn? – Wuel kaum, Punkte musse gesat ginn, wéi kënnt ee soss weider?

    Tselwecht mat den onkommentéierte Posten. Muss an engem Blog all Post e Feedback kréien? – Vläicht fir en Indice ze hunn wéi lieweg de Blog ass. Mä vu wéineg Kommentaren aus op Belanglosegkeet ze schléissen heescht ignoréieren, dass dee Moment wou en Auteur/Contributor op “Submit” klickt, hien/hatt eng Décisioun geholl huet, ass eng Décisioun huele belanglos? – Nihil fit sine causa.

    Mäi “Schlussplädoyer”: Mech impressionéiert wéi di Meenungsverschiddenheet tëscht dem Chris an dem Thierry “ad acta” geluegt gett an dem Fireball säi Statement (“I give a shit on it!” – schon eleng well et mech un dem Dédé säi Saz erënnert huet :D). Dem Harald säin Artikel dogéint impressionéiert mech net. Belanglos? – Vläicht. Vläicht och net.

  12. Top! Setzen ech meng Ennerschreft och direkt drënner. :)

  13. Ma ech och :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *