Skip to content

De Bommeleeër

Op egalwaat.lu hun ech grad gelies, dass et elo och ee YouTube made in Luxembourg gett, Podium.lu. Op een elo eng weider Kopie vu YouTube brauch sierf emol dohigestallt Hier Conditiounen sin zwar absolut onvertriedbar (soubaal een eppes eroplued iwwergett ee sämtlech Copyright Rechter u Podium), mee wat ech wierklech cool fannen ass, dat do Leit offensichtlech dobäi sin eng Serie em de Bommeleeër ze dréien. Den Trailer gesäit op alle Fall schon emol exzellent aus!

13 thoughts on “De Bommeleeër”

  1. Ech fannen podium huet ziemlech krass Conditiounen waat d’Rechter unbelaangt. Souwait ech wees huet myspace manner rechter op mp3en do wéi sie un de Filmer, an daat fannen ech ziemlech krass.
    Déi Leit déi daat maan sin iwregens déi vum Zombiefilm.

  2. Jo, dat mat de Conditiounen hat ech och scho gemierkt, ech lueden op alle Fall näischt do erop. T’iwwergett een eigentlech sämtlech (Copyright) Rechter un Podium soubaal en eppes eroplued. Dat ass effektiv ee staarkt Stéck.

    Déi Idee fir eng Serie em de Bommeleeër ze dréien fannen ech trotzdeem witzeg. ;) An am Géigesaatz zum Zombiefilm gesäit hei den Trailer zumindest awer emol aus ewéi wann een deem ganze kéinnt eng Chance gin. :)

  3. aaaaaaaah schon rem sou een player deen standart oofspillt amplatz ze warden dass ee play dreckt :D hellef
    geseit witzeg aus :D

  4. De Contenu ass zu 99% vun youtube. An hiren eegenen Player spillt net nemmen direkt, mee en huet och déi domm ugewunescht, op “repeat” ze laafen. An normalerweis well ech en Film awer nemmen eng Keier kucken, keng 300 (hahaha!) mol.

    Hiren Trailer gesait effektiv gudd aus. Ech mengen och daat den Zombie Film méi en “jux-projekt” waar oder sie sech eben vill gebessert hun.

  5. Ech hu mer elo mol de Code ugekuckt, hat dee firdrunner einfach just séier kopéiert. Elo spillt de Player weder automatesch, nach widderhellt en de Video, nach ass dee blöde Logo vu Podium.lu dran.

    Wat ech mech zwar froen wann 99% vu YouTube kennt, huelen se sech dann do och direkt d’Rechter un de Videoen?! Hieren borderline-illegal Conditiounen no misst dat jo dann eigentlech de Fall sin

  6. Hier “Conditiounen” sin effektiv krass. Dat ass jo wéi wann een dem Däiwel seng Séil verkeeft. Obwuel, et giff mech net wonnren wann dat net wierklech lo dodranner steht.

    An ech hun Zombiefilm awer witzeg fonnt :) Et war eben Ober-Trash, sou wéi ech mer et erwaard hun. Mee wann een dorobber agestallt ass, kann dat och ennerhaltsam sinn :)

    Dat Beschten aus dem Trailer fannen ech iwwregens déi Szene wou den Polizist den Flictionnaire raushëllt, einfach top! :)

  7. Déi Zeil “De Bommeleeër erkennen mer dorun, dass en eng Bomm bei sech dréit.” an dann deem anere Flic seng Schnëss wéi wann en elo do eng Erleuchtung gehat hätt ass zwar och top. :)

  8. Salut wollt just matdeelen dat mir bei Podium.lu kengen d’Rechter u sengen Filmer Photoen Audioen etc wëllen weghuelen.
    Et ass eis just drëm gangen d’Recht zu hunn dëss Medien am Kader vun eisem Site ze benotzen.
    Wei giff dir da virschloen wei mir dee emstrittenen Punkt sollen ëmenneren

  9. Schreiwt et zum Beispill wéi bei YouTube explizit an d’Notzungsbedengungen, dass een sämtlech Copyrightrechter behällt?

  10. Ech mengen dat war/ass effektiv de Probleem, dat mir net explizit dra geschriwen hunn, dat Copyrightrechter beim Uploader bleiwen. Et steht awer, wann een dann den Text richteg duerchliest och net dran, dat mir Copyrightrechter kréien.

    Mee mir waerten dat dann ewei bei Youtube genau draschreiwen.

    Iwwregens kann a soll ee jo bei Podium.lu och just de Link vum Youtube(Myvdeo,Clipfish,etc)-Video aginn. Sou ass ee natierlech just un deenen hir Conditiounen gebonnen.
    Mir spueren och doduercher Trafic :-)

    Mat beschte Gréiss

  11. Dat wier awer eng Fro vun der Ausleeung gewiecht well der iech jo awer (verständlecherweis) relativ vill Rechter araumt wat der dierft am Kader vum Site mam Video maachen. A sou Grozonen hu mech nach ni iwwerzeegt. :)

    A merci fir déi Kloërstellung bezüglech YouTube et al. Videoen.

  12. Mir hunn eisen Disclaimer geännert an nach méi kloer gestallt.

    Am Prinzip hu mir lo Copyright-méisseg de selweschten Text wei Youtube.

    Wann elo nach Fehler oder Bemierkungen wéins dem Disclaimer sinn, kenn der eis op info@podium.lu Bescheed soen.

    Iwwregens waert an der nächster Bommeleeer-Episod ee Letzeboyer-Blog firkommen. :-)
    w.e.g. naischt weidersoen :-)

    Bis dann

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *