Gett Zäit, dass ech emol erem CDen emfeelen. Soss hun ech um Enn nach ee schlecht Gewessen, dass ech iech no gudden Albumer froen a selwer keng méi emfeelen. Hei dann ee kuerzen Iwwerbléck wat an den leschte Wochen esou a meng Sammlung dobäi koum, méi detailléiert Kritiken wann ech Zäit a Loscht hun.
Michael Bublé – Call Me Irresponsible
Am allgemengen net sou gudd wéi säi leschten Album, dofir sin déi gudd Tracks “Wonderful Tonight” an “Dream” awer emsou besser. Héichpunkt vum Album: “Lost”.
Bewertung: 6/10
Black Rebel Motorcycle Club – Baby 81
Dat éischte Lidd ass ee Reinfall, den Album fänkt eréischt mat deem zweete Lidd sou wierklech un. Dat ass entäuschend, mee “Berlin” rockt dofir awer emsou méi. Den Album verléiert leider séier u Schwong an déi méi roueg Lidder plätschere méi dohinner ewéi originell ze sin. “All you do is talk” ass kee Meeschterwierk, täuscht awer trotzdem e bessen iwwert d’Schwächten vum zweeten Deel vum Album ewech. Bref, vun BRMC hätt ee sech kennen ee besseren Sophomore Album erwaarden. Mee si si wuel nemmen dat leschten Opfer vum Second Album Syndrome.
Bewertung: 5/10
Public Symphony – Public Symphony
Schon e besse méi laang dobaussen (zanter zwee Joër), mee trotzdeem ee staarken Album. Intressant Kläng, Progressive Rock, Air gemëscht mat Rob Costlow. Kuerz, ee vun de beschten Albumer aus den Noughties. Erausstiechend: dat zweet Lidd “Stronger”. Et versprëcht ee gudden Album, an dee kënnt och gréisstendeels no, kann awer leider net mat “Stronger” mathaalen – vläit hätten se dat Lidd um Enn vum Album sollte spillen.
Bewertung: 8/10
Hanson – The Walk
Dräi Joër drop gewaard, an d’Waarden huet sech gelount. Dräizéng Lidder Indie Rock vum Allerfeinsten. “Great Divide”, “Georgia”, “Tearing It Down”, fir nemmen e puer vun den Highlights ze nennen. Inspiréiert Lyrics, originell Melodien, iwweraschend Ouerewierm. Hanson rockt.
Bewertung: 9/10
Barenaked Ladies – Are Men
Dee leschte Coup vu menger léiwster kanadescher Band. Alternative Rock mat gudden Texter an allgemeng och flotte Melodien. Ee gesonde Schotz Comedy dierf bei BNL natirlech net feelen a mécht dat ganzt zu engem gelongen Nofolger vum Album “Are Me”.
Bewertung: 7/10
Hey merci :) kann een sech mol rem inspireieren lossen.
zu BNL du hues jo secher matkritt dass den guitarist akkustik versions fun engem ganzen Koup Lidder op youtube post ? sich einfach no BNL an bathroom sessions falls de se na net fonnt hess
Du wees schon, dass et schon de véierten Album vum BRMC ass?
Verdammt. Wousst ech effektiv net. Dat mécht et dann zwar nach méi enttäuschend…
Ech hunn en na net héiren, mee wann en nach méi enttäuschend ass, wéi den drëtten, da kënnt et och net dozou.
Naja “Berlin” rockt wierklech, an “All you do is talk” ass och net allzeschlecht, mee allgemeng fannen ech ass en d’Suen net wert. Bei dem éischte Lauschtren war ech nach begeeschtert, mee wann een e bis zwee, dräi mol gelauschtrt huet ass en eigentlech just nach langweileg. T’feelt einfach u Substanz…