To provide the best experiences, we use technologies like cookies to store and/or access device information. Consenting to these technologies will allow us to process data such as browsing behavior or unique IDs on this site. Not consenting or withdrawing consent, may adversely affect certain features and functions.
The technical storage or access is strictly necessary for the legitimate purpose of enabling the use of a specific service explicitly requested by the subscriber or user, or for the sole purpose of carrying out the transmission of a communication over an electronic communications network.
The technical storage or access is necessary for the legitimate purpose of storing preferences that are not requested by the subscriber or user.
The technical storage or access that is used exclusively for statistical purposes.
The technical storage or access that is used exclusively for anonymous statistical purposes. Without a subpoena, voluntary compliance on the part of your Internet Service Provider, or additional records from a third party, information stored or retrieved for this purpose alone cannot usually be used to identify you.
The technical storage or access is required to create user profiles to send advertising, or to track the user on a website or across several websites for similar marketing purposes.
Wiesou “Take that”? ;-) Fir mech gesait et esou aus wéi wann op déi Kritik angaangen wier… waat ech eng gudd Saach fannen. Ob daat lo aus eegenen Iwerleeungen oder och deelweis weinst dem Drock vun Greenpeace kennt, ass eigentlech egal, haaptsaach et geschidd eppes.
Emsou besser dann.
“Take that” well de Witz bei deem ganzen ass, dass Greenpeace sech lächerlech gemaach huet: si fuerederen vun Apple lauter Saachen, déi gréisstendeels scho längst emgesat goufen, während se aner Firmen déi genausouvill oder méi Knascht produzéiren mat Rou loossen.
Greenpeace ass ee Witz. Déi jäizen just nach, fir dass d’Leit matkréien dass et si nach gett a weider un si spenden. Si rappen guer näischt em. A wann se dann eng Firma mat enger grouss ugeluechter Campagne ugräifen, geet de Schoss no hanne lass, an si kréien als Enwert si sollten hier Fakten emol nach eng Kéier checken. (Dat steet nämlech tescht den Zeilen: Haalt de Baak, well dir hutt keng Ahnung wat tatsächlech leeft.).
Jo, Greenpeace ass e Witz. Mee fier eppes si se trotzdem emmer gudd, an dat ass d’Leit op d’Emwelt opmierksam ze maachen. Einfach nemmen opmierksam ze maachen. Iwwer de Rescht léisst sech streiden.
Ween lo schlussendlech bei där Saach Recht hat, Greenpeace oder Apple, kann ech natierlech net soen. Mee wann dat stemmt, wat an deem Artikel do steet, dann ass dat jo nemmen ze begréissen. Wichteg fannen ech awer och, dat Apple sech lo net wäert 5 Joër dorobber ausrouen, à la “Lo hu mer jo nees eppes gema, lo kenne mer nees eng kleng Paus maachen”.
Wann Apple zwar eppes net mécht zanter den Steve Jobs zeréckkoum, dann ass et sech op der Vergangenheet ausrouen. ;)
Dat stémmt, ech hun dat och éischter alleng op d’Emweltfro bezunn … :) Well et ass jo emmerhin net hier Haapt-Geschäftsfeld emweltfrëndlech ze sin.
Dann hat ech zevill an däi Saatz interpretéiert. :) Apple (allen firun dem Jobs) geet et haaptsächlech drem, no bausse gudd do ze stoen, wann dat heescht emweltfrendlech sin, maachen se dat Spillchen eben och mat. Apple muss déi clean Mark bleiwen un déi déi aner ni erukommen, well domatter verkaafen se hier Produiten. ;)
Daat ass zwar bessi Schued, daat en “net mol vun Apple” esou eppes wéi en sozialt/ökologescht Gewessen erwaarden kann. Mee bon, wann se mat “Imagepflege” déi selwescht resultater ereeschen wéi soss, emsou besser. Soulaang et net nemmen “greenwashing” ass…
Et ass emmer gudd, wann et der ginn déi jäitzen. Dann ginn die aner opmanst waakreg.
Et kann een iwwer Greenpeace denken wéi ee well, ech gesinn et sou wéi de federico.
Interessant wier awer mol ze wessen, ob de Steve Jobs sech selwer iwwerhaapt zu Wuert gemellt hätt, wa Greenpeace net hir Kampagne fir méi gréng Apple gestart hätt. Dat war virun engem halwe Joer, also eng hallef Éiwegkeet an der IT-Branche.
Wann Apple wierklech schonn sou emweltbewosst geduecht huet wéi den Jobs dat lo duerstellt, da froen ech mech firwat virdrun nach ni en Accent drop geluecht ginn ass.
Beispill CRT-LCD: domat bretzt sech Apple scho méi laang, allerdéngs éischter fir den Technologie-Virsprong ze ennermaueren wéi de Problem mam Bläi aus der Welt ze schafen (respektiv ze verlageren).
An dann d’Argument, dass et net d’Art a Weis vun Apple ass, fir Saachen am viraus erauszeposaunen, dat ass ganz einfach bëlleg.
Fir mech ass dee Virstouss vum Jobs souwisou nemmen geduecht fir sech de schéine Männchen ze maachen bei de potentielle Clienten. Een deen iwwerzeegten Apple-User ass, dee benotzt och weiderhi säi Mac, souguer nodeems Greenpeace de Leit virun Aen gehalen huet, wéi wéineg gréng deen Apparat ass. Vun dohier braucht hien net ze fäerten, dass en di bestehend Clienten z.B. un HP verléiert, well déi vu Greenpeace als méi gréng duergestallt ginn. Eng Saach vun Image eben, ee vun den Haaptpfeiler vun der Apple Success-Story, an net onbedéngt eng Prinzipiesaach.
Ech fannen Greenpeace bléisst awer och vill waarm Loft. Jäizen ass gudd, mee an desem Fall hu si sech einfach een eenzegt schwaarzt Schof gesicht, an vun deenen anere gouf guer net geschwat.
Firwat hätt en sech sollten zu Wuert mellen, wann Greenpeace net reklaméiert hätt? Dann hätt et jo kee Mensch intresséiert.
Apple ass net emweltbewosst (behaapten ech elo mol). Mee: hier Mark ass eng Designermark, an zu Design gehéiert et och emmer besser Materialien ze benotzen, dat bréngt also indirekt een Emweltschutz mat sech. Dass dat sech elo no baussen gudd als gréng verkaafe léisst, ass just ee Bonus fir Apple. Genee aus deem Grond bretzt sech Apple och wéinst dem technologesche Virsprong a net wéinst dem Emweltschutz.
Dat Argument, dass et net d’Art a Weis ass vun Apple Saachen am Viraus unzekennegen ass net belleg, t’ass Fakt. Apple mécht scho laang ee grousst Geheimnis draus wat se fir d’Zukunft plangen, a wien de Baak opdeet an Infoen un anerer weidergett, gett ugeklot a flitt eraus.
Jo, ech sin iwwerzeegten Apple User. Net wéinst dem Jobs, dat ass ennert senger charismatescher Oberfläch nemmen een houere Kapitalist, mee well hieren Design verdammt gudd ass. Ech géing d’Emwelt net méi schützen, wann ech mer géing een Dell PC kaafen. Stemmt awer, den Image ass ee wichtegen Bestanddeel vun Apple. Mee eigentlech vun all Firma. Soss géingen HP an Dell net scho méintelaang ukennegen, si géingen méi gréng gin. Den Jobs ass eben just deen, deen am schlausten op den Zuch opgesprongen ass. :)
Ech wollt just nach soen dat et och definitiv net wouer ass, dat Greenpeace eenzeg an alleng op Apple geschloen huet. Op der Säit vun hierer Campagne, [1], gin och e ganze Koup aner IT-Firmen beschëllegt. No de Rechnungen vun Greenpeace ass Apple awer déi Firma, déi am schlechtesten ofgeschnidden huet. An op hierem Ranking vum 3. Abrëll 2007 [2] ass Apple nach emmer op Plaatz 14 vun 14 (Lenovo ass zB an der Zäit vun 6 Méint vun der läschter Plaatz op di éischt geklomm!).
Dat Ganzt nemmen als Zousaatzinfo.
[1]: http://www.greenpeace.org/apple
[2]: http://www.greenpeace.org/international/campaigns/toxics/electronics/how-the-companies-line-up
Deem ass näicht méi zouzefügen, Fede.
Dat heescht, wann eng Firma Greenpeace versprach huet sech ze besseren, koum se méi wäit no fir, och wann se momentan nach lauter toxesch Substanzen benotzt.
Trau kenger Étud déis de net selwer gefälscht hues.
Genau dat seet onsen Eco’s Proff ons och emmer.
Mee du schengs Apple jo awer och blann ze trauen (soss häss de deen Artikel hei jo net geschriwwen?).
Ech hätt och léiwer, mäi Mac wier ganz gréng. :) Ech trauen Apple net blann. Mir fällt just op, dass et an där Étude vu Greenpeace do louche Kriterien gin fir wäit fir ze sin. An dass et zimlech paradox ass, dass eng Firma wäit fir ass just well se versprécht si géingen sech besseren, amplaz dass einfach äiskaal gekuckt gett wéi eng Firma wéi eng Substanzen benotzt. Elo. Haut. An deenen Apparater déi aktuell an de Regaler stin. Vläit géing Apple do besser ofschneiden, vläit och net. Mee d’Resultat vun der Étude wier wäitaus méi relevant. Sou ass et nemmen lächerlech. Schwätz Greenpeace schéin, a si soen der Öffentlechkeet du wiers eng gréng Firma. Dat ass dach de Geck mat de Leit gemaach, nee? An dofir mécht Greenpeace dann Milliounen Spenden drop. Déi Organisatioun huet sech selwer an den Doud gesteiert. Léist se op, fänkt erem vu fir un, a sidd des Kéier serieux.
Wéi soll eng ONG, mat awer relativ begrenztem Budget fier spezifesch Projekter, dann och soss sou en Score opstellen, ouni sech op öffentlech Angaben fun de Betriber ze stëtzen?
Ech gleewen kaum dat d’Firmen Organisatiounen wéi Greenpeace mat oppenen Äerm empfänken an se dann duech hier Produktiounshalen féiren wou se sech dat ganzt kennen ukucken – och Apple giff dat sécher net maachen.
An fier déi ganz Gamme vun den Produkter vun all de Firmen opzekaafen, an se dann selwer z’ennersichen, dofier ass jo ganz offensichtlech kee Geld do.
Wat bleift also iwwreg? Öffentlech Informatiounen. Natierlech ass dat ganzt dowéinst mat Viersiicht ze genéissen. Mee trotzdem fällt et iergendwann op, wann eng Entreprise eidel Verspriechunge mécht, an sech an der Realitéit näischt deet. Well trotzdem mescht och Greenpeace bei hierem Rapport heiansdo richteg Tester:
“Each score is based solely on public information on the companies website. Companies found not to be following their published policies will be deducted penalty point in future versions of the guide.”
Ech drecken heimat definitiv net meng Sympathie fier Greenpeace aus, mee ech well domat nemmen ennermauren dat Apple sech – a mengen Aen – hier schlecht Plaatz trotzdem awer iergendwéi verdengt huet.
A vun der Ecologie mol ganz ofgesinn, kann sech Apple och an anren Beräicher (wou si selwer awer soen se wieren fier bäi) sech net grad bretzen: Et ass laang kee Geheimnis méi, dat an der chinesescher Firma (Foxconn), déi ënner anrem fier Apple den iPod hierstellt, miserabel Arbeschts- a Gesondheetskonditiounen herrschen. “Schlecht behandelt ginn” ass wuel nach e feinen Ausdrock fier d’Art a Weis wéi do d’Personal behandelt gëtt. Op der Apple Homepage steet allerdings fein lackéiert dat all Fournisseur vun hinnen eng gewëssen Unzuel vun Usprech muss erfëllen, déi d’Aarbeschtskonditiounen betreffen. Graff gesot seet Apple, dat si also nëmmen mat Firmen zesummenschaffen, déi hier Employéeen gudd behandelen. Dat hier Usprëch awer däermoossen minimal sinn, dat souguer eng Teppech-Fabrik déi mat Kannerarbescht fonktionéiert am ärmsten Land vun der Welt hiere Geschäftspartner kinnt sinn, steet natierlech néirens.
Apple ass sécherlech bestëmmt nët di eenzeg Firma déi sou, oder sou ähnlech handelt, mee nach eng Kéier: wéi och ëmmer GP hieren Score do berechent huet, vun näischt kënnt di 14. Plaatz fier Apple och net.
Et ass vläit ironesch, dat ech deen Text hei selwer am Moment op engem MacBook schreiwen, an och zefridden mat mengem iPod sinn. Ech ginn zou, Apple Produkter si schéin, a fonktionéiren niewebäi och nach sou, wéi se sollen. Mee grad sou wéi bei den Autoen, ass et lo och bei Saachen PC&co bei mir: ech kaafen keen Loftverpeschter méi. Ech giff et natierlech schued fannen, mee wann Apple näischt ännert dann kaafen ech eben näischt méi vun hinnen.
De Link an dengem Post mescht do natierlech Freed. Emmerhin schengt jo awer eppes ze geschéien (och wann d’Beweggrënn vläit net di edelst sinn).
Eng läscht Plaz ass eng läscht Plaz. Ech si mer sécher, dass Greenpeace Apple net aus purer Expressegkeet dohinnersetzt. An däin Zitat bekräftegt dach just, dass Apple am Feeler ass. Wa se wëssen, dass sou e Ranking duerchgefouert get, sollten se vläicht sou clever sinn an hir Progrèsen öffentlech zougänglech maachen, fir dass se kënnen an d’Wäertung afléissen a fir dass Apple déi läscht Plaz verléisst. Net ze vergiessen ass souwisou, dass egal op Apple läschten, zweetläschten oder éischten ass, hir Methoden awer lamentabel sinn, an dass Greenpeace de schwaarze Péiter ze ginn, lächerlech ass. Ech fanne Greenpeace sécherlech keng groussaarteg Organisatioun, mee se probéiren et awer. An dat zielt a méngen Aen ganz vill.
An Thierry, ganz éierlech gesot, hunn ech och d’Gefill, dass du Apple blann vertraus. Mir fannen Microsoft-bashing alleguer cool, mee sou wéi s du den Steve Jobs ubieds ass jo nach eppes ganz anescht. ;)
Apple blann vertrauen… Tzzz. Dann hätt ech net esou geflucht wéi mäin iBook schon no 1,5 Joër gefemmt war an ee bei Apple just Garantie vun engem Joër kritt. Dann géing ech net schon 3 Joër iwwerleen, op ech mer wierklech soll een iPod kaafen (nee, ech hu nach emmer keen). Dann géing ech den Jobs och net als houre Kapitalist bezeechnen (Genau dat ass e nämlech. Ech hun de Woz vill léiwer, mee deen kéinnt Apple net um Liewen haalen, well dee spend vill ze vill.). An iwwerhaapt mécht déi Firma vill falsch. Mee mat Microsoft hat ech scho wäitaus méi Probleemer. Dofir haalen ech nach emmer zu Apple. Mee ech si definitiv net blann. ;)