Summer Spring Playlist

De Chris huet seng Playlist fir de verfréite Summer jo schon online gesat. Well et hei scho laang keng Playlist méi gouf, an well ech endlech nei Musék hun (wann och nach net genuch, well verschidde Saachen hun ech net am iTunes fonnt), gett et dann elo hei meng Propose. Ech wees si ass e besse Mainstream, mee wat solls.
Wat mer opgefall ass: kann dat sin, dass d’Schweden emmer besser Musék maachen? T’gett sou lues scho baal dowert déi Sprooch ze léiren, dass ee wéinstens versteet wat een sech do an d’Gehier bléist. An déi heiten Lëscht hun der zwar elo net vill gepasst, mee verdammt hun déi gudd Bands.

2Raumwohnung – 36 Grad
Alex Band – Tonight
Matt Willis – Crash
Sonja Alden – Egen Tid
Karpatenhund – Alles ist schiefgegangen
Black Lab – Ghost In Your Mind
Klez.E – Strandlied
Thievery Corporation – Lebanese Blonde
Maria Taylor – Irish Goodbye
Sophie Ellis-Bextor – Catch You
From Autumn To Ashes – Deth Kult Social Club
Cansei de Ser Sexy – Alcohol
Trentemøller – Minimal Fox
Bloc Party – Vision of Heaven
Right Said Fred – I’m Too Sexy 2007 (Soul Corporation Remix)
Andersson & Gibson – Anything But You
Arctic Monkeys – Fluorescent Adolescent
Kassette – Katze
Wolke – Wir werden immer jünger

Published on

in

Comments

  1. :-) Daat Lidd vun Wolke ass sou schéin. Am leifsten vun hinnen hun ech allerdengs ” Radfahren, Lesen, Freunde treffen”

  2. Jo, eigentlech ass déi ganz CD cool. Merci fir deen Tipp! :)
    “Wir werden immer jünger” leeft an enger Endlosschläif. :D Vum Pianosufank bis zum Suzie Kerstgens senger geléinter Stemm stemmt do einfach alles. :)

  3. Karpatenhund? Sinn dat net déi Meedercher, déi d’Titelmusék zu “Türkisch für Anfänger” sangen?

    An d’Schweden hunn nach emmer gutt Musék gemaach. D’Skandinaven souwisou am grousse ganzen.

  4. T’ass gemixt, 2 Meedcher, 3 Jongen. Mee jo, dat ass déi Band.

    Skandinavien gett mer iergendwéi emmer méi sympathesch. Wann dat sou weidergeet, wanderen ech nach dohinner aus. :D

  5. Serge

    muss dech awer decideieren :P (wouhins de lo schlussendlech wells auswanderen :P)

  6. Hu jo nach e puer Joër Zäit. :D Bei Skandinavien ass de Nodeel, dass ech keng Sprooch kann. Bon, schwedesch liesen geet sou bessen. Nujee, huet mech bis elo och nach ni eppes dovunner ofgehaalen eng nei Sprooch ze léiren. Wee wees… :)

  7. Den Tipp ass gärgeschidd. Ah, ech mengen den D:qliq besichen ech méi oft!

    Hihi… “Ech kann keng vun de Sproochen do. Hechstens vlaischt bessi schwedesch liesen”.

  8. Ech war emol nach ni am D:qliq, muss och emol onbedengt eng Kéier dohinner.

    Domatter hat ech gemengt, dass ech eng Handvoll Wieder verstin, wann ech een Text liesen. ;)

  9. den dqliq ass en effet en fainen Café!

  10. Karpatenhund ass d’Band vun däer Moss dei am “Die Wolke” matgespillt huet, dat buch wat mer alleguerten ob 7e gelies hun (wa mer net Als Hitler das rosa Kaninchen stahl gelies hun), d’Musek ass awer ok.
    Klez.e sin brilliant.
    An den d:qliq ass eng fein Plaatz. Mee freier de Peche mignon wor och cool. Hun do Kruder&dorfmeister gesin

  11. Also ech hu weder Die Wolke nach Als Hitler das rosa Kaninchen stahl gelies. Dofir awer Haus ohne Dach an Ich bin David. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *