This just in: Den Här Frieden dierf sech freen. Et gi momentan Efforten eng PP – déi sech weltwäit rasant entwécklend Piratepartei mat Ausgang a Schweden – zu Lëtzebuerg op d’Been ze stellen. (Nee, déi Initiativ geet net vu mir oder dem HCl aus!) Bis elo ass zwar nach näischt Konkretes emgesat, mee de Wëllen ass do a gleewt een éischten Informatiounen aus gudd enneriichte Kreeser gett och schon un engem anstännege Weboptrëtt geschafft.
Ier elo iergendeen op d’Idee kennt ze jäizen wéinst “Pirat” oder well mat enger Aaklapp iwwer de Knuedler laafen an de schwarze Fändel mam Doudekapp schwenken, liest iech emol duerch, fir wat d’PP iwwerhaapt steet.
Die drei Hauptüberzeugungen der Piratenpartei sind die Notwendigkeit des Schutzes der Bürgerrechte, der Wille unsere Kultur zu befreien und die Erkenntnis, dass Patente und private Monopole der Gesellschaft schaden.
Déi Partei steet fir genau dat vun deem ech iwwerzeegt sin. T’ass Creative Commons gone politics souzesoen. Dem Här Krecké säin Draam déi europäesch Wirtschaft an de Keller ze drécken (säin Engagement fir Softwarepatentéirung bleiwt op éiweg absolut onverzeihlech!) wier mat sou enger Partei nämlech dann och endgülteg erleedegt.
Patente auf Leben und Gene, wie z.B. patentierte Getreidesaat, haben unzumutbare und unverantwortliche Konsequenzen. Software-Patente verz??gern die technologische Entwicklung und bilden eine ernste Bedrohung sowohl für schwedische als auch für europäische klein- und mittelständige IT-Unternehmen.
Am Laaf vun de nächste Woche méi heizou.
Leave a Reply