Skip to content

An hei hu mer nach ee neie Blog.

De Franck Tabouring, deen verschiddener vun iech eventuell nach aus senger Zäit um RTL kennen wou en regelméisseg de Film vun der Woch firgestallt huet oder beim Zinemag Filmer kritiséiert huet, huet seng al Websäit worldcinema.lu zougemaach a bloggt elo iwwer Filmer. Wien dem Franck seng Kritike vermesst, oder einfach gäre solid Kritiken huet, ass mat MovieBabbling op alle Fall gudd bedéngt. Well de Franck mettlerweil an den USA sëtzt sin d’Kritiken zwar vläit heiansdo dem lëtzebuergesche Kino e besse viraus, mee dofir awer net manner liesenwert. Da wees een zumindest scho fréi genuch wéi engem Hype ee scho guer net brauch nozelafe wann de Film bis an eise Kinoen leeft.

1 thought on “An hei hu mer nach ee neie Blog.”

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *