Et liewt ee nemmen eemol.

by

Ech hu mech zanter geschter Owend bei méi Leit gemellt wéi an engem ganze Joër, an et ass ee schéint Gefill erem Kontakt mat Frënn opzehuelen vun deenen een emmer erem geduecht huet, dass een sech bei hinne sollt mellen, awer et ni gemaach huet. An et stin der nach eng ganz Rei op der (mentaler) Lëscht. Deen Dag haut war einfach nemmen herrlech – jo, scho baal perfekt. Ech hätt net geduecht, dass Carpe Diem esou einfach ass an dass een sou enorm vill dobäi gewennt. D’Liewen ass ze kuerz fir eppes “muer” ze maachen. A bei all deem Spaass hun ech souguer dem Boris Pasternak säin Urneveux kennengeléiert. Ech wees dat ass eng wäit Familierelatioun, mee cool ass et trotzdeem.

Daps gett iwwregens ab elo offiziell verkaaf. Well een eng Ausgaab vun der Glamorgan Creative Writing Anthology? Ech froen mol einfach, t’wees ee jo ni. :) Falls jo, mellt iech, an ech bréngen de Weekend e Buch mat op Lëtzebuerg. 3 Euro. 103 Säiten. A5. Softcover.

Tags

4 responses to “Et liewt ee nemmen eemol.”

  1. Ech, Ech, Ech. An dann maachen mir eng komesch Übergabe op der Gare an der Staadt.
    Oder mir gin eppes drenken.

    An soss gin ech der zu 100% Recht. Et wees en nie, wéi schnell een bereihen kann, eppes *net* gemaach ze hun.

  2. Ok, ech bréngen der ee Buch mat. Hehe eng komesch Übergabe op der Gare… Ech hun ee Déjà-Vu. ;) Eppes drénke goen kléngt awer och gudd. :)

  3. Ech hun genau daat nämlecht gema. Mech bei ville Leit gemellt an awer och ganz nei bekanntschafte gema… An ech mengen ech gesin d’Welt och schon mat ganz aaneren Aan.
    Bréng mir och eng anthology mat, please :) mir gesin eis jo e samsden, souwäit ech do richteg informéiert gouf. Wier léif :)

  4. Nei Bekanntschaften hun ech och schon gemaach an de leschten Deeg. T’ass iergendwéi wahnsinn wéi einfach et ass op Leit duerzegoen och wann een sech scho lang nemmi gesin huet.
    Ech hun a mengem Kalenner mol déi selwecht Informatioun stoen, dat stemmt also ze stemmen. :) Ech bréngen dir dann och ee Buch mat. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *