Et soll ee manner fléien a net sou wäit an d’Vakanz reesen. Wat ech mech froen: ass et net méi emweltschiedegend wann 1000 Autoen bis op d’belsch Küst fueren wéi wann 2 Fligeren an Türkei fléien?
by
Et soll ee manner fléien a net sou wäit an d’Vakanz reesen. Wat ech mech froen: ass et net méi emweltschiedegend wann 1000 Autoen bis op d’belsch Küst fueren wéi wann 2 Fligeren an Türkei fléien?
Tags
Gudd Fro. A bei allem gudden Wëllen ginn momentan e puer iwwerdriwwen, lächerlech an hysteresch Moossnahmen proposéiert …
Fier mech richt dat ganzt no Sündenbock gesichs.
Natierlech sin och d’Fligeren immens schlecht an natiierlech ass eng reductioun fun den Flich eng gutt Saach, mais dat ass den bekannten minimaklen tropfen op de steen.
Menger meenung no klaapen se lo all op fligeren well do di maansten leit betraff sin. Ok d fluchgesellschaften mam personal mee dei maan nemmen ganz weineg fun den Wieler aus.
Dem Autonormalbierger gett suggereiert hien hett un neischt schold, an net sou weit an d wakanz goen, mei gott daat opfer kann ee jo brengen fier d emwelt ne…
Beim Änder am Blog gett et souguer een plausibelt Argument FIR ze fléien. :)
Ech bekäppen et einfach net, Wandmillen an Waasserkraft verknaschten / zerstéiren d’Emwelt sou staark an trotzdeem gett dat elo op eemol als “greng” Energie verkaaf.
Du bass awer schon emol geflunn, oder? Kuck der mol un wéivill zigdausende Leit op sou engem Flughafen ronderem laafen (och ausserhalb vun der Vakanzesaison!). Ok, zougin, net zu Lëtzebuerg, mee dee mat internationale Flughäfen ze vergläichen wier lächerlech. Sou wéineg Leit sin dat guer net déi do betraff sin…
D’Leit mussen ENDLECH ophaalen an sou aberwitzeg enke Kategorien ze denken. Et kann een net einfach Fligeren ofschaafen an dann ass de Probleem geléist. Et enstéingen der doduerch souguer eréischt deelweis sou richteg katastrofaler. Ass dann wierklech keen eenzegen Politiker kapabel e bessen méi komplex Gedankegäng ze féiren wéi “mir verbidden elo radikal alles wou net ‘gréng’ dropsteet”?!
Am Tageblatt steht haut, de Lux hätt gären “Schluss mit der Polemik”. Ech fannen, mir brauchen graad elo eng Polemik. Et soll sech emol erem esou richteg verfacht gin. An dann mol déi bestehend Problemer geleist gin. Ech sin der Meenung daat et keen méi groussen Energieverschwender wéi de Staat an seng Gebaier ged. Ech hun nach vun kenger Schoul heiren déi “ordentlech” gehetzt gewierscht wier. Mee et ass kloer, daat et vill méi einfach ass ob den “gudden Kyotoprotokoll” (den jo nemmen en minimalen Schrett ass, an am Fong furchtbaar lächerlech!) ze pochen an déi als Sündebeck ze huelen, déi net do mat dran sin: de Flugverkeiher.
Lo wou de Joël dat mat de falsch gehëtztene Schoulen sot: zumindest iwwert den LCE kann ech soen dass dat zoutrëfft. Entweder se laafen all op Héichtouren, oder se sin komplett aus. An et ass och net seelen dat nach am Fréijoer an souguer vereenzelt am Summer bei 30°C dobaussen (!!) a verschiddene Säll d’Heizungen fier H??llentemperaturen suergen … !
@thierry jo ech wees weifill lass ass op den flughäfen, ech wees awer och wei lächerlech et ass dass mei papp clienten an der schweiz huet wou seng firma och eng (mei grouss) dependance an der schweiz huet wei zu letz, dat ganzt huet mat steierlechen fierdeeler etc ze din.
op allefall setzt hien och mindestens 2mol d joer am fliger fier bei seng clienten, an dat ass an sech totalen kaabes.
an sou leit hues de fill an de fliigeren setzen menger meenung no, jo dat ass en ekonomeschen problem :) mais ech enenrschreiwen der eben och net dass jiddereen deen um flughaafen steht een ass dee soss keen choix hett, zougin dass net direkt en perseinlechen choix mee et ass alt rem en deel politik/marktwirtschaft
ewou der och elo grad vum härr lux schwätzt, deen huet jo tatsächlech elo , ewéi den gore hei am land war, behaapt, hien giff sech elo net méi als “einsamer retter in der wüste” fillen! asou…
hm, Thierry, do vergläichs de zwar Äppel mat biren, mä dat war jo wuel gewollt ;)
sécherlech ass et engstirneg fir engem transportmëttel eleng d’”schold” un der klimakatastrof ze ginn, mä sou falsch ass dat nun awer mol net, dass de flugverkéier OCH eng extrem ëmweltbelaaschtung duerstellt. an et ass bestëmmt och net falsch, dass manner geflu KÉINT ginn – wann dann de wëllen do wier – ouni dass doduerch alles an der ekonomie d’baach rofgoe géif.
hues de scho mol eng kéier zu lëtzebuerg den himmel gekuckt? ech mengen, eng zäit laang riicht no uewe gekuckt. wa méiglech wann et däischter ass. do ass nämlech sou munches lass iwwert eis.
hues de der scho mol gedanke gemaacht wéi eng transportmëttelen agesat gi fir dass du däi joghurt, däi gebeess oder hunneg op der schmier oder däin uebst iesse kanns? mär sinn dach schonn esou u gewëss iesssaachen a konsumgidder gewinnt, dass mer mol guer net méi kucke vu wou, geschweig denn mat wat se hierkommen. alles muss haut séier disponibel sinn, an do klappt kee verkéiersmëttel de fliger, allerhéchstens vläicht beim persounentransport den zuch, op mëttelstrecke bezunn. a firwat? – well kee méi zäit huet, time is money!
ech war virgëschter mat mengem klenge bouf op de findel gefuer (jojo, mam auto), well hie ganz spontan mol wollt fligere gesinn. an der stonn wou mer do waren, hu mer op d’mannst 6 gréisser fligeren, dovun 2 jumboen, starten a lande gesinn, plus e puer sportfligeren, dat sinn all 5 bis 10 minutten een. ech si bis elo réischt 2mol mam fliger geflunn (en aller-retour op london virun iwwer 10 joer) a war bestëmmt grad sou impressionéiert wéi mäi jong wéi de cargolux-jumbo virum start eis aus 4 turbojetten seng kerosin-ofgasen an d’gesiicht geblosen an duerno op der startpist vollgas ginn huet. dee moment ass mer mol richteg bewosst ginn, wéi déi maschinnen eis ëmwelt belaaschten. et ass dat selwecht wéi wanns de am parkhaus aus dem auto klëmms. wann een am auto fiert, dann denkt ee jo guer net un d’ofgasen, mä wann ee se bis selwer richt…
fir mech ka just eng ännerung kommen, wann d’mënschen sech mol BEWOSST ginn wat se do maachen, wa se sech duerch d’weltgeschicht bewegen – ausserhalb vun hirem mesokosmos. wann hinnen dat net egal ass, da musse se net onbedéngt drop verzichten, hire mesokosmos ze verloossen, mä si mussen hier gewunnechten änneren, an dat wäert nach dat schwéierst sinn. mä onméiglech ass et net.
—
thema schoulen: d’gebai vun där schoul an där ech schaffen (primaire) kéim bestëmmt an d’top-10 vun deene schoulen, déi di schlechtesten energie-bilanz a ganz lëtzebuerg hunn. et läit awer “schonn” e renovatiouns-projet um dësch, mä d’ëmsetzung léisst nach ëmmer op sech waarden. alles eng saach vun de prioritéiten eben.
d’fro ass awer interessant: wou kinnte mer méi séier méi energie spueren – bei der energieversuergung vun de gebaier oder beim transport? mä dat wäert wuel kee vergläiche wëllen, et wier jo rëm wéi bei den äppel a biren ;)
Leave a Reply