Ech hu grad d’Fotoen vum 2. Fräibéier vum LGL gekuckt. Do faale mer 4 Saachen op:
1. Ech kennen anormal vill Leit op deene Biller. Eng ganz Rei dierfte guer net méi am Lycée sin. Verschiddener sin et och net an hu sech just ageschlach.
2. Typen mat Fraenennerwäsch maache mer Angscht.
3. D’LGL Primaner hun et eraus: si dinn de Sonnebrëll einfach scho firum Saufen un, dann brauch een herno och net mat déckem Kapp dono ze sichen wann d’Lucht op eemol sou grell ass.
4. Ech hun eng Wessenslück: wou der Däiwel ass The Viking? Net wéi wann et no enger Plaz géing ausgesin wou ech hi wéillt, mee et ze wessen wier trotzdeem gudd, net dass ech eemol ahnungslos do erastolperen.
Mhmm, the Viking ass dach déi furchtbaar waiss Kescht, nee?
Mhmm, ech fannen daat eraus. Well ech kruut dovunner virun enger Woch geziehlt.
Hm jo gesäit zumindest op de Fotoen dono aus. Mécht op alle Fall een zimlech trouschtlosen Androck, puer vereenzelt Biller un de Maueren an soss perfekt Schoulcontainer-Atmosphär…
Ass den “The Viking” net zu Hollerech, niewent dem Passage FitnessFirst?
“FitnessFirst” dat klengt net no enger Plaz wou ech mech géing auskennen. :D Hm dann maachen ech nächste Kéier mol d’Aan bessen méi grouss op wann ech zu Hollerech sin. :)
jo ass genau do wou den grommel seet
Wou sin dann déi Fotoen? :o