Emmer erem kucken d’Leit mech schief wann ech hinnen soen, dass dat eng gudd Band ass, well se mol eng Kéier su ee richteg kitschege Power-Pop Hit haten (zu deem se vun der Musékindustrie gepusht goufen a selwer net kennen leiden). Firun zwee Joër war ech mat engem Kolleeg ennerwee an d’Staat; um Radio ass hier nei Single gelaaf. Dat war gudd Musék, bis ech de Numm vun der Band genannt hun. Direkt gouf de Sender gewiesselt – déi lauschtert dach kee fräiwelleg.
Mettlerweil sin se all iwwer 20, si bestued, hu Kanner an hun hieren eegenen Label gegrennt, 3CG (eng Ofkierzung fir 3 Car Garage), an si hun 2004 dee bis dato erfollegräichsten Independent Album an der Musékgeschicht erausbruecht. Si hun ee Film gedréit, Strong Enough to Break, dee net nemmen weist wéi schwéier et ass an der heiteger Musékswelt als One Hit Wonder eng zweet Chance ze kréien, mee och a virun allem ee vehementen, expliziten, Protest géint d’Muséksindustrie (haaptsächlech hiere fréiere Label Island/Def Jam Music Group – en Deel vu Universal) duerstellt. Momentan schaffen se un hierem nächsten Album mam Titel The Walk, deen den 30. Abrell erauskennt a wou een dat hei Lidd drop ka fannen. Dat gett et elo awer schon bei iTunes a sämtlech Erträg gin an Afrika.
Dee Video war och iwwregens deelweis Inspiratioun fir dat hei. Des Kéier ouni d’Béchs a mat 19 Sekonnen méi kuerzem Intro. Hoffentlech och manner komesche Pausen.
Ajo. D’Band heescht Hanson an ass dem Mainstream firun allem a wahrscheinlech och just duerch hieren Hit MMMBop Enn der 90er bekannt. Eng Blasphemie, well zanter se mat sou Bands ewéi Barenaked Ladies, dem Derek Webb, dem Jon Crosby oder och nach dem Chauntelle DuPree (vun Eisley) zesummenschaffen si se genial an eng vun de wéinege Bands, déi gudd Lyrics schreiwen.
Cigars in the summertime under the sky by the light,
I can feel you read my mind,
I can see it in your eyes,
Under the moon as it plays,
Like music every line,
There’s a rug with bleeding dye under the fan in the room,
Where the passion’s burning high,
By the chair with the leopard skin under the light,
It’s always Penny and me tonight
Leave a Reply