Skip to content

Failure is not an option, it comes bundled with your Microsoft product.

“Seit über vier Stunden versuche ich nun Vista auf meinem System zu installieren und ich muss sagen ich bin nervlich ziemlich am Ende.”

Darum habe ich einen Mac. :D

12 thoughts on “Failure is not an option, it comes bundled with your Microsoft product.”

  1. “Firwaat steet den Ultimate am neien Vista?”

    “Fir den preis…”

    Dofir mein tipp fir all dei dei keen Mac wellen:
    Ubuntu linux ! Userfrendlech, stabil, secher, gratis, an mindestens sou gudd wei Vista wann net besser!(ech hun vista nach net getest, an daat wert ech och soubaal net, dann nach eischter Mac, well vun do huet microsoft jo dei gudd features geklaut :-))

    mfg
    yves

  2. Ech gin ëmmer bessi granzeg wann ech Sätz wéi “Dowins hun ech e Mac” liesen, well déi ëmmer – an ganz oft och wann se total donierft sin – wann een e Problem mat sengem Windows huet dohinner geklaakt gin. Hun jo och schon puermol gesot dat ech op den Mac’s bei eis an der Schoul och schon sou munch “lëschteg” Stonn verbruecht hun: wann ech dat soen, gëtt et ëmmer doudgeschwigen, wann et Windows gewiecht wär wier Gelächter ausgebrach. An nee, ech zéien MS net Apple fier, an och net emgedréint (sinn Linux-User), ech hun deen blannen Apple-Hype eben just net gär.
    Mac OS ass e brillianten OS, mee den Windows XP hat/hun ech genausou gär (an deenen Joer wou ech en benotzt hun hat ech zB keen een BSOD)

    An deem Sënn: Dofier hun ech e Pinguin! ;)

  3. also fede ech laafen paralell windows an mac osx oofhängeg op ech op der uni sin oder doheem.
    ech gin och mam xp relatif gutt eenz, par contre hun ech d’Erfahrung gemach, an ech machen se emmer rem, den osx mecht wat en seet en geing machen(verschidde sachen mecht en eben net do si mer ons eenz); xp deen mecht mol fier deischt guer neischt wei ech et well mee kennt *preconfigured mat allerhand deckem scheiss wou ech puer stonne fluchen fier et fehlerfrei rem roofzekreien(ech well meng secherheetsfierkeierungen selwer treffen ech well garanteiert net hier integreiert firewall, ech well net den debilen xp menü ech hett gär all dateien ugewiesen am explorer ech well net wann ech eng dvd aleen dass den media center arroganterweis start an mer zu 80% secherheet en error baut ech well den ie net etc etc).
    mei mac brauch keng neiinstallatioun all 2 meint, mein xp schon an nee ech benotzen en weder exessif nach fier aner sachen wei den mac.
    nach gescht hat ech en problem ech hu mein printer ugeschloss driver installeiert alles gang (um windows) no engem reboot hun ech blackscreen weinst dem driver, dat fannen ech net normal an dat ass bei weitem keen eenzelfall.

    mac huet och problemer (heiansdo) dass dei an der schoul net gutt gin: ok ech wees net op dat dee verglach ass wann ech un dei bei ons denken dei waren och komplett verhunzt.

    den ennerscheed leit fier mech an der upassungsfähegkeet an am ease to use out of the box fum operating system.
    an do verleiert xp em kilometer.

    xp kennt mer fier wei en programm deen mengt en misst mir soen wei mei pc ze fonktioneieren huet, dat as wascheinlech flott fier leit dei net fill dofun kennen; mais mech emmerdeiert et onmosseg :) well ech och dauernd rem iwer sou sachen stolperen wou ech mer denken ma merde du houeren pc du bass mein pc du mechs wat ech soen net wats du wells.

    :D an ech schreiwen an ech schreiwen
    résumé ech gin eenz mat denen 2 os mee den xp reischt no fill kampf an upassen an dat muss net sin

  4. “xp deen mecht mol fier deischt guer neischt wei ech et well mee kennt *preconfigured mat allerhand deckem scheiss wou ech puer stonne fluchen fier et fehlerfrei rem roofzekreien(ech well meng secherheetsfierkeierungen selwer treffen ech well garanteiert net hier integreiert firewall, ech well net den debilen xp menü ech hett gär all dateien ugewiesen am explorer ech well net wann ech eng dvd aleen dass den media center arroganterweis start an mer zu 80% secherheet en error baut ech well den ie net etc etc)”

    Dat stemmt effektiv – do hunn ech näischt entgéintzesetzen. An jo, mech stéiert dat och.
    Ech sin wéi ech mäi Post geschriwwen hun vun engem no mengen Wënsch färdeg konfiguréiertem XP ausgaang; et ass vläit wierklech falsch dat virauszesetzen.

    Dat mat de Macs an eiser Schoul: et ass net sou dat déi an engem katastrofalen Zoustand sin, déi haten eben “normal Computermacken” (wollten net roffueren, verschidden Fensteren wollten sech par tout net zoumaachen loossen etc). Ausserdem stin se am Grafikssall an gin doduech och just fun Schüler während richtegen Schoulstonnen mat Proff am Sall benotzt.

    Dat mat der Neiinstallatioun vun all 2 Méint kann ech an menger eegener Erfahrung och net bestätegen. Ech hat en XP schon locker 2 Joer drop (an och ouni Firewall an Anti-Virus).

    Allerdings ass Anti-Virus nees en heikelt Thema: all Idiot wees wéi een am Windows e Programm opmescht, dofier ass den XP och deen OS deen am meeschten vun Viren cibléiert gëtt. Menger Meenung no ass do awer net den OS dru Schold, mee d’Useren. Ech hat op mengen Windows’en nach _nie_ e Virus, Ad-Ware oder Trojaner, an dat obwuel ech och ni e Virescanner hat. Ech well net soen dat Mac-User méi “intelligent” ;) sin wéi Windows Useren (dat wier Verallgemeinerung), mee een deen e Mac keeft huet meeschtens eng präzis Idee vun deem wat e wellt an handelt och deementspriechend (?).

    Alles an allem gin ech der awer an de graffen Zich Recht an deem wats de sees, dat hätt ech missen a mengem Post vu vierdrun och respektéiren.

    Dann schléissen ech des Kéier heimat of: en gudd konfiguréierten XP kann genau sou gudd sin wéi en out-of-the Box Mac. Hoffen dat trefft et lo gudd? ;)

  5. Mäi Computer leeft säit fënnef Joer tadellos mat Windows XP, an ech hu mech na nie wierklech beschwéiert. Do staunt der lo, gell?

  6. 1. Windows Media Player ass besser wéi iTunes.
    2. Ech benotzen oft de Photoshop. Ech hu jo net behaapt, dass ech Windows-Programmer benotzen.
    3. Minesweeper ass exzellent. ;)

  7. 1. Ee Programm ze fannen dee méi feelerfräi leeft wéi den iTunes 7 ass leider net schwéier. :(
    2. Ech schaffen zanter Joëren an der grousser Vakanz mam Photoshop op engem PC. 8 Stonnen den Dag, 5 Deeg d’Woch. Bis elo hat ech nach all Joërs minimum 3 Deeg wou guer näischt gaaangen ass. Dofir hassen ech Windows. Well op mengem Mac kann ech de Photoshop deeglaang ophun ouni dass de System op eemol motzt.
    3. Minesweeper gett et och fir Mac. ;)

  8. WMP ass menger Meenung no sou ziemlech daat miest vun Playersoftware waat en kreien kann. Ennerstetzt zB. keng variabel Bitraten.

  9. SERIEUX?!?! Dat ass bestemmt fir dass d’Leit keng Musék vun eMusic kaafen, well déi sin baal all VBR an do ass jo keen DRM drop, dat huet Micrsoft schließech net gären.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *