Statusbericht… oder sou

En Dennschdeg krut ee vu mengem Matbewunner schlußendlech eng Stroof (£30 soit ongeféier 45€) well en d’Kichen alt nees total verknascht hat. Dass dat näischt u senger Astellung geännert huet, konnt een de Moien materliewen. Haut um Metternuecht war et nämlech erem souwäit, meng Matbewunner an en puer Leit aus aneren Appartementer hei am Haus haten décidéiert den Owend op déi eenzeg méiglech Art a Weis gebührend ze feiren obwuel et näischt richteges ze feiren gouf an hun sech mat eppes wat hei gären als Béier bezeechent gett, mee net vill mat deem Gebräu ze din huet, volllaafe geloos. Dass dat mir sou egal ass wéi dass de Bopi Harrison elo awer nach een Indy 4 dréit ass evident, mee dass se dunn iwwer zwou Stonne laang d’Kichen auserneen geholl hun, net. Dat ass keng Metapher fir “si hu vill Kaméidi geschloen”, nee, dat heescht si haten de Boiler kleng kritt an hu mat de Still duerch d’Kiche geschoss. Nodeem se géint 1.30 dunn een ugeschmiert haten deen den Alkohol ze midd gemaach hat a sech an säin Zemmer leen war andeem se un seng Dier geklappt hun an “Accommodation!” gebrellt hun, ass um 2 Auer dunn tatsächlech ee vun deene komm. Ech géing elo gären behaapten ech hätt en geruff, mee meng Kaart war eidel an ech rennen awer net wéinst deenen matten an der Nuecht duerch de Reen. Si kruten dunn jiddefalls eng Standpauk an eng hallew Stonn Zäit d’Kichen ze botzen. Dass een ee Boiler awer net an enger halwer Stonn reparéieren kann a scho guer net bei deem Alkoholpegel versteet sech vum selwen. Knapps war de Mann erem zur Dier eraus gouf nees gegröllt an de Video (si hun dat jo emmerhin misste festhaalen) koum op YouTube. Wat dono geschidd ass wees ech net, ech sinn schlofen gaangen – wat net heescht, dass si lues gemach hun, mee dass ech opgrond vu mengen 4 Stonne Schlof pro Nuecht zanter Sonndeg total freckt war. De Moien vun 9 bis 11.30 Auer gouf jiddefalls um Boiler geschafft.
Ech gesin an, dass Studenten sech wellen ameséiren. Ech gesin och an, dass een sech als Student emol gären besäift. Ech gesin och an, dass Leit dann méi Kaméidi maachen wéi normal. Dat stéiert mech och eigentlech net. Wat mech nervt ass, dass se net kapabel sin dobäi net alles a jiddereen kleng ze schloen wat se an hierem Dusel an de Grapp kréien an och net den Anstand hun hiere Knascht ewech ze maachen. Sot ech, dass d’Traapenhaus no… ehm… onverdautem Watochemmer sténkt?
Iwwregens leeft mettlerweil souguer eng Aktioun fir divers Leit erausgeheit ze kréien aus desem Haus. A nee, ech hun se weder gestart weder well ech eppes domat ze din hun. Gudd fannen ech et trotzdeem.
Ier et elo heescht hei wieren se alleguer sou wéi meng Matbewunner, hei eng Parodie op d’Stommfilmer déi puer Leit hei op der Uni gedréit hun:

Published on

in

Comments

  1. majo … wat muss du dech fréen endlech do raus ze kommen, mei beileed

  2. Waat soll een do soen? Et kann een mat allem iwwerdreiwen.. zumolst wann een dann nach eng ganz Ladung Alkohol am Blutt huet. Du dees mir wierklech leed, mee Matleed kanns de net gebrauchen. ;)
    Mee de Stommfilm as wierklech cool.

  3. Oh je, ech gesin ech sin net deen eenzegen wou Misär huet. Wann een wéi ech mat 8 Leit eng Kichen deelt as baal sécher opmannst een dobäi deen sech en Dreck drëms këmmert wéi et ausgesäit nodeems en gekacht huet (oder gefeiert). Well d’knaschtegt Geschier normalerweis iwwer zwou Wochen um Kichendësch steet, hun ech iergendwann ugefangen alles an eng Këscht an engem Eck ze tesselen, fir dass ech wéinstens botzen kann. Lo krut ech eng Panzrappescht well an der Këscht en Teller futti gefuer as; ech soll lo näischt méi upaaken. Demno dierf ech net méi meng egen Kichen botzen (net dovun ze dreemen dass soss een et géif machen). Dass mer schon Kakerlaken haten schéngt se och net ze beandrocken. An wann ech eppes soen sin ech den Buh-Mann. Thierry, ech fillen mat der. Ouschtren gin mer een huelen, wat mengs de.

  4. 8 Leit? Oh mei an ech si scho gestresst mat 5 Matbewunner… Kakerlaken?! Krass, där haten mer zwar gottseidank nach keng. :-S
    Hei spillen se mam Feierläscher, dat rott d’Kakerlaken villäicht aus… Dee gréisste Misère riichten se gottseidank an deenen aneren Appartementer hun. Si haten eng Kéier am Soff décidéiert et wier amüsant mat engem aneren Appartement hei am Haus um Stack “Krich ze spillen” an hun hinnen firdéischt emol Spagetthiszooss zur Kichefenster erageschoss an dono faul Mëllech ennert d’Dier geschott (do ass Teppech, dat huet Deeg laang am ganzen Traapenhaus gestonk).

    Ech fannen dat eng gudd Idee een huelen ze goen. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *