Die Frisur hält.
Kaffi zu Cardiff. Mettegiessen zu Amsterdam. Owesiessen zu Lëtzebuerg.
Kaffi zu Cardiff. Mettegiessen zu Amsterdam. Owesiessen zu Lëtzebuerg.
In his latest Geek in Review my all-time favourite geek Wil Wheaton talks about five ways of how Apple could improve consumer experience with iTunes and the Store (page somewhat nsfw). Some ideas might be a bit too idealistic (like the integration of eMusic et al.), but he acknowledges that anyway and other features like his idea of how to make Cover Flow actually useful sound quite realistic. The credit for already bought songs in the iTunes Store of course has been rumoured on various websites in the last days and seems to be coming soon indeed. Update: The credit for bought songs has now been integrated into iTunes and is called Complete my album.
[Over a week ago I promised a new short story. Well, here you are. This is a completely reimagined version of Walking on Air which I posted about a year ago. I had rewritten it slightly for a class to get some feedback on it but my lecturer thought it were not subtil enough (and I reckon she was right). Fortunately, she liked this version much better. Don’t worry, I won’t bore you with just another draft, as she made me rewrite the whole thing completely and it’s a totally different story now.]
At the time I didn’t understand why, but during the whole two hours of my flight from Berlin to Glasgow the Italian version of the saying “while there’s life, there’s hope” was racing through my head: “Finché c’è vita, c’è speranza.” The fact that it was Italian was probably due to the guy next to me who was Italian. I had taken up the opportunity to refresh my rusty Italian and we’d talked during the flight. The meaning of the proverb confused me however. It was rather something you’d say to cheer someone up, and I wasn’t depressed. My parents and friends were alive, so there was hope. If only I had never forgotten that the proverbial life is not simply about the people you love…
When we arrived in Glasgow, Leila was already waiting for Gian. When they locked each other in their arms and kissed I suddenly remembered the beginning of a wonderful movie I had seen long ago. I could even hear Hugh Grant saying “love, actually, is all around” in my head. At least the Italian saying was gone for a moment.
Gian’s girlfriend somehow looked familiar, but I couldn’t figure out why and I quickly decided that it was a meaningless déjà-vu.
We went to a pub right next to the airport and sat down by the window from where we had a great view of the runway. As Gian paid for a round, Leila told me she had grown up in Berlin too, but she and Gian were having a long-distance relationship. She was an assistant lecturer at the University of Glasgow and he was working for an insurance company in Berlin.
The memory was foggy after seven years but the woman looked incredibly similar to Leila. When she had put down her phone I realised that it had actually been her mobile that triggered the memory, even though it wasn’t the same phone of course.
Leila liked Jazz. She even started talking about having been to some Jazz concerts. I didn’t dare asking her if she’d ever been to the Jazzfest though. I still couldn’t get a clear image of the girl I met back then. Maybe it was Leila, but I could only remember small pieces of that day and I didn’t trust them as they were really fuzzy.
I remembered having gone to a café opposite the concert hall. I remembered having sat there with this girl who only two hours earlier I had actually wanted to ask out and who now was trying to comfort me about another girl. I remembered feeling inane. But I had blotted out the memory of that day completely long ago and it was only coming back slowly. I couldn’t even remember her name. Perhaps we never introduced ourselves.
Ech hu mech zanter geschter Owend bei méi Leit gemellt wéi an engem ganze Joër, an et ass ee schéint Gefill erem Kontakt mat Frënn opzehuelen vun deenen een emmer erem geduecht huet, dass een sech bei hinne sollt mellen, awer et ni gemaach huet. An et stin der nach eng ganz Rei op der (mentaler) Lëscht. Deen Dag haut war einfach nemmen herrlech – jo, scho baal perfekt. Ech hätt net geduecht, dass Carpe Diem esou einfach ass an dass een sou enorm vill dobäi gewennt. D’Liewen ass ze kuerz fir eppes “muer” ze maachen. A bei all deem Spaass hun ech souguer dem Boris Pasternak säin Urneveux kennengeléiert. Ech wees dat ass eng wäit Familierelatioun, mee cool ass et trotzdeem.
Daps gett iwwregens ab elo offiziell verkaaf. Well een eng Ausgaab vun der Glamorgan Creative Writing Anthology? Ech froen mol einfach, t’wees ee jo ni. :) Falls jo, mellt iech, an ech bréngen de Weekend e Buch mat op Lëtzebuerg. 3 Euro. 103 Säiten. A5. Softcover.
Ich habe selten so etwas Bewegendes gelesen. Vielleicht weil es die kleinen Dinge aufgreift, die Dinge denen man erst Bedeutung zumisst wenn sie unwiderbringlich vorbei sind, weil ein ganzes Leben plötzlich nur noch eine Erinnerung ist und alles was man tun kann ist diese Erinnerung ewig im Herzen festhalten und dieses Leben nie vergessen.
Der schlimmste Moment war der, als ich vor deinem Grab stand und mich umdrehte, um zu gehen. In dem Moment drehte sich mein Magen ebenfalls um. Und ich wusste, dass dies der endgültige Abschied war. Ich wusste, dass dieses Umdrehen hieß, dass ich weitergehen müsste und du liegenbleiben würdest.
Hei a wéi schon eemol gesot hei.
Déi Diskussioum em d’Franséisch war lächerlech genuch, ech hat ni wëlles esou eng Diskussioun ze féieren an déi ass och elo vu menger Säit aus definitiv eriwwer. Ech fannen et och schiel, dass déi Diskussioun ausgerechent an deser Woch entstaanen ass, well ech, wéi mat deem leschte Gedicht ugedeit, et hei eigentlech méi roueg zougoe loosse wollt. Dese Weekend leeft dofir hei dann awer näischt. Aus Solidaritéit mat menge Bloggerfrënn.
De Chris huet säin laang erwaarten Artikel veröffentlecht. Well een do am Blog net kann kommentéiren ouni ageloggt ze sin, kennt mäi Kommentar dozou dann heihinner.
En éischte Punkt, deen ech do wéillt opgräifen ass, dass en op de Mangel u Kenntnis hiweist wat lëtzebuergesch Grammatik ugeet. Wann de Chris eppes offizielles schreiwt, benotzt en ee Spellchecker, bei enger E-Mail ass et em egal. Dat fannen ech esouwäit nach korrekt, och wann et mech als Linguist (oder mat menge siewe Sproochen mengen ech kann ee mech scho baal Sproochefanatiker nennen :)) nervt, een Text ze liesen, dee mol net probéiert sech un e konsistente System ze haalen. Dat awer just esou um Rande, emmerhin ass dat net den Haaptpunkt vum Post an ech well net vill Zäit dorop verschwenden.
Een intressante Problem deen de Chris uschwätzt ass de Fait, dass Lëtzebuergesch an der Schoul net enneriicht gett well dat schon eleng aus Zäitgrenn net méiglech ass. Do froen ech mech awer wéi dat ass mat de lëtzebuergesche Coursen déi een zumols am 6. Schouljoër an op Septième huet; firwat gett do meeschtens just ronderem geblödelt oder allenfalls de Rénert gelies, amplaz de Kanner serieux Grammatik bäizebréngen an e besse méi ee breet gefächerten Abléck an d’Luxemburgensia ze gin? Ech war op enger A1, déi jo mettlerweil just nach A heescht, an hat 5 Stonnen Franséisch, Däitsch, Englesch an 4 Stonnen Italienesch pro Woch. Firwat net bei den éischten dräi Sproochen eng Stonn ewech huelen an dofir och dräi Stonnen lëtzebuergesch pro Woch? Wann et op iergendenger Sektioun logësch wier, lëtzebuergesch z’ennerriichten, dann op enger A. Dass déi vun enger A dann méi iwwer Lëtzebuergesch léiren wéi déi, déi et just op 7e hun ass evident, mee dat ass bei all deenen anere Sproochen souwisou och schon esou.
De Problem vu Mathé, Chimie, Physique etc. hun ech aus enger anerer Perspektiv erliewt, déi hat ech nämlech net wéi de Chris op däitsch, mee op franséisch. Bio hat ech ufanks op däitsch a spéider och op franséisch.
Fir all déi franséisch Fanatiker an den Naturwessenschaften fir dass d’Auslänner et och verstin hei nach eng kleng Anekdot: ech hun ee Kolleeg op der Uni Lëtzebuerg deen do Naturwëssenschaften studéiert, dee verléiert all Woch vill Zäit well en muss probéiren d’Texter ze verstoen – well se op franséisch sin an déi Sprooch zimlech schwéier ze léiren ass fir ee Niederländer. Wann mer also soen, mir mussen d’Franséisch bäibehaalen fir et den Auslänner méi einfach ze maachen, mussen mer eis emmer bewosst sin, dass et mer et domatter gläichzäiteg ville Natiounen och extreem schwéier maachen, sech hei am Land zurecht ze fannen. Lëtzebuergesch konnt mäi Kolleeg aus de Niederlanden iwwregens zimlech séier perfekt schwätzen.
De Chris geet dono op déi auslännesch Familien an, déi hei am Land wunnen an hei Kanner hun, déi dann och hei an d’Schoul gin. Do froen ech: jo, an? Als Kand léiert een eng Sprooch am séiersten. T’wier wahrscheinlech vu Virdeel, wann deene Kanner géing eng Méiglechkeet ugebueden gin, ausserhalb vun de normale Schoulstonnen hier Sproochkenntnisser e bessen opzebesseren, mee just well hier Elteren hinne net lëtzebuergesch bäibrénge konnte, sollen si et ni léiren?!
De Chris freet, wou een eng onfrendlech Verkeerfin ka fannen. Ech hun zwar keng Ahnung, op déi Fra nach emmer bei deem Bäcker, dee mat engem F ufänkt, schafft, mee jiddefalls war mir déi Szen bei sou enger Filial an der Staat geschidd. Déi Filial déi sech an der selwechter Strooss wéi e Supermarché befennt, dee mat engem A ufänkt. Déi vum dePapp war, wéi deen och scho sot, am schéine Stär. Bei mir am Duerf, nierwebäi, ass de Bäcker awer emmer frëndlech mat mer gewiecht. Dat ass awer och ee Lëtzebuerger an ech kennen säi Meedchen, e war also wahrscheinlech nemmen firageholl. :) Offensichtlech gin de Chris an ech awer soss och op zwou verschidde Plaazen akaafen, well ech héiren dee Saatz “en français s.v.p.” relativ dacks wann ech zu Lëtzebuerg sin.
Ech hu mech iwwregens ni driwwer opgereegt, dass d’Auslänner ons Sprooch net perfekt schwätzen kennen, just, dass se se guer net schwätzen. Eng ganz Rei sin och einfach esou arrogant, dass se soen d’Lëtzebuerger kéinnten jo franséisch, firwat sollten si sech do ustrengen. Där Leit kennen ech der perséinlech jiddefalls méi ewéi genuch.
An dann… Jo, dann kennt et! Dem Chris säi grousse Coup. Wou mir de Colli platzt.
Et gin leider leit wei den depapp wou guer net probeiren sief et noch nemmen fir een daag an platz vun deenen leit ze stellen an ze probeiren se ze verstoen, et get einfach behaapt “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch, och wann ech op Franséisch geäntwert kréien”… oh daat ass jo eng richteg gescheit anstellung, besonneg fir een papp
Ganz éierlech? Do fällt mir eigentlech just ee Wuert an… An dat well ech net heihinnerschreiwen, well ech well meng Würd bewahren an ech fannen e bessen Respekt muss souguer firun enger Persoun, déi sou eppes schreiwt, sin. Éischtens emol huet dePapp nämlech erklärt, dass hien fräiwelleg op franséisch mat der Caissière geschwat huet, ouni dozou opgefuerdert ze gi sin. Domatter fannen ech déi Behaaptung, dePapp hätt kee Verständnis fir déi Leit, scho mol en Urteel iwwer dePapp dat méi wéi frech ass. Zweetens, an dofir géing ech vun der Uni fléien a kriit ee Prozess ugehaangen wéinst falscher Ausso, behaapt de Chris, dass déi Ausso “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch, och wann ech op Franséisch geäntwert kréien” vum dePapp gewiecht wier. Jo, en zitéiert se esouguer. Dat ass awer schlicht an einfach komplett falsch. Déi Ausso ass nämlech vum Maach4un. Domat mécht de Chris sech net nemmen lächerlech an spott jeglecher Glaawwürdegkeet déi e bis dohinner nach hat, mee et ass en plus hannerhälteg, onfair, an schlecht Noried ass esouguer vum Gesetz verbueden. Ech hoffen fir de Chris, dass dePapp keen Affekot ass.
Da kréien ech firgeworf, ech wéillt just de Kiwwelsjongen an den Bäckeren undoen, mussen lëtzebuergesch ze léiren, an bei sou engem wéi dem Prof. Dr Rolf Tarrach, wéi de Direkter vun der Universitéit Lëtzebuerg heescht, wier et mer egal, well dat een Akademiker ass. Dat hun ech ni gesot. Ech hu esouguer e puer mol betount, dass ech der Meenung sin all Mënsch misst een sengem Beruf ugepasste Wuertschatz hun wat Lëtzebuergesch ugeet, dass dee bei engem Akademiker méi ee grousse Wuertschatz ass wéi bei engem Kiwwelsjong ass evident.
Et geet lëschteg weider an des Kéier kréien ech Wierder an de Mond geluecht, déi ech ni gesot hun – och wann des Kéier ouni Gänseféisécher. De Chris léisst nämlech duerchblécken ech géing verlaangen, all Auslänner misst direkt vun Ufank un perfekt Lëtzebuergesch schwätzen. Wéini a wou hun ech iergendeppes an där Art gesot?!
De Chris steigert sech an senger absurder Argumenttiounsketten dann esouguer schlußendlech esouwäit an säin eegenen Wahnsinn eran, dass hien et op eemol ass, deen erkennen léisst, dass hien eppes géint déi huet, déi net lëtzebuergesch schwätzen – eng vu senge Viraussetzungen fir ee Matbewunner, dee well anzéien, ass, dass dee lëtzebuergesch schwätzt, well e net owes well doheem setzen a musse franséisch schwätzen. Flott Astellung! Ech hun awer zum Beispill kee Probleem domatter, mat Kolleegen aner Sproochen ze schwätzen. Do kennt et méi wéi eemol fir, dass ech mat Leit e ganzen Dag ennerwee sin a mir sprangen do monter tëscht däitsch, franséisch, englesch a lëtzebuergesch hinanhier, well eben jiddereen vun eis eng Sprooch dovunner am beschte schwätzt an mer jidderengem eng Chance gin, seng eegen Sprooch ze benotzen. Wien vun eis zwee ass intolerant, Chris?!
Dann um Enn just nach eng kuerz Erklärung, de Chris geet nämlech dovunner aus, Englesch wier eng einfach Sprooch fir d’Europäer. Elo emol ofgesin, dass dat internationalt Englesch praktesch guer näischt mat deem Englesch ze dinn huet dat Mammesproochler schwätzen, ass Englesch linguistesch gesin eng vun de komplexeste Spoochen, et kraatzt een am Lycée eben just un der grammatikalescher Oberfläch vun där Sprooch. Ausserdeem ass Englesch och nemmen fir Lëtzebuerger esou einfach, well mir eis mat däitsch an franséisch auskennen. Huet een net déi zwou Basen, ass et guer net esou evident, déi Sprooch ze léiren, mol guer net dovun ze schwätzen, dass et genuch Leit gin an der EU déi weder däitsch nach franséisch kënnen. Ech fannen et gudd, dass d’EU esou multilingual ass. Jo, et muss vill iwwersat gin, mee all Land huet ee Recht drop, dass seng Sprooch erhale gett.
Eng kleng Notiz um Rand dann nach: ass iech eigentlech bewosst, dass deen éischte Schrëtt Richtung Ausstierwen vun enger Sprooch d’Verdrängen vun der Sprooch aus dem öffentleche Liewen ass (also dass ee muss eng aner Sprooch schwätzen dobaussen ewéi doheem)? Paradoxerweis huet eng ausstierwend Sprooch awer souguer méi Rechter wéi momentan lëtzebuergesch. Eng ausstierwend Sprooch huet nämlech an der EU d’Recht op eng Zeitung an hierer Sprooch a muss an der Schoul ennerriicht gin. Wat seet dat iwwer eist Land aus?
T’ass och iwweregens guer net esou onméiglech lëtzebuergesch méi ze fuerderen. An anere Länner geet dat och, hei a Wales zum Beispill ass alles bilingual (Englesch a Kymresch), esouguer d’Stroosseschëlder an an de Geschäfter mussen emmer Verkeefer fir béid Sproochen präsent sin. Dat géing och mat Lëtzebuergesch a Franséisch goen.
De leschte Kommentar vum Chris zu deem éischte Post iwwert Francophonie zu Lëtzebuerg ass mer direkt ee neien Post wert. Firun allem well wahrscheinlech net méi vill Leit d’Kommentarer vun deem Post nach liesen gin, an ech well d’Diskussioun awer weiderféiren.
Als alleréischt emol well ech eppes opklären, de Chris behaapt nämlech a sengem Kommentar foljhendes:
ah jo nach eng fro un iech all ;) waat ass dei offiziel sproch vun letzebuerg… denkt mol driwer no… een klengen tip et ass net letzbuergesch :D
Huel emol léiwer nach eng Kéier déi Geschichtsbuch eraus. Dat ass nämlech absolut falsch. D’Gesetz vum 24. Februar 1984 (mam Titel loi sur le régime des langues an ze fannen am Memorial A, Nummer 16 vum 27. Februar 1984 op de Säiten 196ff) hällt nämlech am Artikel 1 fest: “Le luxembourgeois est la langue nationale des Luxembourgeois.” Bei Verwaltungsugeleegenheeten an bei juristesche Belanger kann een ausserdeem vu Däitsch a Franséisch Gebrauch maachen, wéi am Artikel 3 vum selwechte Gesetz nozeliesen ass. Lëtzebuergesch ass awer genausou erlaabt, an wann een sech an enger Affaire op lëtzebuergesch un ee riicht, ass dee gesetzlech dozou verpflicht och op lëtzebuergesch z’enwerten.
Dann verléiert de Chris d’Nerven:
dem dePapp sein beitrag hut mech wirklech lachen gedoen, hien seet nämlech 100% waat den thierry seet mee ennermauert daat ganzt nach mat enger gudder portioun rassismus fir dass och deen domsten versteet dass hien keng auslänner kann leiden.
Ech wees, du bass relativ nei an der Blogosphär dofir kruus de dee grousse Sträit firun gudd annerhalwem Joër wahrscheinlech net mat, also loos mech der kuerz rékapituléiren wat mir Blogger deemols festgestallt hun: Eng Meenung iwwer aner Leit fällen, just opgrond vun deem wat ee liest, geet schief. Et hat deemols nämlech schon eemol een iwwert eng ganz Rei aner Blogger geurteelt, an dat hat eng wochelaang Diskussioun mat sech gezunn. Mettlerweil ass dee Sträit zwar geléist, an mir verdroen eis, mee soubaal een aneren dee Feeler mécht, stéisst en garantéiert erem op de selwechte Widderstand. Bon, zu deem wat ech dann eigentlech well soen: wouhier em alles an der Welt hells de der d’Recht, dePapp als Rassist ze bezeechnen? D’Caissière war frech mat him, obwuel hien sou fein war a franséisch geschwat hat. Dass een dann rosen gett, ass net rassistesch, mee mënschlech. Ausserdeem, souwäits du wees, kéinnt dePapp och selwer zum Beispill Afro-Amerikanesch sin. Wann en och wäiss ass, kann säi Kommentar jo guer net rassistesch gewiecht sin, well dee Moment gehéiert hien zu der selwechter Rass ewéi déi franséisch Caissère – tëscht Rassismus an engem Land besteet emmerhin keen Zesummenhang.
waat den Maach4un mer well soen verstin ech net… hien seet “Ech schwätzen konsequent Lëtzebuergesch”… dun sin ech op seng webseit, an gesin dass dei meecht texter op deitsch sin…
Dat ass säi fräie Choix op däitsch ze bloggen. Ech bloggen och an där Sprooch déi mer grad an de Kapp kennt, meeschtens ass et mer souguer egal op d’Lieser dat elo verstin (gesäit ee schéin un de Posts op Maori zum Beispill). Den Ennerscheed ass, hei zwéngt mech keen eng bestemmte Sprooch ze schwätzen, wann ech mäi Bréidchen kaafe gin, sin ech praktesch gezwongen dat op franséisch ze maachen och wann et mer guer net dono ass déi Sprooch ze benotzen.
eis sproch ass mir wichteg, ech hun mech schon oft gefrot wir et net besser wann letzeburgesch geif an der schoul geleiert gin amplaatz am eischten schouljoer deitsch… virwaat kann ech meng dokumenter net op letzeburgesch ausfellen anstatt op franseisch an natirlech villes mei…
Do si mer eis eenz. Mech nervt dat och. Zumols well ech mer d’Grammaire hu misste selwer bäibréngen, an ech oft genuch eppes falsch maachen. T’reegt mech onheemlech op, wann zum Beispill d’party.lu Generatioun eis Sprooch sou verstümmelt.
ech hun mech gefrot ob ech mein blog soll op letz oder deitsch oder franseisch oder englesch schreiwen… well schreiwen kann ech an allen sprochen, mee dfro ass wien liest meng texter…
Firwat net alles? De Lëtzebuerger versteet alles, an wanns de een Artikel hues wous de wells, dass méi Leit e verstin, kanns de deen jo op Englesch oder Franséisch tippen.
ech sin frou elo endlech hei eng platz fonnt hun fir mein artikel iwert eis sproch ze fellen an vun diversen leit feedback kreien…
Freet mech, dass ech konnt hellefen. :)
waat mech awer total wonnert ass dass des diskussioun mam thema sproch ungefaangen huet an elo mam dePapp sengem kommentar zu rassismus iwergesprongen ass, Äusserst schuet fannen ech et dass keen sech doriwer opreegt, also ech wees et kemmen keng drei dausend leit pro daag desen artikel liesen
Éierlech gesot mécht dee Kommentar mech rosen. Hues de iwwerhaapt eng Ahnung wat Rassismus ass? Hues de schon eng Kéier ee richtegen Rassist kenengeléiert? (Ier déi Fro elo opkennt, jo, ech hun.) Emol ganz ofgesin dovunner, dass de Kommentar vum dePapp emol net friemenfeindlech ass, ass e scho guer net rassistesch. Wien friemenfeindlech war bei där Affaire war d’Caissière, dePapp huet just adäquat reagéiert. Et kennt mir éierlech gesot e bessen fir, wéi wanns de ee Politically Correct Fanatiker wiers, deen esou drop fixéiert ass, iwwerall an hannert allem direkt eng Beleidegung z’erkennen, dass de guer net erkenns wat wierklech geschidd. Dass du dePapp als Rassist bezeechens ouni weder ze wessen, dass Rassismus a Xenophobie zwou verschidde Saachen sin an ouni dePapp ze kennen, fannen ech wäitaus méi schlemm, wéi dass dePapp op lëtzebuergesch geänwert huet nodeems d’Caissière frech gouf well säi Franséisch hier net gudd genuch war. Dat haas du iwwregens selwer ugeschwat, du haas mech nämlech gefrot op d’Briten géinge de Geck mat mer maachen wann ech ee Feeler soen, dunn sot ech nee an ech géing dat och ni emgedréit maachen. D’Caissière huet dat awer hei gemaach – an engem friemen Land wou hier Sprooch emol net déi offiziell ass!
mee emmer rem gesin ech leit total krass aussoen machen, an keen wiert sech dergeint, jiddereen kuck sech daat passiv un an keen wei gesot traut sech eppes ze soen, daat ass traureg
Nach eng Kéier: hues de schon eng Kéier ee richtege Rassist oder Xenophob erliewt? Sou een deen deen erem heem geet, wanns de een afro-amerikanesche Kolleeg owes mat an de Café bréngs a ni méi mat der schwätzt? Een dee mat Kommentare kennt ewéi “ech hat gemengt du wiers ee vun eis“?