Ech hun mer gerad d’Heroes Folg vun e Méindeg eragezunn. Opgepasst, Spoiler. Elo mol ganz ofgesin dovunner, dass de Peter endlech seng Copycat Kraft kann kontrolléieren an den Isaac sou schéin duerch de ganz Atelier schleidert ier deen dat nervegt Simone endlech ofknallt: de Stan Lee héchstperséinlechst huet jo an där Folg matgespillt! Seng zwou Zeilen als Buschauffeur waren zwar elo net grad de wichtegsten Deel vun der Folg, mee Heroes ass déi éischt Fernsehserie an där de Lee ee Cameo huet (déi aner Cameos waren all Kéiers Filmer an bei Fernsehserien war et emmer Zeechentrick). Wéi cool ass dat?! Nee, ech si wierklech kee Comic Geek, mee firu sou enger Persoun wéi dem Stan Lee hun ech trotzdeem wahnsinnege Respekt.