Ech hun grad d’Videoen vun engem Konschtprojet vun engem Frënd gekuckt, wou eng Rei Kolleegen an Proffen vu mer ee Gedicht virgelies hun. Bis op zwee vun hinnen, déi ech komplett aus den Aan verluer hun, hun ech se an deene leschte Joëren méi oder manner sporadesch gesin. De Proffen sin ech heiansdo emol nach begéint wann ech Kolleegen besiche war, an menger Engleschproff hun ech souwisou firun e puer Wochen versprach, ech géing eng Kéier laanscht kommen zielen, wéi et mer hei sou gefällt.
Während een am Lycée ass, wenscht een sech sou oft, dass d’Schoul endlech eriwwer ass. Mee wësst der wat? Ech géing erem zeréckgoen, an alles nach eng Kéier maachen. An zimlech genau d’selwecht.
Wësst der wat komesch ass
Published on
in
Leave a Reply