Nach emmer ass d’Zuel vun de lëtzebuergesche Blogger relativ geréng. Vun den 150 sin mer nach emmer ee gudd Stéck ewech, mee zanter enger Woch gett et ee weidere Member an der Blogosphär. Non di dj’eu – Non di kass fir Europa. Och wann d’Jongen “nondikass” falsch geschriwwen hun, fannen ech d’Versioun vun “nondidj.eu” relativ originell. Intressant Themen schéngen de Néckel an de Kloos awer bis elo genuch fonnt ze hun. De Blog ass op alle Fall d’Abonnéiren wert.
Dann gett et nach ee neien Blog an zwar dee vu mengem fréiere Co-Auteur Serge. Dee Blog heescht Yearning a behandelt méi, wéi soll ech soen, “ausgefaalen” Ideen wéi déi üblech Bloggen. Dat heescht dann och, dass et endlech eppes op setuch.com ze fannen gett. Nach emmer net dat, wat mer zanter Joëren welles hun mee nach emmer net ronn bruecht hun, mee emmerhin ass et een Ufank. De Blog ass dofir net manner intressant. D’Abonnéiren ass en op alle Fall genau wéi Non di dj’eu och wert.
An menger Blogroll stin déi zwee elo iwwregens och. Op dat relevant ass, bezweiflen ech zwar, mee ech wollt déi Informatioun emol einfach mat an d’Ronn puchen.
Ma dann. Wellkomm an der Blogosphar dir dräi.
Leave a Reply