Skip to content

Mal wieder ein Stöckchen

De Joël well, dass ech sechs kurios Fakten iwwer mech verzielen. Ma dann mol lass.

Fakt #1: Ech verstin den Hype em Audiobicher net. Ech gin total nervös wann ech probéiren engem nozelauschteren wéi e mer ee Buch virliest. Dann liesen ech et léiwer selwer. Ech sin dofir awer een absolute Fan vun Hörspiller.
Fakt #2: Ech sin op souvill Saachen allergesch, dass net alles op d’Blaat gepasst huet, wéi ech mech hu missten beim NHS umellen.
Fakt #3: Ech hun an der Kantinn am Lycée no enger Engleschstonn mäin Iessen eng Kéier op Englesch bestallt – ouni et ze réaliséiren.
Fakt #4: Ech kennen nemmen eent vu mengen Gedichter auswänneg: The Dream, dat éischt Gedicht vu The Fallen.
Fakt #5: Wéi ech kleng war, wollt ech Astrophysiker gin. Ech hun ee ganze Schaaf voll mat Bicher iwwer Astronomie. Spéider wollt ech Quantenphysiker gin. T’gouf aus kengem vu béidem eppes, opgrond vu mangelnder mathematescher Kompetenz. D’Scientific American ass trotzdeem nach emmer déi eenzeg Zäitschreft, déi ech regelméisseg liesen. An op der Uni gin ech op all öffentlech Virliesung an der Astrophysik – t’gett all Mount eng.
Fakt #6: Ech lauschteren all Art vu Musék. Meng aktuell Playlist besteet aus Tim McGraw, Nelly Furtado, U2, John Paul White, Akon feat. Snoop Dogg, Arcacy, Madsen, Josh Groban, Fall Out Boy, Bird York, Eva Cassidy, Kozi, AC/DC, Switchfoot a Kim Frank.

Ech werfen et dann emol weider un d’Leti, de Federico an de Boultgen, well et bei deem sou roueg ass.

3 thoughts on “Mal wieder ein Stöckchen”

  1. Check d’Auerzäit, ech war eng hallew Stonn éischter. :P Wann et direkt ee vun zwee Leit kritt wert et e jo maachen wann et seng Prüfungswoch bis hannert sech huet. :)

  2. “Leti, hol’ das Stöcken!” :)
    Nëmmen 6 kurios Fakten? Ech mengen daat dierft fir sou een Trëllert wéi mech net schwéier sin ;)
    As awer léif dass dir 2 daat wësse wëllt :P

    An meng Prüfungswoch war den Horror… Nächst Woch hun ech der alt nees 4, an dann as gott sei Dank Vakanz fir mech ugesot…

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *