Skip to content

“Travis war iergendwéi ni mäi Fall”

Dat hun ech wierklech gesot?! Oh Mann… Ech hu keng Ahnung wat mech do geridden huet an u wéi eng mies Band ech geduecht hu bei deem Numm, mee jiddefalls sin ech elo grad iwwer dat Lidd gestolpert, wat mech deemols 2002 duerch de Roswell Soundtrack op déi Band opmierksam gemaach hat – “More than us” – an ech hun d’Hänn iwwer dem Kapp zesummegeschloen, well mer erem agefall ass, wien déi Band wierklech ass.

D’nächste Kéier wann ech eppes géint Travis soen, schlot mech w.e.g. :) Dee neien Album kennt iwwregens schon de 7. Mee, net eréischt Enn des Joërs. “The boy with no name” – mat 11 neie Lidder. No där Schaan misst ech den Album eigentlech direkt firbestellen…

2 thoughts on ““Travis war iergendwéi ni mäi Fall””

  1. Schon de 7. Mee ???

    Mega. Lauschter “Love Will Come Through” a schumm dech, dass de et jemols gesot hues.

  2. Effektiv, dat Lidd ass gäil. Majo sou steet et zumindest mol op hierem Site, ech huelen mol un, dass dat eng gudd Quell ass. ;) Déi 1. Single heescht deemno “Closer” an kennt den 23.4. eraus.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *