“I’m Liz Parker and five days ago I died. After that, things got really weird.”

Lo wou ech den Soundtrack gelauschtert hun an mer bessen Travis eragezunn hun, hun ech mer geduecht da kéinnt ech mer och mol erem eng Kéier d’Serie eranzéien, ass jo schon Joëren hier. Do fällt mer schon emol direkt op, de Kevin Weisman huet jo souguer am Pilotfilm matgespillt?! Allerdéngs ass de “Larry” wäitaus manner sympathesch wéi de “Marshall”.

Op alle Fall: T’ass eng Schaan, dass déi Serie no dräi Staffelen schon ofgesat gouf, si hat souvill Potenzial… A wat Musék ugeet, war déi Serie dat fir Enn vun de 90er onbekannte Bands, wat The O.C. fir onbekannte Bands an de leschte Joëre war. Traureg iergendwéi, dass déi Kënschtler op eemol esou bekannt goufen, dass fir d’DVD Versioun vill Lidder an der Serie hu misse geännert gin, well d’Lizenzen an der Zwëschenzäit einfach net méi ze bezuele sinn.

Published on

in

Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *