Endlech. No Stonnen ronderemprobéiren a Code liesen hun ech de System endlech geknackt. Ech verstin einfach net, firwat et just an Amerika legal Méiglechkeeten gi fir Fernsehserien via Internet ze kréien. Ech wier éierlech bereed ze bezuelen wann ech eng Serie kéinnt am iTunes oder soss enzwouch kréien. Mee t’ass mer elo awer egal. Heroes ass mat de Kommentaren vun de Schauspiller souguer nach eng Kéier sou cool. A wou ech un déi nei Folgen kommen, doriwwer brauch ech mer och endlech keng Gedanken méi ze maachen.

T’ass amfong geholl simpel: een High Anonymity Proxy mat US amerikanescher IP Adress an d’Auer op eng amerikanesch Zäitzon stellen. Fir op dat mat der Auer ze kommen hun ech am längste gebraucht. Een transparente Proxy geet iwweregens net. Dee selwechte Prinzip funktionéiert och bei ABC, mee deenen hiere Server ass sou lahm, dass et net wierklech ee Wert huet.
Nee, wou der een High Anonymity Proxy fannt, verroden ech net. Einfach googlen. Déi si nämlech verdammt rare a Bandbreet ass eppes kostbares, dofir maachen ech keng Relamm hei fir deen deen ech benotzen. :)

Tags

2 responses to ““I like to call him the Haitian sensation that’s sweeping the nation.””

  1. Dann bléiwen ech awer beim gudden aalen Azureus & TVrss.net ;) Klappt jo och gudd.

  2. Wann ech déi Méiglechkeet hei hätt… Allerdéngs hun ech nach ni d’Kommentarer do fonnt an déi si nawell net iwwel. Mee Flash Videoen nerven trotzdeem. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *