D’Situatioun an Italien

Ech hun an den däitschsprochege Medien relativ vill Informatiounen gelies, déi absolut net mat deem zesummepassen, wat italienesch Medien berichten, dofir hei mol een Iwwerbléck iwwert dat, wat se an Italien soen.

Nodeems e leschte Freideg déi zweet Persoun – een 38 Joër aalen Chefinspekter vun der Police – bei massiven Ausschräidungen bei engem Fussballmatch duerch ee selwergebaute Sprengstoff op Sizilien am Stadion Massimino em d’Liewen koum – fir genau ze sin hat en een Herzstëllstand an der Klinik – ass an Italien verständlecherweis eng grouss Oprou ausgebrach.

De Virsëtzenden vun der FIGC Sonderkommissioun (Federazione Italiana Giuoco Calcio = italienesch Fussballsfederatioun) huet bekannt gin, dass bis op weideres alleguerten d’Fussballsmatcher ofgesot gin, wat vum FIGC Präsident Luca Pancalli dunn nach eemol bestätegt gouf. Dat bleiwt och esou, bis radikal Ännerungen duerchgesat goufen déi garantéiren, dass esou eppes net méi virkennt.

Während se am RTL Journal vu gëschter déi ganz Affaire – wien wonnert et? – nemme bäileefeg erwähnen – dofir awer erklären wéi eng Medikamenter ee muss bei Heeschnapp huelen a schon erem ausgiebegst iwwer den Autosfestival berichten – an souguer behaapten, et wiere 70 Leit verletzt gin, ass d’Réalitéit eng aner: tatsächlech waren et 70 Polizisten an am Ganzen iwwert 100 Verletzter – d’Klinik (Ospedale Garibaldi) huet den Noutstand déklaréiert.

Den Giorgio Napolitano (Staatspräsident) verurteelt den Zweschenfall schaarf an de Franco Marini (Präsident vum Senat) schwätzt souguer vun engem “Schlachtfeld”. Während de Romano Prodi festhällt, dass “eng kloër Botschaft muss gesendt gin fir d’Degeneratioun vum Sport ze verhenneren” (ass et net scho längst ze spéit?), erklärt d’Giovanna Melandri (Sportministesch), dass d’Toleranz vun der Regierung mat desem Zweschefall definitiv iwwerschratt wier an hällt et mam Giuliano Amato (Innenminister), dee sot dass d’Liga eréischt weidergeet, wann “fundamental Ännerungen an der Fussballpolitik duerchgesat goufen”.
Net d’Giovanna Melandri, wéi d’schwäizer Tagesschau dat behaapt, mee de Clemente Mastella (Justizminister) schwätzt vun engem “Krebsgeschwür” dat muss “ausgerott gin” – an dat “em all Präiss”.

Um Site vu Palermo liest ee währenddeems just ee kuerzen Text:

Op déi schwéierwiegend Zweschefäll ronderem de Match Catania-Palermo … hin, ass all Kommentar zum Match iwwerflesseg. D’U.S. Città di Palermo dréckt hiert opriichtegt Bäileed aus.

An de Site vu Catania ass komplett offline, a weist just eng schwaarz Säit mat folgendem Text:

Et deet eis leed, mee et ass absurd an desem Moment iwwer Fussball ze schreiwen. Mir denken eenzeg an eleng un d’Famille vum Inspekter Raciti, dee beim Versuch déi öffentlech Uerdnung ze bewahren, während engem Match em d’Liewe koum.

Hei gett et ee kuerze Video. En ass zwar op italienesch, mee t’geet jo haaptsächlech em d’Biller.

Quell 1, Quell 2, Quell 3, Quell 4, Quell 5, Quell 6, Quell 7

Published on

in

Comments

  1. Merci fir d’Zesummenfaasung. Ech haat geschter moien duerch Zoufall BBC gekuckt, mee alles hun se do och net gesoot. (Wahrscheinlech awer trotzdem besser wéi déi daitsch Medien.) Daat lei waar lo äusserst praktesch.

  2. T’ass gär geschidd. :) Ech géing souguer baal drop wetten, dass BBC méi informativ a korrekt war, wéi déi däitschsproocheg Medien. :)

  3. majo dann ……
    do kann een jo an sech wierklech nemmen soen : wat en skandal an wat eng tragédie, sou eppes misst een einfach net mussen erliewen

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *