Wéi de Joël schreiwt, beschäftegt sech an der aktueller Ausgaab vun der Woxx den Artikel vun der Woch kritesch mat deem wat fir vill Oprou gesuergt huet an de leschte Wochen: Blogdelux. Als bis elo eenzege recherchéierten Artikel beschäftegt sech de Journalist kritesch mat där ganzer Affaire a geet ennert anerem drop an, dass déi Lëscht vu Bloggen eigentlech guer net sou gudd ass, wéi Culture Buzz dat duerstellt.
Esouguer meng Banneraktioun “Blogbuerg net Blogdelux” gett kuerz erwähnt, zwar leider ouni mäi Blog explizit ze nennen, mee emmerhin.
Mir wäerte jo awer sou lues driwwer ewech kommen, nee?
BlogDelux sinn dach just e puer Fransousen, déi hei eng starten wollten. Menger Meenung no vill warem Loft em wéineg. Hieren ‘Blog’ ass jo och net grad den Hummer! ;)
Jo, an déi guer net dru geduecht haten, dat et zu Lëtzebuerg och nach esou eppes wéi Lëtzebuergesch an Däitsch gëtt. Sot den E.Vivier jo selwer.
Wat se starten wollten, ass nach emmer net kloer. Mä elo esou ze man, wéi wann alles a beschter Uerdnung wier, ass och net ubruecht. Kritesch Distanz schonn éischter.
@ Chris
Dat war net geduecht fir déi ganz Problematik erem opzewerfen, mee fir ze weisen, dass d’Press sech awer och kritesch mam Thema befaasst huet.
Soulaang Culture Buzz hanner Blogdelux steet, an dat bleiwt wahrscheinlech emmer de Fall, haalen ech mech op grousser kritescher Distanz dozou. ;)
@Thierry,
da si mer eis jo eens.
Fir mech ass Blogdelux eigentlech eng “Totgeburt”. Eng Seefebloos, déi de Joël un d’Platzen bruecht huet.
Maach4un: Merci :)
D’Wort huet och en Artikel geschriwen, zu menger Iwerraschung:
http://www.joeladami.net/index.php?itemid=1154
Momentan zehrt blogdelux nach aus dem Pool vun Interviews déi leschten Samsden gemaach gin sin. Mee wéi laang deen nach unhällt an op daat ob Dauer interessant bleiwt/ass, ass eng aaner Fro. Totgeburt ass en gudd Stechwuert.