… I thought I knew a lot about audiovisual encoding / transcoding, but I’ve just learned something new: you can encapsulate a WMV9 video into a .mov file. And it plays.
That’s a surprise…
Published on
in
Comments
-
Eng Datei-Endung huet jo awer och absolut näischt ze soen. Du kanns och eng MP3-Datei als TXT ofspäichren, an du kriss se awer nach gelauschtert.
Donieft war ech mat WMV als Codec op Windows PCen awer ëmmer ganz zefridden – et war dat einfachst fier mol kuerz e puer kleng Filmausschnetter u Kolleegen ze schecken. ;)
Natierlech hun ech et net gebraucht wann et em mi eescht Saachen gaang ass, elleng schon dowins dat een net iwwerall WMV kann ofspillen, mee soss …. ;) -
Ech mengen du hues eppes net verstaanen (d’Konzept ass och zimlech abstrakt, gin ech zou). Ech hu net einfach nemmen d’Endung vun der Datei geännert, dat wier jo bescheuert. Bei Audio/Video gin et zwou verschidde Saachen: 1. de Codec, 2. d’Container Format. Déi kënnen fir eneen entwéckelt gi sin (zum Beispill gett et ee Codec WMV an dat passend Container Format dozou ASF, wat messleedend ass, well User dozou tendéiren d’Datei .wmv ze nennen, wat eigentlech falsch ass an dem Computer nemmen zousätzlech Rechepower ofverlangt fir z’entschlesslen wat d’Containerformat dann elo wierklech ass), mussen awer net (DivX encodéiert Dateien gi meeschtens an engem AVI Container Format (nee, AVI ass kee Codec méi) ofgespäichert). Déi 2 verdroen sech awer net emmer mateneen. E Video deen an H.264 encodéiert gett, kann een zwar an eng AVI quetschen, mee d’Wahrscheinlechkeet dass dee Video herno och spillt, ass geréng. Matroska ass zum Beispill ee Containerformat dat als Ziel huet mat alle Codecs kompatibel ze sin.
Ech hätt eben bei WMV als Codec an MOV als Containerformat net domat gerechent, dass déi zwee sech verdroen.Ech gin zou, vis-à-vis vum WMV 8 hu se grouss Fortschretter gemaach, mee vergläich emol een H.264 mat engem WMV9 bei selwechter Bitrate. Do leien nach emmer Welten dotescht. En plus hun ech mer soen gelooss, WMV géing B-Frames par défaut emol net ennerstetzen, mee dass een dat muss manuell aktivéiren. Ech peréinlech géing et jiddefallls mol net fir kuerz Clips benotzen. :D
-
Cool Leit gin Video sws just nach an Form vun Flash-Dateien weider. An daat ass dann och net méi en normalen Video, mee en VIRALEN VIDEO. ;-)
Domm Fro: wanns de den video lo geings online spillen, waat fir en Programm/plugin geing en dann spillen? Quicktime oder WMP? An als Codec braischt ech jo awer trotzdem WMV9?
Et gewennt en also net wirklech eppes.Ahjo: richteg cool Leit benotzen JUST onkompriméiert MPEG-Dateien. Oder Super8.
-
Hehe. Dovunner ofgesin suckt FLV souwisou total, zumols déi Probleemer mat der Audiokompressioun sin wahnsinneg nervlech, cf. Chipmunk Effect. :)
Well et am MOV Containerformat ass, de QuickTime. Mee dat géing natirlech feelschloen, falls de net de WMV Codec fir QuickTime hues. Den Windows Media Player wier awer op alle Fall net kapabel, d’Datei ze spillen, ganz einfach well en MOV net versteet. Ech sot net, dass een eppes dobäi gewennt. Eigentlech wier et souguer zimlech bekloppt sou ee Video online ze stellen, well déi mannst de Video kéinnte spillen. Et war just eng Beobachtung déi ech gemach hun. ;)
MPEG ass och kompriméiert – an souguer mat staarken Aboussungen u Qualiéit (“lossy”), ausser MPEG4 Part 10 (AVC / H.264), deen ass verloschtfräi (“lossless”) Kompriméierung. ;) Super8 ass gäil. Fir Konscht a méi experimentell Saachen. Awer technesch gesin natirlech em Meilen hannendran, dat stemmt. :) Zu Dresden sin iwwregens grad déi 8. “Schmalfilmtage” amgaangen. T’schéngen der wierklech nach genuch ze gin, déi sech fir Super8 intresséiren. :)
-
Thierry: autsch, du hues natierlech Recht :) Ech wosst dat mam Containerformat an Codec zwar effektiv eng Kéier (duech däin Post hun ech mech lues a lues rem drun erënnert …), mee wéi ech mech fier d’lescht intensiv mat Videobearbeschtung beschäftegt hun, läit scho laang zreck (hun einfach keen PC méi heiheem deen dat matmescht, eigentlech schued!).
-
Jo, t’ass effektiv eppes wat een séier vergesst wann een net muss driwwer nodenken. Als Enduser ass ee jo (gottseidank!) net mat deene Probleemer konfrontéiert.
Leave a Reply