Esou megagudd drop!

Ech wees ech kommen an de leschten Deeg net vill zum Bloggen. Mee dat heiten ass wahrscheinlech déi gäilste Vakanz déi ech je erliewt hun. Net nemmen feieren ech méi wéi normalerweis an ech léiren verdammt cool nei Leit kennen, mee ech gesin en plus permanent Leit erem, déi ech schon éiweg net méi gesin hun – deelweis esouguer sou laang, dass ech eng Sekonn muss iwwerleen, wouhier ech si iwwerhaapt kennen. An ouni iergendee wenn und aber geet et erem do weider, wou et opgehaalen huet, ewéi wann et déi Joëren doteschent ni gin hätt. Ee joërelaang net méi gesin, an direkt zesummen prosten an sech ennerhaalen wéi wann een sech emmer all Dag gesin hätt – dat ass esou een herrlecht Gefill, dat kann een sech guer net firstellen wann een et net selwer erliewt huet.

Doriwwer eraus hun ech Leit déi ech schon e bessen méi laang kennen an deene leschten zwou Wochen eréischt richteg schätze geléiert, an se si mer onheemlech un d’Härz gewuess; ech wéillt se net méi mëssen.
Natirlech gesin ech awer och lauter Leit, déi ech méi oft gesin, an dat ass net manner schéin. Doheem war emmer een zimlech abstrakte Begreff; et stemmt, et wees een eréischt wat een huet, wann et net méi do ass. Ech hätt ni geduecht, dass et sou genial ka sin, erem zu Lëtzebuerg ze sin.
T’gett erstaunlecherweis eng Persoun déi ech vermessen, vun där ech et net onbedéngt geduecht hätt. Komescherweis zidd mech dat awer net erof, dass ech se net gesin, ech freen mech einfach, dass ech ganz bewosst mierken, wéi eng weider Persoun eng wichteg Plaz a mengem Liewen anhällt. D’Liewen ass einfach schéin, esou wahnsinneg schéin!

Dass verschidde Leit mech deser Deeg fir domm verkaafen hätt mech firun e puer Joër wahrscheinlech nach onheemlech opgereegt, mee haut soen ech: wien mech net brauch, brauch ech och net. Ech erliewen zanter zwou Wochen all eenzelnen Dag wéivill aussergewéinlech a fantastesch Mënschen ech kennen – 2 Primärschoulen, 3 Lycéen a 2 Unien rentéiren sech :) -, déi fréier oder spéider emmer erem mäi Wee kräizen, do kennen mer déi aner gestuele bleiwen. Wann se mech froen fir eppes drénken ze goen sin ech dobäi wann ech grad keng besser ze din hun, mee ech si net méi do wann se mech a schlechten Zäiten brauchen. Dat kléngt schiel, mee wee mech lénks leien léisst, dee loossen ech och um Buedem leien wann e fällt.

Genuch Negatives. De Spaass geet emmerhin direkt weider. Haut de Metteg mam Frickiman an Lil’T Bowling spille goen an den Owend Iessen a Kinomarathon. Muer selbstverständlech Silvester – hëpp, jiddfereen an de Gronn an um 1 an d’Aula! – a definitiv “nach ee Leschten” fir 2006. MIR SI PARTY!

Currently playing: Once in every lifetime vum Jem. Fantastesch Sängerin an aussergewéinlecht Lidd.

Hei dann nach e puer Impressiounen vun den leschten Deeg:






Published on

in

Comments

  1. Do ass jo awer een wirklech gudd drop! Nemmen richteg sou :)

  2. A wéi! :) Jo emmer niddergeschmettert si brengt et einfach net :D

  3. federico

    Stemmt. Mee et huet een et och net ëmmer einfach (an dat schreiwen ech net einfach sou).
    Ech hoffen awer fier dech dat et nëmmen nach vill besser weidergeet :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *