Nofolgend een Text, den ech den 25. Juni 2004 geschriwwen hat, fir ee private Blog op naischtnotz, deen awer ni online gangen ass. Duerch absoluten Zoufall sin ech gerad iwwer déi Datei gestolpert (ech konnt emch emol net méi drun erenneren dass et dat eemol gouf!) an ech well iech dann hei emol een Post ze liesen gin. Déi “gudd” aal Zäiten. T’ass awer eng zenséiert Versioun, vu dass dee Blog hei öffentlech ass. Wien onzenséiert well dierf sech mellen.
Des Woch war nawell erem eng lass: Nationalfeierdaag, iwwert deen ech jo scho geschriwwen hun, an dann war do och nach dee leschten Donneschdeg mam Cours bei där wahnsinnig cooler Mme Z., bei där eis Klass wuel elo schon schlecht ugesin ass. Stellt dier iech ni d’Fro, dass eisen Absentéismus un ärem extrem intressante kéinnt Cours leien? D’Mme Z. nervt allerdéngs och aus engem ganz aanere Grond: déi 3. Prüfung vun desem Trimester déi mir musse bei hier schreiwen dierf net während hierem Cours maachen, well si keng Stonn well verléieren (!).
Hei gin et bis (elo) 7 Etappen:
1) Si wëll d’Prüfung mettes vun 14-16 Auer schreiwen.
2) Mir maachen alles, fir daat ze verhenneren (Annulatioun vun enger Däitschprüfung – ee ganz grousse Merci un den Här R.! -, verréckelen vun der Engleschprüfung an der Mathésprüfung).
3) Mir fannen een Datum wou mer d’Prüfung kéinnten vun 12-14 schreiwen, an awer nemmen eng Stonn Mme Z. verléiren (Mëttwoch, den 7. Juli).
4) D’Mme Z. – o waat e Wonner! -ass dogéint! Si hätt dann net genuch Zäit fir se ze verbesseren.
5) Mir gin bei d’Mme Remackel diskutéiren, déi proposéiert eis se während enger aanerer Stonn ze maachen.
6) Mir froen den Här P., fir se Méindes während der Geschicht ze schreiwen. Deen seet frëndlecherweis jo.
7) Paradoxt Resultat: D’Mme Z. ass zefridden, well si huet keng Stonn verluer, a proposéiert dunn dem Här P. him eng Stonn zeréck ze gin! Also, waat soll daat?!An dann natiirlech eisen (Steffi, Jill, Régis an ech) Exposé am Engleschen de Moien, bei deem d’Mrs S sech nawell zimlech opgereegt huet. Et war iergendwéi cool, déi Fra mol eng Kéier roosen ze erliewen – well et an eisem Intressi war, dass se sech opgereegt huet: den H. haat nämlech gemengt, hie misst während eisem Exposé d’Wort liesen. Reaktioun Mrs S wéi hien dunn och nach ugefaang huet mat schwätzen: “You’d better stop talking and put the newspaper away! Listen to the presentation!” – mäi Kommentar: Mrs S, dier sidd mer enorm sympatesch! :-)
De Match England – Portugal war dann och nach eppes iwwert daat ech mech gréng a giel iergere kéinnt… Also ech si bestemmt kee Rassist, mee dass d’Portugiesen weiderkomm sin an d’Englänner net, ass vun enger Ongerechtegkeet sonnergläichen. Ech géing nawell gären eng Kéier ee Wuert mam Schiri schwätzen, dee ganz offensichtlech net deen Onparteiescheste war.
Den Owend wärt ech dann awer virun allem un deen armen F. denken, dee muss mat senger Frëndin den Harry Potter 3 kucken goen… Daat ass definitiv de Virdeel vun engem Singleliewen! :-p
Leave a Reply