Elo wees ech, firwat deen Typ de Moien um 9 Auer un d’Dier geknuppt huet fir eis z’erwechen a ganz rosen erklärt huet, wann dee Knascht an der Kichen net direkt gebotzt géing gi misste mer bezuelen. Well ech näischt domatter ze din hat sin ech leien bliwwen, mee et war eben net ze iwwerhéiren. Ech schätzen emol d’Kichen huet ongeféier deem Zoustand geglach an deem sech d’Kichen elo grad befennt.
Ee Shoteglas. Riets geet et an d’Kichen. Et ass iwwregens strengstens ennersot d’automatescht Zougoen vun den Dieren op iergendeng Manéier ze blockéiren. Hun se sech nach keng eng Minut drugehalen.
Déi Kaarten um Buedem si vun hierem Saufspill.
Dat Glas fir um Desch ass aus dem Studentewierk geklaut.
Ech he kee blasse Schimmer wat déi Flecken op de Still sin.
Par contre dat do ass sou richteg cool Studentekultur. :)
Riets nach ee Glas dat se am Studentewierk matgoe gelooss hun.
Erstaunlecherweis ass de Lavabo allerdengs enorm propper…
Leave a Reply