De 14.12.2005 ass, wéi sou oft schon, eng weider bescheuert Décisioun am EU Parlament gefall, des Kéier konnt se am Géigesaatz zur Softwarepatentéirung, fir déi den Här Knéckeg sech jo och korrupterweis staark gemaach hat, awer net nach (virleefeg zumindest) verhennert gin. Rieds geet vun der Virratsdatespäicherung. Kléngt komplizéiert, ass awer ganz einfach: soubaal d’Regierung déi Richtlinn vun der EU emgesat huet, gett all Telefonsverbindung (inklusiv Handy) an jeglech Internetverbindung fir 6 Méint laang gespäichert. Dat heescht wann ech elo zum Beispill engem Kolleeg eng Email schécken, kann d’Regierung nach een hallewt Joër méi spéit noweisen, dass ech mat him a Kontakt stoung. Sou léisst sech Terrorismus jo schließlech méi einfach verhenneren. Och wann ech em sollt uruffen, gett dat fir sechs Méint festgehaalen.
Wéi d’Situatioun mat engem Gesetzesentworf derzäit zu Lëtzebuerg ausgesäit, wees ech leider net, ech hun an de leschte Méint net vill vun der Politik do matkritt. Kuckt een awer emol an Däitschland – an ech woen emol unzehuelen, dass d’Gesetz a Lëtzebuerg ähnlech wert ausgesin – gett do bei Handysgespréicher an SMSen och protokolléiert, wou déi jeweileg Persoun sech zu deem Zäitpunkt opgehaalen huet.
Wien elo domm genuch ass, ze behaapten, en hätt jo näischt ze verheemlechen, hei e Beispill, wéi eng Kontroll d’Regierung domatter iwwert säi Privatsliewen kritt. Ugeholl, du bass krank. Wéi ee verstännege Mensch riffs de beim Dokter un an hells der ee Rendez-Vous. Do ass jo näischt dobäi. Dach, well schon kann d’Regierung der fir sechs Méint noweisen, dass du mat genau deem Dokter telefonéiert hues. En anert Beispill: duerch déi total Protokolléirung, kann d’Regierung ganz präzis novollzéien a beweisen, wien wee kennt a wéi oft déi Leit mateneen kommunizéiren. Mee et huet ee jo näischt ze verheemlechen, also ass dat net schlemm.
Sot ech schon, dass an Däitschland och firgesin ass, anonym Emailkonten an Anonymiséirungdengschter (z.B. d’tor Netzwierk fir e bekannten Beispill ze nennen) ze verbidden. Domatter wieren mer do ukomm, wat Datenschützer zanter Joëren färten: den totalen Iwwerwaachungsstaat. De Luc Frieden wert sech freen.
Gottseidank gett et awer nach een Hoffnungsschimmer: Irland – et si meng Helden! – hun eng Nichtegskeetsklo um europäesche Gerichtshaff ageriicht, en Urteel ass fir 2007 ugesat. Wann et schief geet, wanderen ech e bessen méi wäit aus. Dublin soll schéin sin…
Leave a Reply