E puer Wieder déi ee net an der Schoul léiert, awer muss kennen:
– alright? = Salut!
– to have your face off / to be fucked / to be pissed = total besoff sin
– to get pied = vun engem Meedchen ofgeleent gin (kennt dat vun “American Pie”??)
– Cheers! = Merci!
– to sellotape sth. to sth. = eppes enzwouch uscotchen
– advert = Reklamm (hu bis lo just “ad” an “advertisement” kannt, mee benotzt hei keen)
– aircon = Klimaanlag (“air-conditioning” seet och kee Mensch hei)
– bullocks! / balls! = Blödsinn!
– sucker = Drecksaak
– bastard = Kallef
– to mess about with sth. = sech mat eppes beschäftegen, un eppes kniwwelen
– to mess about with sb. = fummelen
– my heart bleeds pink = soll ech eng Bécks Matleed opmaachen?
– dirty pint = 5 Shots Bell’s Whisky, 3 Shots Gordon’s Gin, 2 Shots Sambuca, 2 Shots Tequila, 2 Shots Sauerapel, en halwen Pint Guiness. An am beschten keng Hennernisser bis bei d’Toilett.
to be continued…
…to be fucked…
Soën d’Jofferen dat och? Kéint zu Messverständnisser féiren :-)
Kniwwelen ass emmer gudd ;)
Cheers get awer nach fir vill méi wéi nëmmen “Merci” benotzt am Globe Shop zu London, huet d’Verkeeferin zu mir “Cheers” fir Moien, äddi, Wannechgelifft a Merci gesot.
Ech hun dat nach net vun de Meedecher héiren bis elo. Mee wann se bis an deem Zoustand sin gett et keng Messverständnisser wéi wat dat ugeet… T’ass net esou wéi wann déi meescht sech nach géingen den anere Moien un iergendeppes erenneren, do ass et guer net auszeschléissen dass ‘fucked’ an deenen zwou Bedeitungen ka sin.
Hehe, jo :)
Cheers fir moien an äddi hun ech bis elo nach net héiren… Mee d’Englänner hun souwisou och schon erem aner Expressiounen wéi d’Walliser. :)