gett et jo bekantlecherweis an deenen diverste Sproochen. Duerch puren Zoufall sin ech awer grad iwwert eng Versioun gestolpert, déi nach een dropsetzt. Nee, ech mengen net d’Vicipaedia Latina, an och net d’Vikipedio. Och net d’ripoarische Nokixel, oder d’deitscht Uffguckbichli (ass dat kee gäilt Wuert?), mee d’tlhIngan Hol wIqIpe’DIya. A wat beim qeylIS ass dat fir eng Sprooch? Klingonesch.
Ier een sech wonnert wisou eng Sprooch déi kee Mensch schwätzt fir Wikipedia benotzt gett: Klingonesch ass eng offiziell Sprooch – mat ISO Code, kompletter Morphologie, Syntax a Vocabulaire etc. Dictionnairen an Grammairesbicher gin et souguer och. Anscheinend gin et méi Leit, déi Klingonesch beherrschen, ewéi Esperanto Unhänger. Souguer Shakespeare gett et op Klingonesch, “Much ado about nothing” zum Beispill, oder den “Hamlet”. Verréckt ass et dofir awer net manner.
Ech mengen, lo wees ech vun waat d’Lëtzebuergescht oofstammt: Pennsilfaanisch Deitsch :D
Et gin Leit déi hunn definitiv zevill Zäit.
Deen Dag, wou ee kann Klingonesch an Owescoursen léiren, wëll ech definitiv net méi erliewen.
gett et bestemmt schon :D
Pennsilfaanisch Deitsch an den aaneren Dialekt do klenge wei Letztebuergesch. Woumadder erem de Beweis erbruecht ass: Letztebuergesch ass d’Ursproch vun der Menscheet ;)
Ech fannen Klingonesch sollt als 4t Sproch an Letztebuerg angefouert gin. Hach, ECH SIN DOFIR!
so say we all :D
Hehe jo, an dann direkt engems dann och déi klingonesch Kriegerkultur matiwwerhuelen. :) HeghmeH jaj QaQ ‘oH DaHjaj’e’.
Serge du kucks zevill BSG. :)