Bloggertreffen

Well dat soss ni eppes gett – keng Ahnung op nach een de Foum kucke geet oder net -, starten ech op deser Plaz d’Diskussioun frësch, well hei wuel déi meeschte vun iech et matkréien.

Meng Propose ass foljhend: d’Blogger (do begräifen ech de b352 mat an, och wann deen d’Blogosphär leider verlooss huet) plus d’Stammkommentatoren ewéi Benem a Serge treffen sech den 29.12. (wéi den Thorben dat ursprünglech proposéiert hat) an der Staat. Am beschten am fréien Owend a net eréischt spéiden Owend, well dann d’Caféen schon iwwerfellt sin an et méi schwéier ass enzwouch genuch Plaz ze fannen. Mir kennen awer natirlech och nach emmer probéiren enwzouch ee Sall ze reservéiren ewéi den 1. Stack vum Scotts am Gronn, dann wiere mer ennert eis a missten eis och keng Suerge maachen, dass mer net all an engem Café ennerkommen.

Schreiwt an d’Kommentarer wat der dovunner halt, respektiv wat dir léiwer hätt.

Published on

in

Comments

  1. Serge

    mein kommentar wier : mach dier mol an sot mer dann wou et ass an ech soen dier thierry dann sou frei wie meiglech op der sollt op mech warden oder net
    bzw fannen et gutt dass de einfach mol en statement mechs da geet dat schon ;)
    bzw ech sin och en blogger ech hun just net fill gebloggt :P oder sot een eppes fun powerblogger oder blogger mat eegenem blog :P

  2. Änder

    Dat do ass den richtegen Wee. Den Mënsch ass en Herdendéier an wëll gefouert ginn :-) soss gët dat nie eppes.

    Op ech den 29. kommen kann, kann ech elo nach nët soën, awer ech wärt mäin Beschten machen.

  3. Hehe :)

    Majo den 29.12. ass kee festen Datum, maach roueg eng Propose wanns de een Dag hues wou et der besser geet?

  4. Änder

    Nee, nee, den 29. ass un sech schon ok, et ass jo awer nach en Steck bis dohinner, an esou lang am Viraus plangen ech nët. Besonnesch wou deen Datum jo an déi besënnlech Zäit fällt an der een all zweeten Dag iergendwou agelueden ass, an sech bis zur Besënnungslosegkeet zoudröhnt :-)

    Mä et ass jo Freides, dann sinn ech mol op allen Fall an der Stadt (Arbecht), do wärt sech schon eppes machen loossen…

  5. Den 29. fannen ech e gudden Datum. Ech sinn dobäi. Deemno wéivill mer sinn, géif ech virschlon mer man déi Saach am Scott’s oder mer ginn eppes iessen, vu dass de Meris nach mannerjähreg ass.

  6. Eppes iessen goen kléngt flott, allerdengs stellt sech do de Problem, dass mer relativ séier mussen wessen wéivill Leit genau kommen, mir kennen net Freides owes iergendwou zu 15 Leit opdauchen an een Desch verlangen, do ass Wahrscheinlechkeet relativ geréng dass mer nach een Desch kréien. ;-)

    Mannerjähreg wier an der Rei, allerdengs ass et domm, dass en nach keng 16 huet. Ech well mer lo keen Urdeel vun där Foto an sengem Blog bilden, mee wann en net allze jonk ausgesäit, kemmert dat kee Mensch an et freet keen en no senger Carte d’identité. E muss jo net grad eng Bloody Mary bestellen.

  7. Leti

    dierfen do och “Terroristen” mat? ;) :P

  8. Ech huelen un, déi si souguer ausdrécklech erwënscht. ;)

    Mee de Meris ass och net sou kleng, dee kréie mer schon iwwerall rageschleust, wann en da matwëll.

  9. Dajee alt, soulangs de net ausgerechent deen Dag eppes sprengs… :)

    Okay, gudd. Ma du kenns de Meris jo, ried em mol zou, wat méi Leit wat besser. ;)

  10. Leti

    Gutt, dann wier ech nämlech mat Begeeschterung dobei :D
    An ech loossen och all méiglech Waffen oder Sprengsätz doheem leien, versprach :P

  11. Hehe. Ok ech mengen an deem Fall dierfs de. :)

  12. 29. geet bei mir wéi et am Moment ass mol secher net (deen Dag geet et héchstwahrscheinlech an d’Vakanz) :( … wier zwar immens schued mee ech kann natierlech och net verlaangen dat 10 Leit en Datum wins mir änneren … :(

  13. Maach eng Propose. Bis elo si mer zu 3 sécher (4 wann den Thorben den 29. nach emmer Zäit huet). Dat ass nach eng kleng genuch Zuel fir een aneren Datum ze fannen. ;)

  14. Also mir giff souzesoen alles fierum 29. goen …

  15. Also, Fede ouni dech geet et jo net. ;)

    Ech si flexibel, bis op den 22.12. an ab dem 4.1. hunn ech ëmmer Zäit.

  16. Do hunn ech mech schlecht ausgedréckt.

    Ech hunn Zäit ëmmer, ausser den 22.12. an ab dem 4.1. hunn ech och keng méi.

  17. Firum 29. kéinnt ech just Mettwochs den 27.

  18. 29. ass Ok fir mech. Wann der mech dann wellt mathuelen.

  19. Mir huelen eng “Terroristin” mat, dann kennen mer och e “Feierball” mathuelen. :)

  20. Vun Beruf sin ech emmer nach Pirat. :-P

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *