Upload mat 140kbit/s

Herrlech… Sou séier ass mäin Download zu Lëtzebuerg mol nach ni gewiecht. Dobäi ass dat och eng 2Mbit/s Leitung. Ah nee, waart. Dat ass ADSL a net SDSL. Asymetresch hun ech nach ni gudd fonnt.

Sennlose Post ech wees. Mee no enger Stonn Redaktioun fir d’Creative Writing Anthology (dat kléngt kuerz, mee ech hun dräivéirels vun der Arbescht matgeholl well ech nach wollt an den LRC) a fennef Stonnen LRC (Learning Resource Centre, dat Gebei wou d’Bibliothéik, de Radio- an de Fernsehsender an ee klenge Kinosall dra sin) muss e bessen Sennloses sin.

Published on

in

Comments

  1. federico

    Zu Lëtzebuerg hat ech allgemeng gesin nach ni grouss Problemer mam Internet. Mee du misst mol hei an der Belge sin. Sou schlampeg ass eis Post mol net :)
    Net nëmmen, dat d’Geschwindegkeet theoretesch 20 Mbps misst sin, praktesch awer nemmen 8, schwankt se och nach *fuechtbar* krass vun Dag zu Dag. Desweideren huet all Client vun der klenger Entreprise [1] wou mir eisen Internet hun, déi selwecht Hostmask, wat mat sech zidd dat ech verschidden Saachen déi eng direkt Verbindung erfuerderen guernet ka notzen. Mee déi arm Sei déi bei der Belgacom sin, sin nach méi armséileg drun.
    Mega!

    [1] LLN Net: http://www.louvainlaneuve.net

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *