Déi Leit, déi den ronn 30 Minutte laangen ongeschniddenen RTL Video vu leschtem Freideg gesin hun, wessen, dass et leider stemmt: am Kolléisch ass Chaos ausgebrach, well d’Direktioun sämtlech Dieren zougespaart hat – wat, wann ech mech net ieren, vum Gesetz verbueden ass: et dierf zu kengem Moment e Noutausgang zougespaart sin. Nach vill méi krass wierkt dat Ganzt awer, wann een sech de Communiqué vum CNEL duerchliest: d’Direktioun hat esouguer de Feieralarm ausgeschalt fir dass d’Schüler keen automatescht Opmaan vun de Feierdiere kéinnt provozéiren! Do sin ech nach mer nach vill méi sécher, dass dat illegal ass. Der CNEL no huet souguer eng Schülerin an deem Chaos d’Bewosstsäin verluer. Ganz normal wann een eng Mass op sou eng pervers Art a Weis manipuléiert.
An – et ass net ze gleewen, mee et kennt nach schlemmer! – de Comble: d’Direktioun vum Athenée huet tatsaach de Nerv elo wellen ze kloen, well Saachen zu Broch gaangen sin wéi d’Schüler probéiert hun aus dem Gebei ze kommen!
Dir Hären Haag a Salentiny, Dir hutt den A*** op! An Däitschland kréisch Der fir déi Fräiheetsberaubung bis zu 5 Joër Prisong. Zu Lëtzebuerg ass et garantéiert ähnlech. An ech si mer sécher, fir d’Ausschalten vum Feieralarm gin et nach e puer Joër extra. Wéi wier et also domatter wann der Iech elo mol schéi roueg géingt an är respektiv Büroen verkrauchen, an hofft, dass keen Iech verklot?
(via)
Jo, ech sot nach emmer de Kolléisch wier voller Nazien. Mee bis well war dat just sënnlost Gebrabbels fir den “renomméirsten” Lycée am Land ze diskretéiren, schéin dass ech en fin de compte awer recht halen.
Ech géing zwar ni sou wäit goen an se als Nazi bezeechnen, dat ass eng komplett aner Kategorie… Bis op d’Fräiheetsberaubung hun se näischt mat Nazien gemeinsam, an dat ass emol näischt charakteristesch Rechtsextremes, an dat eleng dierf net als Argument zielen fir een als Nazi ze bezeechnen. Mee kriminell ass et op alle Fall.
Dass den Kolléisch déi renomméierst Schoul aus dem Land ass, ass och nemmen eng Illusioun vun den ale Generatioun. Ech wees awer aus éischter Hand, dass et Proffen do gin, déi keng Spuer iwwerzeegt sin, dass de Lycée esou gudd ass. Léisst een hoffen, dass d’Leit net alleguer blann sin. ;)
Mee anscheinend wär et jo awer zu all Moment meiglech gewierscht raus ze goen? Ech hat leider nach keng Gelegenheet mer daat vun engem aus dem Kolleisch bestätegen ze loossen. Daat mam Feieralarm ass mir nei falls et den Fall ass keint daat wirklech Folgen fir d’Direktioun hun.
Falls net sin se am Recht, an et gouf Hausfriddensbroch begaangen.
Papperlapp. En Streik authoriséiert net zum Stiermen vun de Gebeier. Daat ass daat waat d’Streikerten awer wollten maan. Den Haag wollt verhenneren dass se giffen rauskommen.
Hien huet sain Haus a seng Schüler also geschützt ;) Sou wéi och de Ministère säin Gebei mat Flic’en geschützt huet.
Schüler aus dem Kolleisch déi hätten wéilten streiken hätten just dobaussen bräichten ze waarden an mam Cortège matgoen.
Et woer en plus keng Gefohr vun Feier, etc. Daat ass alles just Polemik. An d’Streikerten haaten keen Recht aggressiv ze gin an probéieren ranzekommen. Daat ass Hausfriendensbruch.
correction: Den Haag wollt verhenneren dass se giffen rankommen.
:)
Thierry, ech benotzen de Begreff Nazi nummol e besse méi wäitgefächert. Ech benotzen e falsch, jo. Mee en bezeechent fir mech net nëmmen Rechtsextremer, mee an dem Fall eben och Reaktionärer.
Oops, dann sin ech wuel eng Meschung aus Liberalem an Nazi, lol.
Ech war zwar net do, mee zumindest um Video vum RTL huet et net dono ausgesin wéi wann d’Schüler hätte kennen eraus. Dass se am Recht sin bezweiflen ech am Moment schon eleng dowéinst, well ech néirens eng Stellungnahm vun hinnen fannen. :)
Do gett et ee radikalen Ennerscheed: d’Flicen vrum Ministère hun d’Schüler dovunner ofgehalen d’Gebei ze stiermen an also eran ze kommen. Wann den Här Biltgen hätt wéillten eraus, hätt e kennen. Den M. Haag op der anerer Säit huet duerch seng zougespaarten Dieren zwar wuel verhennert, dass d’Leit konnten erakommen, mee eben och, dass se kéinnten eraus. An dat ass näischt manner wéi Fräiheetsberaubung.
Ze behaapten et hätt jo souwisou keng Gefor fir ee Feier bestaanen, ass naiv. Mat engem Feier muss een zu all moment rechnen, zumols an sou engem grousse Gebei wéi dem Kolléisch. Du kanns an du dierfs op kee Fall dovunner ausgoen, dass et souwisou kee Feier gett, an den Alarm ausschalten. Soss kéinnt ee jo och soen et bräicht ee guer kee Feieralarm. Dat ass eng fatal Astellung.
Fannen ech eng geféierlech Definitioun. D’Nazien sin zwar reaktionär, mee dofir ass ee Reaktionär nach laang kee Nazi, dozou gehéiert wäitaus méi. D’Nazien hun sech selwer ironescherweis jo souguer als anti-reaktionär gesin…
Ech soen net, dass d’Streikerten d’Recht gehat hätten, de Kolléisch ze stiermen. Mee den Haaptfeeler läit bei der Direktioun. D’hätt kee probéiert d’Gebei ze stiermen (Déi aner Lycée’en hun se och net gestiermt, wisou hätten se dat sollte beim Kolléisch maachen?), hätten se déi déi wollten einfach erausgelooss. Wann ech eng Persoun onrechtméisseg asperren, hun ech kee Recht mech ze beschwéiren, wann ee vu baussen d’Fenster probéiert futti ze schloen fir déijeneg Persoun erauszeloossen. Nee, Gewalt ass sécher keng Léisung. Mee wann ech se provozéiren, hun ech mech herno gefällegst net opzereegen wann se entsteet.
een Noutausgang, wéi en am Kolléisch an och a villen aanere Schoulen ass – a net nëmmen an de Schoulen, och an den Hoteller, am Kino, am Cactus, asw… ass normalerweis emmer zougespaart a kann am Noutfall duerch een einfachen Handgreff opgemach gin. Et war also net esou, dass am Fall vun engem eventuellen Sinister, d’Schüler zesummen mat der Direktioun evtl. verletzt wären.
Ech sellwer hun een Deel vun den demonstréirende Schüler gesin, déi queesch duerch eng gréisser Schoul um Lampertsbierg getrëppelt sin, si hu Kaméidi gemach, jo, awer si sinn “disziplinéiert” duerch d’Gebei gangen.
Ech hu mir e Freideg nom Reportage um RTL awer och d’Fro gestallt, ob et genau esou “roueg” erof gange wär, wann d’Diiren vun der genannter Schoul all zougespaart gewiescht wären…
an aanere Wieder: et geet jo och einfach *g*
Waat ech net verstinn ass daat Pseudo-Argument dass d’Schüler hätten raus wëllen an wären agespaart gin! Déi die hätten wéilten streiken hätten just virum Kolleisch kéinten waarden?
An sech duerch zouen Dieren provozéieren ze loossen ass awer och net ganz souverän an weist op Frustratiounen hin ;)
An wéi wier et iwwerhaapt gewiescht wann während dem Streik-Cortège AM Gebei een op d’Schness gaang wier an sech d’Been gebrach hätt (oder, well d’Leit jo och mat der Feier-Hypothese iwwerdreiwen, sech d’Geneck gebrach hätt), ween wier dann geklaakt gin? Den Direkter oder den Streikcomité?
Ech behaapten net, dass all Reaktionär en Nazi ass, et ass just e Begëff deen ech fälschlecherweis lapidar dofir benotzen. Dat huet sech bei mir sou zur Gewunnecht gema, a geännert kréin ech dat wuel éier net méi.
Chris: Du wärs dech zevill mat Amerika beschäftegen, do nennen sech och jidereen an egal ween deen hinnen op d’Nerven geht Nazi …
nazi
Another term for someone who is overly controlling and is rude about it. Originated with the Soup Nazi on seinfeld
-dude she wouldnt give me any free pizza
-dude what a food nazi
-dude my coach says i have to run like 5 miles
-dude what a track nazi
you get it
;)
Bon, als freieren CNELer muss ech jo do lo bal meint pefferkaerchen dozou gin :-D
Wa wuel net su gudd ofgeschwat dat ganzt mam haag. Haett de schüler- oder streikkomitee missten virdrunner mat em klaeren wei dat geng oflaafen (bei der wernesch huet dat op alle fall emmer geklappt, an dei wa jo o eischter “old school”) As jo och eng sauerei dass en d’Dieren zousperrt, virun allem dass et net dei eischte keier as dass sou eng manif stattfennt dei dann o duerch d’gebeier leeft fir nei rekruten ze fannen. Wann ech mech richteg erenneren, as et suguer mol virkomm dass sou en tross vu leit duerch de schuman gelaaf mat escort vun 2 flicen hannendrun (wann also eppes geschidd wier, haetten dei direkt keinten en prcoès verbal maachen). Den haag haett jo keinten froen dass e puer der leit mat käpien do gestaanen haetten an nogekuckt haetten ouni ze provozeieren. Dat wier mei gescheit gewiecht…
Soit, dee streik, hun ech d’gefill, wa rem typesch Unelsmeisseg organiseiert… also quasi guer keng organisatioun :-). An ech sin o emmer misstrauesch par rapport zu den communiquéen vun der UNEL, dei iwwerdreiwe gaeren an vergiessen emmer dei punkten dei net su positiv fir sie sin. Wannn en de communiqué liest keint e jo mengen dat wier bal wei 14-18 am bulli am kolleisch do gewiecht!
Ech hun o heieren dass a verschidde lycéen schüler dei net wollte matstreike goen bedroot gi wieren… Also as op deenen zwou seiten do bessen egalwat geschidd :-)
Soit, den haag as do o am feeler an as jo o en affront dass e lo o na eng plainte gema huet (ech soen just dass d’wernesch beim walkout geint den irakkriech o nawell e bessen schued um schuman festgestallt hat an se awa nemmen driwwer gelaacht huet). Sou saachen geheieren eben mol zum streik dozou…
Schued am fong dass ech net konnt beim streik dobei sin :-D