Cardiff ass eng verdammt gäil Staat. A nach vill méi genial ass se owes wann all d’Stroossen gespaart sin, an d’Discoen hier Dieren opmaachen. Ofgesin dovunner, dass et emmer iergendwéi ee coolt Gefill ass, iwwer eng Strooss ze laatschen déi nach eng Kéier sou grouss ass wéi de Boulevard Royal, ass déi Initiativ excellent. Stellt iech fir, all Weekend gett ab 21 Auer d’Hollrecher zougemaach, dass all di selleg alkoholiséiert Jonker net aus Dommheet ennert en Auto trellen. Dat ass top!
Fir op Cardiff an zeréck op d’Uni ze kommen haten mer ee Minibus geuerdert. £84, dunn kruteen mer nach eng Reduktioun vu £4, allerdengs hun mer net rausfonnt firwat, mee dat ass jo eigentlech egal, an vu dass mer zu 10 waren, ass dat dunn fir jiddereen £8 gin. Wäitaus méi belleg wéi een Taxi, an mir haten den Virdeel, dass en eis bis frun d’Dier sichen koum, an direkt bei den Discoen erausgelooss huet an herno och erem do ewech gehol huet, ouni dass mer hun nach missten een Taxi sichen, well déi sin relativ séier voll. Nodeems mer dunn nach ee vun onser Mannschaft an den Tropicana sichen waren, hu mer eis Richtung Prince of Wales gemaach. Jo, dat ass ee Pub. A keen normalen. Dat Gebei war firun villen Joëren eemol ee Kino, an ass bombastesch. Wann een erakennt, kennt een sech fir wéi an der Agaangshaal vun enger Oper. Eng rieseg Traap déi erof an den Keller an erop op den éischten Staack bei déi zweet Bar féiert, zidd sech duerch de Rez-de-Chaussée. D’Fläch ass ongeféier déi vum Atelier, eemol um éischten Stack, an dann nach eemol dat selwecht um zweete Stack. D’Atmosphär ass roueg, et leeft keng Musék an et ass ideal fir e bessen ze quatschen. D’Gebuertsdagskand krut een Dirty Pint spendéiert, ass säi Moo doropshin eidel maache gaangen an den Owend konnt richteg ufänken.
Wat ass een Dirty Pint frot der elo eventuell? Ganz einfach, an een Dirty Pint gehéiren foljhend Saachen: 5 Shots Bell’s Whisky + 3 Shots Gordon’s gin + 2 Shots Sambuca + 2 Shots Tequila + 2 Shots Sauerapel + een halwe Pint Guiness. Prost!
Nächst Statioun: The Square. Mir wollten e bessen Musék. Obwuel de Square selwer eng fantastesch Arichtung huet, an garantéiert Potenzial hätt, eng mega Disko ze sin, huet den DJ alles vernicht. Net nemmen huet e Lidder opgeluecht, déi nach ni ee Mensch héiren huet, mee en war och esou a seng Stemm verléiwt, dass en permanent an d’Lidder drageschwat huet. Nodeems eis d’Gewulls um 1. Stack e bessen vill gouf – wuelgemierkt, d’Hallschent vun der Fläch ass Bar, dofir war et séier voll – si mer op den zweete Stack gaangen. Do par contre war et esou eidel, dass mer eis Glieser eidel gedronk hun an eis séier rem wech gemaach hun.
Drëtt Statioun: Walkabout. Um Rez-de-Chaussée ee Café, deen ongeféier sou grouss ass, wéi de Lesters, an eigentlech gesäit et och esou aus, wéi wann dat alles wier. Hannen am Eck sin awer Traapen verstoppt, an déi féiren een an eng vun deenen wahrscheinlech gäilsten Diskoen zu Cardiff. Eng Disko, am Keller, sou grouss wéi den Atelier. Just mat gudder Musék. Hei gett an den Diskoen net éiren iergendeen schielen Hip Hop gespillt – och wann eemol Black Eyed Peas koumen, mee näischt ass perfekt – nee, hei danzt een op sou Bands wéi The Killers oder Wheatus. E bessen gewöhnungsbedürfteg vläit, mee den hellen Wahnsinn wann een den éischte Schock op Mr Brightside sollen ze danzen iwwerwonnen huet.
Domatter war den Owend och eigentlech gerett. Fir ee wallisesche Gebuertsdag ass aussergwéinlech wéineg Alkohol gefloss, mee de Spaass war definitiv net manner. Et gouf permanent gelaacht, all Mensch war gudd drop, an ier mer et gemierkt haten, war et dräi Auer. Dat war déi ideal Zäit iessen ze goen. Also séier an d’Strooss mat den Imbissbuden, vun den Cardiffians “Chippy Lane” genannt, – an jo, séier, well um 3 Auer maachen déi éischt Caféen an Diskoen zou, an dann gin d’Leit iessen, a wien well schon an enger laanger Schlaang stoen – an nach eng Portioun Curry Fritten gegönnt. Knapps war dee leschten Maufel erof, huet et ugefaangen mat schiffen. Séier onse Minibus geruff, selbstverständlech ennerwee nach ee vun eis vergiess, zwee vun eis erem eraus an de Reen no deem sichen – fir säin Handy opzehiewen war e wuel schon ze alkoholiséiert – an zeréck op d’Uni.
Ee Virdeel zu Cardiff ass, dass een ennert 18 net an eng Disko erakennt. Well den Alkohol eréischt ab 18 ass hei. An dat gett relativ krass kontrolléiert. Verschidden Alkoholsorten si souguer ab 21, an et kann mol firkommen, dass een bei der Bar nach eemol muss seng ID weisen, obwuel een déi schon gebraucht huet, fir iwwerhaapt eragelooss ze gin. Et ass einfach herrlech, an enger Disko ze sin an net wéi am Atelier Spuntien vun 14 Joër ronderem sech ze hun, déi erem nemmen erakoumen, well se den Türsteher kennen. Dat klappt hei schon eleng dowéinst net, well et zwee Türsteher sin, a net een.
Ausserdeem sin déi meescht Diskoen gratis, bis op de Walkabout koumen mer iwwerall fir näischt eran, an dee war mat £2 (~3€) extreem belleg verglach mat lëtzebuergesche Präisser.
An elo ass ee verdammt léiwt Meedchen – eent vun deenen wéinegen déi scho bal d’Skala sprengen – amgaangen säi Bett um Gang opzebauen. Wann et net dem Gebuertsdagskand seng Schwester wier an dee net schon een aneren vun eis gewarnt hätt et géing eng op d’Noss wann en em ze no kéim, wier ech jo lo um Gang a net um Computer, mee ech fänken léiwer keng Kläpp mat deem un. Naja, ech verstin en. :)
Ah, die verbueden Saachen reizen jo awer meeschtens am meeschten!!! ;)
Und es ist nicht aller Tage abend … Bonne chance! :)
Thierry, patten wech ;) mir wessen firwaat ;)
Jo, leider reizen déi een am meeschten. Mee wéi de Gilles scho sot wees ech firwat ee sech bei sou eppes besser wech hält. An ech géing a mengem Matbewunner senger Plaz genau d’selwecht reagéiren, wat d’Saach och net méi einfach mecht. :)