Dass dat net alles ganz korrekt ofleeft, wousst ee jo schon laang. Wat bis elo awer nemmen eng staark Ahnung war, gouf duerch Amazon elo ongewollt bestätegt: déi nei Popstars Band, déi eréischt d’nächst Woch soll bekannt gin (woubäi wuelverstaanen d’Zuschauer eng deier Nummer mussen uruffen fir ofzestemmen!) steet schon laang fest. Bei Amazon konnt een souguer schon d’Single “Shame” bestellen. De Numm vun der neier Band, deen och eréischt en Donneschdeg soll décidéiert gin, ass iwwregens “Monrose”.
Leave a Reply