A leschter Zäit gett et eppes wat mech emmer méi nervt: zanter e puer Méint hun ech Knäpp vu Vivanco. Déi hu mech allerdengs vun Ufank u net iwwerzeegt, mee wat erwaart een och schon fir knapps 15€. Et huet mech relativ laang awer net wierklech gestéiert, vu dass ech se net allze oft benotzt hun – een MP3 Player hun ech net an um Laptop waren se ausräichend wann ech einfach e bessen Musék wollt lauschteren während dem Surfen. Elo awer benotzen ech de Laptop fir DVDen ze kucken, Musék em hierer selwer wellen ze lauschteren a net nemmen als Hannergrondmusék. Mat de Vivanco Earplugs kléngt dat total schrott an d’Lautsprecher vum iBook sin, naja, soe mer, si erfellen hieren Zweck mee d’Tounqualitälit ass net emwerfend. Dat erwaarden ech allerdengs och net vun engem Laptop.
Meng Fro elo ass folgend: kennt iergendeen vun iech sech mat Kopfhörer aus? Momentan liebäuglen ech mat dem SR-60 vu Grado, an dee läit och an enger akzeptabler Präissklass (ennert 100€). Huet ee vun iech deen, oder hutt der aner high-end Kopfhörer mat deenen der zefridden sidd? Am beschten näischt / net allzewäit iwwert 100€ (110€ oder 120€ géing ech och nach verkraaften) an et sollten traditionell Kopfhörer sin, keng Earplugs.
Ech sin fir all Hellef dankbar. Wann et ee gudden Tipp ass, gin ech der betreffender Persoun och gären een um Bloggertreffen aus. :)
mat deenen do mechs de menger meenung no net ze fill falsch. de problem bei den kopfhöhrer an insgesamt och lautsprecher dei high-end sin ass dass se all en “eegenen” klang hun an jidderengem eppes anescht besser gefällt (low end hun och en eegenen an daat as normalerweis gepushten bass fier dass kee mierkt dass se schrott sin). ech hun deer opener fun sony doheem ähnlech wei den sr dengens do an sin domat immens zefridden , hun lo schon 3mol den gummi gewiesselt wou se opsetzen well en duerchegschauert war mee de klang fannen ech nach emmer impeccable an den bass geet net futti och wann een mei hart hard lauschtert ;).
wanns de eventuell intresseiert bass un eppes mei handlechem fier eventuell am gepäck oder sou ze transporteieren giff ech mer http://www.koss.com ukucken, bzw dei hun och där grousser an sin souweit ech informeiert sin unerkannt fier high-end produkter.
soss wi gesot am beschten en buttek fannen wous de einfach kanns vergleichen wat rauskennt aus den diversen höhrer, oft sin och mei deier sachen net wierklech iwerzeegend
p.s. an du brauchs mer och keen auszegin ech huelen mer deen beier och sou ;)
Ech hun héieren dass d’Creative Zen Aurvana och ganz gudd sin. Daat sin sou In-Ear-Kopfhörer, an déi blenden d’Emgebungsgeraicher anscheinend och relativ gudd aus. op se wirklech eppes daachen kann ech der awer net soen.
ben, keng earplugs :)
wann et sollen klenger sin sennheiser px200 oder de klassiker; d’Koss portapro.
ech perséinlech sin nach emmer ugedoen vum sennheiser klang, net sou wuchteg mee extrem subtil. deng deis du d hues kennen ech net, mee se gesin flott aus…
UPs, haat ech iwwerlies.
Plantronics mecht iwregens – wéi ech fannen – ganz gudd Headsets fir Gaming, déi klengen fannen ech och zinmlech gudd (hun den Plantronics p90 oder sou, hun deen schon bessen méi laang).
Och fir den Musekgebrauch ze gebrauchen denken ech. An sin och bequem, kriss d’Ouren just waarm no enger Zaitchen ;)
Dann hues de zwar och emmer en Mikro drun, wees net op dech daat stéiert.
Dass du der de Béier och sou hells wees ech. Nondikass. :P Merci awer fir d’Tipps. :)
Beim Portapro stéiert mech elo e bessen dass en den metallnen Bou huet, ech kann mer net firstellen, dass dat op Dauer angenehm ass um Kapp.
Dee vun Sennheiser par contre gesäit intressant aus, an ech sin och éischter op der Sich nom subtilen Klang. :) Merci!
Den Plantronics p90 schéngt mer wierklech éischter op Gamer gemenzt ze sin, an där sin ech keen. :D An den Mikro färten ech géing mech awer bessen stéiren. Merci awer trotzdeem fir den Tipp! D’Creative Zen Aurvana verhaalen ech mer awer trotzdeem emol wann ech mer dann endlech een MP3 Player kaafen, si schéngen effektiv relativ gudd ze sin. :)