Ech hun d’Menübar mol geraumt (lo sin ech déi domm Spotlight Lupp schon zwou Wochen lass an ech vermessen se nach emmer net… dat an d’Menübar ze setzen war wuel ee vun den sennlosen Features vum 10.4) a mech ameséiert aus deser Foto eng Nuetsopnahm ze maachen, dass den Desktop souvill wéi méiglech schwaarz ass ouni total eidel ze sin (dat wier mer dann awer ze langweileg).
Ech wees net, ob et méi Zen ass, mee et gefällt mer nawell elo sou. :)
Screenshot, déi zweet
Published on
in
Comments
-
Och wann et keng Roll spillt, mee mir gefällt deen do besser wéi deen aneren :)
-
very pretty :)
wei war dat mat nemmi sou frivol sachen um blog bloggen ;) net dass ech mech beschweieren … -
Ech sot ech géing näischt privates méi bloggen. Geleegentlech e bessen Irrelevantes muss awer nach sin. Zumols jo anscheinend eng Rei Leit dat wellen. An ech dinn menge Lieser gären Gefaalen. ;)
Leave a Reply