Wi d’Kichelchersmonster matdeelt, ass b352.com aus bislaang ongeklärten Ursaachen vum Netz verschwonnen. Den Abschiedstext léisst leider keng Schlussfolgerung zou, wat genee mam Site geschidd ass. Dee leschten Post koum ouni iergendeng Indikatioun, dass et geschwenn eriwwer wier an och de Fait, dass Reklamm gemaaach gouf fir dat éischt Bloggertreffen huet a kenger Hisiicht drop higewisen, dass b352.com nemmen kuerz Zäit méi spéit net méi wert ennert eis sin.
Eenzeg ass kloër, dass mam Enn vun desem Blog der lëtzebuerger Blogosphär ee vun sengen beschten Memberen verluer geet an et vun all sengen treien Lieser a Co-Blogger wert härzlechst vermesst gin.
Et war eng Éier däi Blog hun dierfen ze liesen b352 an eng onvergiesslech schéin Zäit “mat blink182 ouni link a mat 18 x 2 – 1”. Wat och emmer deng Pläng si fir d’Zukunft, d’Blogosphär wenscht der vill Erfolleg an vill Spaass domatter. Wee wees, vläit kriss de enges Dags erem Loscht ze bloggen, mir géingen dech op alle Fall erem voller Freed mat openen Ärm an eiser Mëtt ophuelen.
Merci fir alles.
Leave a Reply