Ok… Also ech hu grad Diggnation #69 gekuckt an alt nees hu se dovunner geschwat op London ze kommen. Dat kennegen se elo schon zanter Méint un (zanter Juni oder Juli mengen ech), mee elo koum endlech mol eppes méi konkretes: de Kevin Rose well fir säin 30. Gebuertsdag Vakanz zu London maachen, an huet gemengt dann kéinnten se dann an engems hier Live Episod do maachen. Firwat ass dat cool obwuel ech ronn dräi Stonnen vu London wech wunnen? Well säi Gebuertsdag den 21.2. ass, an dat an där Woch ass wou ech keng Coursen hun, also kéinnt ech dohinner goen, och wann et op engem Wochendag ass. :D
Wéini ass Fuesvakanz? Well ech géing mol schätzen do géing mäi Brudder sech dann och freen… :)
Also den 21. Februar ass Fuesvakanz!!!!
an jo ech giff mech freen!!! *g*
DIGGNATION JUHU!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! KEVIN ROSE AND ALEX ALBRECHT rule!!!!
Hoffen, dass se et dann maachen! Daat wär eng gäil (en besschen spéiten, mee megagäil) 18. B-day Party.
Mettwochs moies op London, mettes Staat ukucken, owes Diggnation. Donneschdes moies nach e bessen duerch Staat, Mettes an den Fifteen an Nomettes rem zeréck op Treforest. Ech bieden dass se tatsaach déi Woch op London kommen. :D Dat wier effektiv esou onendlech genial. :)