5 Auer an ech sin erwecht. Naja… nach. Soulues berouegt et sech dobaussen. Mee d’Party schéngt grad um Stack uewendriwwer weiderzegoen. Hach wat ass dat gudd, dass haut Sonndeg ass. An den Feieralarm moies um 6.45 hu mer jo och schon duerch, allze wahrscheinlech dass dat innerhalb vun dräi Deeg zweemol geschidd dierft et jo net sin.
:D fierwat bass de net am chat du kinns mech lo gutt oofhaalen fum schaffen :P
Sorry, mee nom posten hun ech mech an d’Bett geklaakt. Dunn huet mer d’Geknupps um Stack uewendriwwer och näischt méi ausgemaach, ech war einfach ze freckt… Ech mengen dat ass psychologesch Kriegsféirung, si wellen nemmen, dass mir freckt sin wann déi nächst Schluecht kennt. ;)