Frun en puer Stonnen hun ech dem Serge de Songbird ugin als Alternativ zum iTunes. An natirlech hun ech mer en dann elo och mol erofgelueden an e bessen domatter ronderem gespillt. Fazit: eng knapp Stonn bis zum totalen Crash. An dobäi wollt ech just d’Fenster miniméiren.
Songbird huet also definitiv nach esou seng Macken. Mee t’ass jo nemmen eng Developer Preview. Den Interface gefällt mer awer, obwuel faarwlech extreem schwaarz am Windows Vista iwwerdriwwen Mac OS X 10.4 Design, ass en intuitiv. D’Méiglechkeeten mam Songbird ze surfen an d’Lidder vun enger Säit direkt kennen ouni vill Emstänn am Player ze lauschteren ouni se mussen erofzelueden, a se mat engem Klick kennen an d’Library setzen, sin enorm praktesch.
Et feelen awer nach e puer Saachen:
1. Integratioun vum iTS
2. Ofspillen vun M4P Dateien
(Béides läit mengen ech net bei Songbird, déi kéinnte wuel wann se dierften).
3. Handling vun RSS Feeds. Ech well net op Odeo mussen zeréckgräifen fir meng Podcasts z’organiséiren, dofir huet den iTunes mech schon vill ze vill verwinnt. En plus haassen ech Webapplikatiounen an alles wou ech firdéischt muss e Browser opmaachen ier ech kann lassleen.
Fir eng Versioun 0.2 gesäit de Programm awer schon relativ duerchduecht aus – sou wéi een et vun Mozilla, well dorop ass de Songbird emmerhin gréisstendeels baséiert – gewinnt ass. Ech sin op alle Fall gespaant an freen mech op 2007 wann d’1.0 rauskennt.
Leave a Reply