Skip to content

Endlech!

Et ass gepackt, dat nervegst Evenement vum Joër ass iwwerstaanen. Voller Stolz kann ech behaapten, dass ech dest Joër keen eenzegen Cent do geloos hun an och verhennert krut, méi ewéi zweemol dohinner geschleeft ze gin. Kee Spill an och kee Gedrénks oder fettegt Iessen hu mäi Moo dest Joër ugegraff, wat firun allem un den total iwwerdeierten Präisser läit: iwwert 6 Euro fir en klengt Stéck Pizza an eng Fläsch Waasser – fir manner Geld krut ech nach 5 Minuten firdrunner ee Maxi Menü plus ee gratis Colasglas an enger aschlägeger Fast-Food Kett – ass dach iwwerdriwwen. Jo, ech war esou guer um Mir-hun-de-Kéis-vun-der-Fouer Owend an der Aula – mat 1.50€ fir de “Béia”, dat si sozial Präisser!

D’Knuppautoen fueren bei Reen ganzer dräi Minuten, bei guddem Wieder 2:26 Minuten, am Sportpalast stoungen all Dag déi selwecht “Zuschauer” an eng Attraktioun huet schon firun Fouerufank aus Sécherheetsgrenn missten ofgerappt gin. E puer ganz Verréckter hun sech dest Joer mat 8 Tier/Minut op enger Ax an 13 Meter Héicht ronderemschleideren geloos, den Top Spin huet kee Mensch méi intresséiert – bei deem Gequietschs leeft schließlech all Verstännegen Mensch fort -, bei enger Lotterie ass ee vun den Verléirer duerchgedréit, huet gejaut a wéi verréckt ronderemgefuchtelt a beim grénge Spill stoungen natirlech erem déi üblech Verdächteg. Dovunner ofgesin huet et permanent op der Kräizung um Rond Point Schuman gestaut, nach méi ewéi soss. Eng hallew Stonn op der rouder Bréck ass nerveg, zumols wann een fir d’Mettegiessen an d’Staat wollt an verdammt hongreg ass.

WitzegIntressant… Eigentlech ouni Belang war dest Joer d’Zuel 666, mee leider huet déi och net dozou gefouert, dass alles ofgefaakelt ass – natirlech an der Nuecht wann keen do gewiecht wier, well sou schlemm sin ech jo schließlech awer net.

Iwwerdreiwen ech net e bessen? Nee. Ech verstin nämlech ems Verrecken net, wéi ee kann e Verméigen ausgin, fir 37 Sekonnen Achterbunn. A wisou soll ech mech firum Schwarzwaldhaus tescht d’Leit quetschen oder an der Keelt de Leit beim gréngen Spill nokucken wéi se sech d’Kuerzzäitgediechtnis ausradéiren?

Kéinnt mer d’Fouer dann net einfach egal sin? Nee. Do spuken iwwermoosseg vill negativ Assoziatiounen mat der Fouer a mengem Kapp ronderem. Mäi Bop gouf um Glacis bäigesat, eng Stonn ier d’Fouer offiziell opgaangen ass, an trotzdeem huet een d’Leit schon héiren op de Spiller vun all deenen geldgieregen Idioten jäizen. Dat ass awer natirlech net den Ausléiser fir mäin Dégout un der Fouer, mee eben leider just dat lescht trauregt Evenement an enger ganzer Rei déi sech iwwert déi lescht Joeren erstreckt. Da gouf ech och nach eng Kéier staark vun Kolleegen enttäuscht an ech hunn eng wierklech fein Persoun kennengeléiert, déi e puer Wochen duerno gestuerwen ass. An sou weider… you get the picture.

Gett et doriwwer eraus net esoulues lächerlech, dass de Staater Gemengerot all Joers op een neits an d’Kamera grinsen kennt, wann d’Fouer offiziell opgeet, an si sou maachen wéi wann hinnen déi Traditioun déi zumindest e bessen Liewen an e Quartier vun der Staat bréngt wichteg wier, während se déi aaner 364 Deeg vum Joer nemmen domatter beschäftegt sin, d’Liewen aus der Staat erauszehaalen? Ee Benefizkonzert um Knuedler gett Enn Juni um 22.30 ennerbrach, well d’luxusverwinnten Futzien an hierem Goldbettchen net kennen aschlofen, Caféen wéi de Wëllen Mann gin aus deem zimlech selwechten Grond zougemaach an een béiswellegt hartnäckegt Gerücht hällt sech, dass an der Hollrecherstrooss och geschwenn Rou akéiert – wat fir eng Hypokrisie vun de Politiker, dann d’Fouer ze feiren!

Wat ass dann mat de Forrainen? Jo, déi géingen all hier Plaz verléiren wann d’Fouer zougemaach géif ginn, oder éischter, si hätten een Evenement manner am Joer wou se kéinten hin. An zumindest dat kléngt Meedchen, et wärt der knapps 5 gehaat hun, wat ganz stolz op säi Papi war deen bei enger Lotterie mam Mikro an der Hand do stoung, léisst mech indirekt Matgefill fir déi Leit emfannen.

Ech bezeechnen mech als Anarchist, an ech well de Leit dat huelen, wat verschiddener ennert hinnen esou vill Freed mecht. Dat ass zwar iergendwou traureg, mee dann gesin ech direkt erem eng Onmass u schlechten Erennerungen firun mengen ëneren Aan. An am Moment sin déi méi staark.

Gett et dann wierklech guer näischt positives un der Fouer? Dach, d’lescht Joer hun ech ee gudden Kolleeg 18 Méint nodeems en an den Kanada ausgewandert war op der Fouer erem getraff. Mee eigentlech erennert mech dat dann erem nemmen drun, dass en elo erem fort ass.

An 345 Deeg geet et weider. Wat ech mech freen.

9 thoughts on “Endlech!”

  1. Färtert! ;)

    Sou schlemm fannen ech d’Fouer awer net. Ok, et sin eng Retsch Leit do wou een sech freet an waat fir Höhlen déi soss d’ganzt Joer sou wunnen an d’Iessen ass fetteg an iwwerdeiert. Mee muss een jo och net all Daag dohinner goen!

    Sou 2, 3 mol pro Joer fannen ech awer ganz ok an leschteg. Vive den Airmaxx!!

  2. Ech haalen et aus, soulaang ech net méi wäit wéi bis firun d’Entrée kommen. Woubäi ech dann do normalerweis de Leit begéinen déi ech am léiwsten net géing gesin. :D

  3. Fouer as schein a gutt, wann se gutt weit fort fier. wann ech kucken weifill zeit ech am taxidengscht lampertsbierg-stadt vertrullert hun an weifil nerven et kascht huet … thierry mach nie den führerschein.
    dei leit dei um lampertsbierg wunnen sin all net besonnesch begeeschtert, den mehrwert fun der fouer as gleich null wei den thierry et schon ausfeierlech erklärt huet :P an d emmerdementer sin nawell relatif grouss

  4. also ech empfanen fouer als net esou schlemm… Okay, chaos um lampertsbierg, an ech hun matleed mam Serge, mee dei die iwwert d’preisser vun denn Spiller jeimeren? Mussen jo net drob goen! Et gin souwiesou nemmen 2 wirklech cool spiller… eent ganz uewen an eent gaanz ennen! Go-Kart fueren ass all joer rem witzeg, an grengt spill :D Naja do geseit een all Joer dei selwecht leit, an genau daat ass esou cool dorunner :D

  5. Salut
    Also du sees d Iessen wir fetteg op der Fouer, wei ass et dann mam Maxi-Menu ? :) Du hues awer Recht mat der Fouer. Et steiert mech mei drun dass soss neierends mei eng Leeft.
    Waat d Hollerescher ugeet, dei Cafeen sollen an Clausen bei d aal Brauerei kommen. Den Problem ass effektif dass et manner get am allgemengen. Dat sot mein Papp mer schon an deen ass net oft rausgang wei en jonk war. D’Staat get no an no eidel, et gin vill Luxuswunnengen ageriicht dei keen sech leechten kann ausser Pdgen vun auslaenneschen Banken :)
    Mir dirfen net vergiessen dass eis Staat keng Unisstaat ass, obwuel eng Uni do ass… et ass einfach keen Angebot do fir eng Haaptstaat. Ech kann mech erenneren dass eng RIESEG Disco sollt zu Hamm upgoen, mee dei huet d Komodo-Inkomodo Prozedur net iwerstaan. D Awunner hun gefahrt dass dei gewessen Disco, dei an der Industriezon (!) geif opgoen, d Rouh vum Durf geif zersteieren. Dobei huet den Findel do secher mei derzou beigedroen. Neierdengs erweschen ech an der Nuercht wann eng Boing rofgeet.

  6. De Maxi Menü war awer méi belleg. An et war wäitaus méi wéi dat klengt Stéck Pizza oder déi louche Grillwurschten. ;)
    A Clausen? Ech waarden op déi éischt Biergerinitiativ. Schäiss NIMBY Syndrom.
    Du brauchs mir net ze soen, dass mer keng Uni Staat sin, ech hun elo ee ganzt Joer do probéiert meng Zäit tescht de Coursen doudzeschloen. ;)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *