Dee Satz ass scho praktesch Alldag bei hiesegen Bäckeren. Trotzdeem kucken se een nach emmer wéi verkueltent Brout wann een no engem escargot freet. Mee hey, net jiddereen kann no zwanzeg Joër schon een ganze Vokabel beherrschen, kleng Kanner brauchen emmerhin och e puer Joër ier se e komplette grammatesch korrekte Saatz an enger Sprooch ronn kréien.
Wat ech deser Deeg erliewt hun ass awer bis elo a mengen Aventuren beim Bäcker eenzegarteg: ech wollt ee Muffin bestellen – souwäit sou gudd. D’Verkeeferin war, wien wonnert et, franséisch, also hun ech firdéischt emol iwwerluecht wéi dann eventuell dat franséischt Wuert kéinnt dofir sin. Vu dass mäi franséisch awer relativ agerascht ass an ech dat franséischt Wuert fir Muffin aller Wahrscheinlechkeet no wuel souwisou ni wousst, hun ech, nodeems se mech ugekuckt huet wéi wann ech géing an eng Zwangsjacket gehéiren well ech “un muffin” wollt, décidéiert drop ze weisen an mat engem herrlech lëtzebuergeschen Accent “ça!” ze soen. Normalerweis betounen ech mäin Accent natirlech net esou, mee wann ech scho muss mäi Kaffiskichelchen op franséisch bestellen well d’Verkeeferin ze domm ass d’Sprooch vun deem Land ze léiren an deem se hier Suen verdéngt, muss dat einfach sin. En plus war ech gereizt.
Dat alles hätt ech awer wuel nach kennen ewechstiechen, mee dat stärkste Stéck war dunn, dass d’Verkeeferin an engem onbeschreiwlech bevirmondenden Toun (!) iwwert hier mat iwwerdriwwenem rouden Lëppesteft gefierwten Lëpsen folgend Wierder ausgestouss huet: “ah, un petit cake!”.
Dee Satz hei huet mer wierklech op der Zong gebrannt: “Yeah, and one brown loaf – wait, make it two – and three chocolate marshmallows. And I think I’ll take a Chelsea bun, too. Come on, a bit faster biatch! I ain’t got time to loiter!” Mee t’war kee Schwarzbrout méi do a wahrscheinlech hätt ech déi domm Schness déi se doropshin geschnidden hätt misste bluddeg schloen – ech maachen mer d’Hänn awer net knaschteg wéinst sou eppes.
Leave a Reply