E neien Rekord opgestallt. Scho nees. Vun en Donneschdeg op e Freideg innerhalb vun dräizéng Stonnen zweemol an der Urgence – an domat véier mol innerhalb vun zwou Wochen. Zweemol, well ech dem Dokter an der Urgence nuets net getraut hun, vu dass dee mer schon emol direkt ee Medikament opgeschriwwen huet fir d’Nues opzemaachen, ouni mech iwwerhaapt emol ze froen op déi zou wier (war se net). Esoulues hun ech et definitiv saat. Des Kéier huet mäin Ouer schlapp gemaach, well soen ech hu nemmi ganz vill op der rietser Säit héiren (an d’Gehéier kennt och nemmen lues a lues rem), also den Ufank vun engem H??rsturz. Fazit: 9 Deeg op Cortison, 4 Deeg ee Mëttel fir de Blutfloss unzekurblen (ergo keen Alkohol) an haut de Metteg d’Audiometrie (gottseidank besser ausgefall wéi gefaart).
Ajo, a wéi ech freides mettes bei den RCM war fir all déi divers Krankeschäiner plus Schoulcertificat mol ofzegin, fällt mer en Adapter een Zantimeter frun der Nues rof, well deen um Paternoster (e Megamat) gepecht huet an de Colle lass gaangen war.
Wat mech awer bei wäitem am meeschten opreegt ass, dass ech mat mengem Ouer net kann mat op d’Nature One goen. H**re Sch****!
Ass d’Liewen net schéin?
Leave a Reply