Net vill (Gescheites)

Mir ass grad opgefall, dass et hei a leschter Zäit ongewéinlech roueg ass. Dass ech dat firdrunner mol net gemierkt hun, läit wahrscheinlech dodrunner, dass ech e puer Deeg guer net u (mengem) Computer war. Negativ Konsequenzen hat dat dann elo och schon: ech krut 126 Spammailen an mäin iTunes ruddert grad kräfteg fir all déi Podcast Episoden rofzelueden déi ech elo nach all nozehuelen hun.

Firwat war ech déi ganzen Zäit op Internetentzug obwuel elo Vakanz ass?
– Ech hat just zwee Deeg Vakanz, an zwar de Weekend, vu dass ech zanter e Méindeg all Dag vun 8 bis 17 schaffen – 8 Stonnen Deeg missten ofgeschaaft gin.
– Ech war all Owend raus, wat wahrscheinlech meng momentan Middegkeet erklärt, an owes spéit / moies fréi ass eigentlech déi Zäit wou ech normalerweis um Computer hänken.
– Eng Rei gudd Frenn si nees am Land no villen Méint wou ech se net gesin hun, do bleiwt déi virtuell Welt eben mol e bessen op der Streck.
– Da gin et nach perséinlech Grenn, mee dat elo hei breet ze treppelen wier respektlos.

Lo wou ech schon eemol rem eppes hei posten: gidd Scary Movie 4 op kee Fall kucken. Nodeems ech en Méindeg den Owend mat enger Frendin nom Iessen – endlech mol rem eng Kéier chinesesch :) – spontan an de Kino war an ech do e puer Kolleegen begéint hun, déi de Film scho fir d’zweet kucken koumen, hun ech mer geduecht sou schlemm kéinnt et jo net sin an war averstaanen e kucken ze goen. Drécke mer déi Saach emol sou aus: den einsamen Highlight vum Film war, dass d’Conchita Campbell matgespillt huet – mee leider ass et nemmen knapps zéng Minuten ze gesin. En klengen Liichtbléck war nach de Bill Pullman, wat zumindest cool war, well hien am bellegen amerikaneschen Remake vun Ju-On (The Grudge) matgespillt hat, an dat een vun de Filmer ass, deen se duerch den Dreck zéien, mee dee war awer leider sou ennerfuedert mat senger Roll, dass et net auszehaalen war em nozekucken.

Wat seet d’Arbescht? Logescherweis schaffen ech nees do wou ech bis elo nach all Joër geschafft hun: beim RCM (jo, déi mat der Reklamm um Eldoradio “t’gett näischt wat et net gett” – dee Sproch stemmt iwwregens méi wéi ee géing mengen, vu Buerfräsmaschinen iwwert Flachmänner an Zippoen bis hin zu Bitzmaschinen gett et Tatsaach alles :)). Bis elo hat ech net vill ze din, mee de Metteg gouf awer sou lues de Bierg Arbescht erkennbar, deen an de nächsten Woch z’erwaarden ass: dee neien Katalog muss färdeg gemaach gin fir d’Porte Ouverte Enn September. Witzeg ass et awer allemol, dest Joër emsou méi, well ech bei hierem neien MediaOp – de Sysadmin huet firun e puer Wochen gekennegt a sech nees selbsstänneg gemaach :( – am Bur?? setzen, deen e puer Méint Portier an engem vu mengen aalen Lycéen war well en soss keng Plaz krut, an do kann een sech dann natirlech härlech Geschichten verzielen. :)

Déi nächst Deeg wert et och weiderhin zimlech roueg hei sin, well dat wat ech firdrunner opgezielt hun nach emmer gellt an nach Arbeschten un e puer Episoden Summer TV op mech waarden – déi zweet Episod huet de Cyrille iwwregens scho färdeg montéiert, ech maache méi Bescht d’Postproduktioun sou séier wéi méiglech färdeg ze kréien.

Wien tatsächlich bis heihinner ukomm ass, hei ass eng Foto vu mengem Schreifdesch beim RCM – jop, dat sin zwee Bildschirmer an dat fir ass keen Toilettepobeier, mee fir den Ueleg vun all deem klenge Geschier rofzemaachen wat ech knipsen muss a natirlech fir sech d’Hänn ofzemaachen. Ech fannen dee neien Bureau iwwregens top, wann ech dat mat mengem Schreifdesch zum Beispill vun 2004 vergläichen (direkt ennendrenner). :)

Published on

in

Comments

  1. Raffael

    Maachen se och laver gravure an Powerbooks fun Apple? Ech wollt mer scho sait mei laang do iergendeppes dragraveire lossen :)

  2. Serge

    wee liest dann net tatsach en neien blogantrag ferdeg tzzzz wat eng idee. dee b?ºro as immens :D sou een well ech och.
    majo as schued dass de net online bas mais as jo net ze ?§nneren. 8 stonnen deeg sin grausam do gin ech der recht ;). mais du mechs jo awer nach relatif interessant sachen.
    mat deenen froen wou den sysadmin sech rem geschlo huet wonnert et mech net dass en sech selbst?§ndeg gemach huet :D

  3. Ech wees et net, ech wees just dass se Maglite grav?©iren. Mee ech kann dat awer muer emol nofroen. :-)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *