An der lëtzebuerger Blogosphär gouf déi leschten Deeg an e puer diversen Artiklen d’Thema Nationalfeierdag a Patriotismus behandelt, beim b352 gouf et dann elo eng Reaktioun dodrobber. Well mäi Post geschter zum Nationalfeierdag pur Provokatioun war, well ech dat Thema dann awer elo och eemol serieux behandelen.
D’Geschicht vu Nationalfeierdag misst mettlerweil geklärt sin, allerdéngs schéngen sech d’Geeschter zum Senn vun desem Fest ze spalten. Ass et Patriotismus wann een säin Herrscherhaus op engem Dag feiert dee méi dem Wieder ze verdanken ass ewéi soss eppes? Hu mir hei am Land soss keen Evenement dat mer kéinnten feiren wéi einfach op Jangendag dee mettlerweil misst Hengendag heeschen, mee mir kennen de Kalenner jo net extra emänneren, e Stroossefest mat Freedefeier z’organiséiren? Do wier zum Beispill den 9. Juni well op deen Dag am Joër 1815 de Wiener Kongress eriwwer war a mir domatter offiziell een eegenen Staat goufen.
Brauche mir Nationalfeierdag dann iwwerhaapt? Jo. Et ass deen eenzegen Dag am ganzen Joër, wou eppes an der Staat lass ass an een sech net no 18 Auer firkennt wéi an enger Geeschterstaat aus engem bellegen Horrorfilm. Ech gin zou, ech fillen mech net als Lëtzebuerger mee als Mensch, wéi ech och schon an engem Kommentar beim Joël am Blog kloër gestallt hat. “Mäi” Land gett et net. Villäicht läit dat awer och dodrunner, dass déi lëtzebuergesch Gesellschaft menger Meenung no ze blann hier Nodeeler unhëllt an iwwerhaapt ech nemmen selten dat Gefill hun, Lëtzebuerger wieren e frendlecht an hellefsbereet Vollék. Sin ech do net selwer mat dru Schold, dass eist Land net frendlech ass? Villäicht, mee ech maachen mäi Bescht fir no baussen en gudden Androck ze hannerloossen, an et mécht mer och näischt aus, e puer asiatesch Touristen duerch déi hallew Staat ze guidéiren well se onbedengt wellen d’Méchelskierch gesin. Och en briteschen Tourist hun de Gilles an ech schon eemol owes duerch d’Caféen guidéiert, bis en dann dunn endlech een fonnt hat, deen em zougesot hat (nodeems mer em erklärt haten, dass de “red light district” awer definitiv ze wäit ewech wier fir en dohinner ze bréngen). Gudd, dat ass villäicht alles net am Sënn vum ATB, mee emmerhin muss een och tëscht blödsinnegen Ideen an reellem Liewen ennerscheeden kennen.
Ass den 22./23. Juni ee rengt lëtzebuergescht Fest? Villäicht gett deen Owend wierklech dat Gefill vun enger Zesummenghöregkeet gefestegt, mee deenen meeschten Jonken ass et geschter wahrscheinlech haaptsächlech em de gratis Béier aus dem Battin Woon an em all dat anert Gesöffs gaangen. Obwuel ech näischt mat Nationalfeierdag als solchen um Hut hun, gin ech zou, dass et awer en flott Gefill war, an ee Bus voller Leit ze klammen, déi all dat selwecht Ziel haten: Spaass. Ongewinnt dest Joër war fir mech, dass ech Nationalfeierdag bis op eng Persoun mat Leit gefeiert hun, déi ech firdrunner allenfalls mam Numm kannt hun. Villäicht war et dat Gefill vun Zesummengehöregkeet, dass mer eis allerguer direkt esou gudd verstaanen hun, mee wahrscheinlech net, well dobäi waren och zwee Leit aus der Belsch, déi sech eemol Lëtzebuerg ukucken kommen wollten, an domatter also guer net vum “Virus” lëtzebuergescht Zesummengehöregkeetsgefill erfaasst goufen.
Hellef, ech feiren dee lëtzebuerger Feierdag schlechthin mat Auslänner! Dat wier geféierlechen Patriotismus. Sou war et awer net, ganz am Géigendeel hat keen vun eis en Probleem domatter tëscht lëtzebuergesch an franséisch hin an hier ze wiesslen an déi Leit mat feiren ze loossen.
Iwwerhaapt awer war dest Joër Nationalfeierdag erem aussgewéinlech (erem, well d’lescht Joër den 22. Juni virun allem den Dag war, ier ech op Lloret geflunn sin), well ech firdéischte Kéier d’Relève vun der Garde kucken war, wat elo net wierklech impressionant war. An ech krut d’Virbereedungen op der Neier Bréck mat, an wat déi do fir Kabelen ronderem leen ouni den Iwwerbléck ze verléiren ass enorrm impressionant, och wann d’Freedefeier, mat Haaptattraktioun Péitrussedall am Schwiefelwaasserstoff, zu engem groussen Deel an virun allem déi iwwerdriwwen New Age ugehauchte Musék éischter enttäuschend waren.
Um Enn vum Owend spéiden Ufank vum Moien war et dunn schued, dass et eriwwer war, mee emmerhin war d’Staat fir en puer Stonnen esou, ewéi se emmer kéinnt sin: voller Liewen. A, ganz éierlech, dee Moment war et mir ganz egal op lo do een Grand-Duc gefeiert gett oder soss eppes.
Leave a Reply