Bürokratie

Fir ewech, heimat well ech mech net opreegen, ech well meng Lieser just e bessen ameséiren: Zwou kleng Anekdoten fir déi Leit, déi sech froen wéi bürokratesch eng Uni eigentlech kann sin. :)

Fänken mer un mat der Umeldung fir d’zweet Semester op der Uni Lëtzebuerg.
1. Schrett: Et muss een sech op der Uni op engem Computer aloggen a säin Passwuert änneren, dat ee bei der Umeldung krut (wat awer komescherweis kee krut).
2. Schrett: D’Passwuert rausfannen, sech aloggen, d’Passwuert änneren (dat huet mussen Buchstaawen hun, Zifferen an wann ech mech richteg erenneren och een Underscore oder Minus. Bon dat hu meng souwisou emmer, also kee Probleem).
3. Schrett: Formulaire nokcuken op all d’Daten korrekt sin, op “Semestre 2” klicken an dat Ganzt rausdrécken.
4. Schrett: Op d’Uni an den Büro 1 ee gréngen Ziedel (et huet onbedengt missten dee Gréngen sin!) mat engem Stempel sichen goen.
5. Schrett: An den Büro 2 goen, wou een dann een Sticker op d’Studentenkaart gepecht (!) kritt, dass een och am 2. Semester nach op der Uni ass.
6. Schrett: 100€ per VISA (eppes anescht hun se net geholl, och kee Cash) iwwerweisen.

Bei deem Ganzen dierf een elo natirlech net de Feeler maachen wéi ech, dass een als Ignorant direkt an den Büro 2 geet, ouni ze wessen, dass dat den Büro 2 ass an dass et ee Büro 1 gett, well dann gett een vun e puer nerv??sen Leit an den Büro 1 geschéckt, well een jo onbedengt deen gréngen Ziedel mam Stempel brauch.

Dat alles ass awer nix géint d’Umeldungsprozedur fir op eng britesch Uni.

1. Schrett: Et muss een sech bei UCAS umellen fir 6 Unien (méi geet net). Dann muss een sengem Proff bescheed soen, fir dass deen dat Ganzt kann ofschécken (well dat kann een net selwer maachen).
2. Schrett: UCAS seet der Uni bescheed, dass een sech ugemellt huet, schéckt hinnen d’Empfehlungsschreiwen, den Essay firwat een well ausgerechent dat Fach studéiren (sou motivéiert an firun allem originell wéi méiglech, well deen Essay ass entscheedend) an d’Noten vum Premièresexamen. Déi 3 Saachen sin natirlech obligatoresch, wann eppes feelt gett d’Umeldung vun den Unien ignoréiert (ausser natirlech et huet een Resultater vum Examen nach net an gett un dass een déi noschéckt).
3. Schrett: Et kritt ee vu UCAS 6 Bréifer, wou all Kéiers drasteet, dass déi respektiv Uni een hellt oder och net. Ausserdeem stin dann do allkéiers d’Conditiounen dran déi d’Uni engem stellt fir definitiv ugeholl ze gin. (Wann een gudd genuch ass, kann et och sin, dass ee guer keng Conditiounen gestallt kritt, dat Gléck hat ech souguer bei diversen Unien :D).
4. Schrett: No deem 6. Bréif geet een op de Site vu UCAS an den Webinterface “Track”. Do wielt een dann un, op wéi eng Uni een elo well goen.
5. Schrett: Doropshin kritt een e Bréif vun UCAS, dass si der Uni lo gesot hun dass ee kennt. Da muss een ee Formulaire vu UCAS ausfellen, an deen un d’Uni schécken, fir dat anch eemol ze bestätegen.
6. Schrett: Da kritt een vun der Uni ee Bréif geschéckt, dass een demnächst een Bréif vu UCAS kritt.
7. Schrett: Da kritt ee vu UCAS ee Bréif geschéckt, dass een elo definitiv op där Uni ugeholl ass (firausgesat et kritt een d’Conditiounen erfellt, wéi eben zum Beispill déi Leit déi nach mussen d’Resultater vun hierem Examen eraschécken, oder mol nach hiert aktuellt Joër packen).

Domat sin ech ab September dann definitiv op der Uni zu Glamorgan. :) T’war jo och guer net sou schwéier. :)

Published on

in

Comments

  1. Jo d’Uni L?´tzebuerg er?´nnert mech un “Asterix und Obelix” bei den R??mern. Do laafen d?©i Aarm och duerch d’administratioun. :-)

  2. Wou ass dann de Problem? Klengt dach alles einfach a kloer!!! ;)

  3. Jo, effektiv, do hat ech mol guer net dru geduecht. :) Dat ass d?©i wou den Asterix an den Obelix stonnelaang vun engem Formulaire bei dat anert gesch?©ckt gin, nee?

    Jo, also bei UCAS kritt een och tonnen Informatiounen w?©i de System fonktion?©iert a wat elo als n?§chst geschidd, bei der Uni ass et bessen sou du gees mol kucken op een do ass, an dann l?©iss de dech iwweraschen wat geschitt. ;) Eigentlech emmer ganz spannend :D

  4. federico

    Gruseleg. Eigentlech ass et jo awer iergendw?©i fier sech opzereegen.

  5. Hun ech jo och emmer… Mee et ass mer elo einfach ze bl??d an ech sin es midd mech permanent opzereegen. :) An ech sin einfach frou, dass dat elo endlech op een Enn duer geet an ech n?§chst Jo?´r op enger Uni setzen wou se ee gudd St?©ck m?©i kompetent sin (zumindest hun se deen Androck gemaach, w?©i ech do war, an och d?©i divers Br?©ifer an Emailen d?©i ech krut waren informativ an op den Punkt). An mat UCAS sin ech jo elo och net m?©i geploot. T’ass also alles am Botter. :)

  6. Genau den Asterix an Obelix ass et. An zum Schluss dr?©ien sie de spiess ?´m. Ass zwar schons eng Z?§itchen hier, mais ?´mmer nees gudd :-)

    Dat sin vl?§it “d’Kannerkrankheeten” vun uni.lu?! Ka jo och besser gin, vl?§it, iergendwann.

  7. Jo, t’ass eppes vun deenen w?©inegen Saachen aus der Kandheet d?©i een och sp?©ider nach witzeg fennt. :)

    Also een D?§itschproff deen ech lescht Semester hat, sot am G?©igesaatz zum leschten Jo?´r wier de System schon enorm ausger?§ift… Ech well net wessen, w?©i katastrofal et firdrunner war, mee wann et an sou engem Tempo weidergeet, jo, dann verd?©ngt d?©i Institutioun an e puer Jo?´r vl?§it den Titel “Uni”. Dat ass mir dann awer egal, well au?üer als vl?§it als Unisproff kommen ech nemmi an dat Gebei rem. Woub?§i ech wahrscheinlech och net als Proff remkommen. Ech wees mol net op ech iwwerhaapt rem heihinner kommen. :-) Me soit, ech g?©ing zwar am Moment nach kengem uroden heihinner op d’Uni ze goen. :)

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *