Noten vu Première sortéiert. Nach eemol vill witzeg Zitater gelies. Nach emmer top: d’Sprech vum Här Dr Reis. (“Ich würde sowas nie freiwillig lesen, aber es ist mein Beruf.” – iwwert Der Tod in Venedig). Ech well dee Proff erem. :)
Lénks am Eck ass de Koup mat de Saachen déi vläit nach kennten netzlech sin (haaptsächlech Dommheeten wéi d’Lord of the Maths Geschichten, Blödsinnegkeeten aus dem Här Baustert (Relioun) senge Stonnen asw. Gett vläit iergendwann veröffentlecht). Dee Koup riets ennen ass fir an d’Poubelle, deen riets uewen fir ze shredderen. Hallschent vun den Hefter si vollgekrotzelt (“the world is burning”, déi éischt Säit vu mengem Mathésheft vun 3e, wat aus iergendenger Ursaach och nach do louch), déi aner si futti. Flitt och alles an den Drecksback.
An lo kann ech mech an d’Bett leen goen a soen: et war een erfollegräichen Dag. Wat ee Liewen. :D
Leave a Reply